Verschidde Leit sin einfach vill zevill domm fir des Welt

Zum Beispill déi vu Blogdelux. Dee Krack deen hinnen nach gefeelt huet fir sech international (!) wirklech absolut lächerlech ze maachen hu se schlußendlech dann och nach hannert sech bruecht. An lo leet iech zeréck, huelt iech Popcorn an eng Cola a genéisst de Film. “Von den Machern von Der Fall von Marketingagenturen in Deutschland kommt Der Fall einer Marketingfirma in Luxemburg, basierend auf wahren Begebenheiten.” Ah jo, si droen dem Joël a mir elo och schon, dass mir ni eng Plaz fannen. Kloër, Leit déi Saachen hannerfroen an recherchéiren kennen well jo och keen.

Ech hun et elo jiddefalls definitiv saat. Leit déi eng Fro och no der 20. Kéier an no 4 Sproochen n a c h e m m e r n e t verstin, sin einfach ze domm fir des Welt. Mee nujee, an Däitschland si schon méi grouss Firmen u sou Skandaler zu Gronn gaangen. Fir onse Kolleeg den Don Alphonso dann zum Ofschloss ze zitéiren:

Liebe Vanksen Group, Ihr habt genau zwei Möglichkeiten: Die eine ist zugeben, was ohnehin offensichtlich ist. Die andere – nun, ich denke, Eure “Kunden” können googlen. Und ich kann mir nicht vorstellen, dass man Leute für das Blogmarketing nimmt, die eine derartig miese Performance von der initialen Lüge bis hin zum Verleumden desjenigen, der sie erwischt hat, abgeliefert haben. Das wird ein fetter Makel. Und der bleibt kleben. Da wird es Euch nicht anders gehen als diversen deutschen Agenturen, die ähnliches versucht haben.

The audience is listening.

7 thoughts on “Verschidde Leit sin einfach vill zevill domm fir des Welt”

  1. Ech maachen do jiddefalls net méi mat. Op eng Schlammschlacht loossen ech mech net erof, ech sin um Punkt déi vu Blogdelux einfach wurschtlen ze loossen (vläit nach ee leschte grousse Knall, mee hu grad kee Bock doropper…) an meng Energie op méi wichteg Saachen ze konzentréiren. D’Alternativ zu Blogdelux zum Beispill.

  2. Ech kann nemmen souvill soen, daat professionell Leit sech der Saach ungeholl hun… méi doriwer dann den Metten/Owend.

  3. Ech sin lo ereicht heemkomm. An an menger Fläsch Cola ass vill méi dran wéi an menger Fläsch Rum. Ech probéiren lo fir en passabeln, wann och leider net allze kaalen “Cuba Libre” an en Glas ze fellen, eng Schlupp ze huelen an bessi zweschen enger riesenlaanger Mail vum Emmanuel, mengen Andreck, déi net all all ze schlecht waaren (waat awer net heescht, daat ech keng Zweifeln méi hun oder culture-buzz lo cool fannen) ze wurschtelen an eppes ze schreiwen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *