À propos WordPress 2.1

Fir vun WordPress 1.5 op 2.0 ze updaten hat ech méintelaang gewaard, well ech zevill Negatives iwwer déi Versioun gelies hat. Bei 2.1 hun ech vill Positives gelies, also hun ech mer geduecht, dann kéinnt ech jo direkt updaten. Prompt gett et een totale Crash vun der Datebank.

No enger laanger Nuecht ass de Blog dann elo awer rem online. Mat WordPress 2.0.

3 thoughts on “À propos WordPress 2.1”

  1. Jo nawell… Bei mir stoung just nach “Unknown MySQL Error occurred” do wéi ech op Update geklickt hun a scho war alles fort…

    Iergendwéi hun ech et net sou mat Updates. Wéi mäi Laptop deemols total gecrasht war a mol nemmi ugaangen ass war och bei engem Update geschidd. :/

  2. Bei mir ass alles ouni Problemer gelaf. Mengen hun 1 oder 2 Méint no där éischter 2.x Versioun vun 1.5 aktualiséiert. An och soss kucken ech dat ëmmer alles relativ um aktuellen Stand ass ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *