Weider Saachen iwwer Blogdelux opgedeckt

Wat dat ominéist Bloggertreffen emmer méi no kennt, wat emmer méi pikant Detailer bekannt gin déi no enger Erklärung verlaangen. Verschidden “Blogger” (eis Ennerstetzung aus dem Ausland, de renomméierte däitsche Blogger Don Alphonso – dee Blogger also, deen zum Beispill d’Sécherheetsprobleemer bei StudiVZ opgedeckt hat – tituléiert se als Fakeblogger, ech si mettlerweil der Meenung, si sin einfach nemmen korrupt an hu sech kaafe geloos) hun an de leschten Deeg divers Auteuren aus der Blogosphär opgefuerdert, op de Blogdelux ze kommen, mam Argument si selwer hätten dat Treffen am Dezember 2006 ursprünglech gestart an Culture Buzz wier eréischt spéider dozou komm.
De Joël huet do allerdéngs eng brisant Entdeckung gemaach: Blogdelux gouf als Initiativ vum mettlerweil aalbekannten E. Vivier * gestart – am November 2006!

“Verdammt awer och,” denken se sech elo bei Culture Buzz, “lo hu mer eis esou gudd dru gin fir endlech iwwerzeegend ze léien, an dann stellen mer trotzdeem erem fest wéi bescheuert mer sinn.” Tjo, Dir Hären Vivier a Co. t’ass eben eng batter Welt. Freet sech just wéi Dir mat sou klägleche Manipulatiounsversich et färdeg bréngt, eng viral Marketingfirma net a Grond a Buedem ze versenken – ganz ouni Knall versteet sech.

Ausserdeem gett et am Joël sengem Post nach eng Kéier all déi opgeworfen mee weiderhin onbeenwert Froen an déi absolut Widderspréch an déi sech déi divers Membren vun der Partei fir de lächerleche Manipulatiounsversuch vu Blogger bis elo fläisseg verwéckelt hun nach eng Kéier am Iwwerbléck.

Hei liesen.

* Emmanuel Vivier / Culture Buzz / Vansken Group

4 thoughts on “Weider Saachen iwwer Blogdelux opgedeckt”

  1. Merci Thierry. Net nemmen fir desen Post, mee am allgemengen fir deng Ennersetzung.
    An ganz besonnesch fir deng Iwersetzung :)

  2. T’ass näischt, mir Blogger mussen dach zesummenhaalen. Zumols wou ech genau sou rose sin iwwert déi ganz, entschellegt den Ausdrock mee ech muss et einfach eng Kéier soen, Verarschung.

    Iwwersetzung ass gär geschidd, konnt ech zur Ofwiesslung mol erem eng Kéier an zwou Sprochen gläichzäiteg denken, déi Geleegenheet hun ech hei net allzeoft. :)

  3. Ahh, lo sin ech den beisen an verkaafen angeblech Bicher an organisieren Seminären fir déi en bezuehlen muss.
    Irgendwéi ass et fir d’Flemm ze kreien. Wou ass den Forum fir den Treffen vun “eis” (fir chreschtdaach virgesin) eigentlech hin? Lo, wou een en brauchen keint.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *