Sou eng Professionalitéit gesäit ee net oft!

Den RTL Journal ass wéi gewinnt ganz kompetent an identifizéiert op Anhieb dee Mann lénks am Bild als Jean-Claude Juncker Arnaud Montebourg.

Ok, stemmt. Et muss een hinnen effektiv zougestoen, dass wann de Montebourg dann schlußendlech am Bild ass, en tatsaach op der lénkser Säit getreppelt kennt. Mee wien huet deem Monteur Voice-Over bäibruecht?

Jo, ech wees, dat ass schon e puer Deeg hier, dass dat am Journal war. Mee ech hun haut réischt déi ganz Woch emol nach nogeholl. :)

3 thoughts on “Sou eng Professionalitéit gesäit ee net oft!”

  1. Stemmt. Fannen awer och net dat et e Weltënnergang ass. Ech mengen hey, wéivill honnert Clips ginn et wou an der Tagesschau eppes schief geet? ;)

  2. T’ass jo awer net normal, dass ech mol no puer Méint eng Kéier erem de Journal kucken, an dat éischt wat ech héiren ass sou eng Dommheet. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *