Keng Chance

Ech froen mech op ech et alt hikréien naischtnotz fir e Méindeg online ze hun. Lo wou ech an de leschten Deeg radikal erem bei null ugefaangen hun well deen Design firdrunner e Bug hat deen ech ems verrécken net verbessert krut, streikt meng Internetverbindung elo. Zanter gëschter Owend kann ech keng Emailen méi empfänken déi op atnaischtnotzdotnet oder atthierryhelesdotcom geschéckt gin, an zanter de Metteg hun ech weder FTP Zougrëff nach kann ech d’Säit am Browser opruffen. De Problem läit anscheinend net um Server, dee kritt een wuel nach ugewielt wann een net grad vu mengem Laptop aus probéiert. En Traceroute verleeft bei mir an d’virtuellt Nirvana, also ass iergendwou bei engem Knuet e Problem. De 15. Méi wäit kommen ech nämlech net.

Jiddefalls sin ech elo shcon e puer Stonnen mam Techsupport amgaangen. Vu dass ech guer näischt kann op naischtnotz setzen, wollt ech iwwer dese Wee mol sou vill wéi méiglech Leit informéiren, dass et eventuell nach méi laang dauert. :(

One thought on “Keng Chance”

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *