Mrs President

And let me add one other thing, and I want to be very clear about this: if I had been president in October 2002 I would not have started this war. I would not. And if we in Congress, working as hard as we can to get the sixty votes you need to to anything in the Senat – believe me, I understand the frustration and the outrage; you have to have sixty votes to cap troops, to limit funding, to do anything – if we in Congress don’t end this war before January 2009, as President, I will.

Weider Punkten vun der Bush Politik déi et ugräift: steigend Armut, keen Zougang zur Erzéiung, den imminenten Zesummebroch vum amerikaneschen Gesondheetssystem, Opschwong vun der Ekonomie vis-à-vis vu China, an, dee wahrscheinlech mat Ofstand wichtegste Punkt, Opleenen géint d’Uelegindustrie a Recherchen am Beräich vun erneierbarer Energie.
D’Hillary Clinton wees op alle Fall wéi een e Waalkampf féiert – t’ass jo och net säin éischten. Bis d’Waalen ass et zwar nach laang, mee aktuell ass et meng Favoritin.

16 thoughts on “Mrs President”

  1. et huet den bush am ufang awer souweit ech wees an senger irak politik ennerstetzt ?
    :) si gespannt wei et do weidergeet

  2. Jo, t’haat fir den Irak Krich gestemmt. Sot jo et wees wéi een e Waalkampf féiert. :) Mee zumindest behaapt et emol, et géing de Krich beendegen. Dat ass emmerhin méi wéi de Bush seet.

  3. also ech sinn jo secher keen bush-fan an ech sin definitiv een fan vun den demokraten, mee ech bezeifelen ob d’Hillary soll déi richteg Persoun sinn.

    Verstitt mech do net falsch, mee ech mengen dass d’Amerikaner nach net prett sinn fir eng Fra op dësem héische Posten zehun, ceci dit ech gléwen net, dass d’US-Amerikaner an 1 an 1/2 Joër esou wäit sinn fir eng Fraa zewielen.
    En “einfachen” Trick vun den Republikaner ewéi bei der läschter Waal, wäert wann et sollt zu der Kanidatur vum Hillary Clinton kommen, ewuel duer goen fir dass d’Republikaner weider dësen Posten besetzen.
    (Réckbeck: Bei deenen läschten Waalen huet d’Republikanesch Partei an vielen US-Stäit zousätzlech zu der Presidentenwahl aaner Referdumen gefouert, ewéi zum Beispill: d’Ofdreiwung. Suite vun der Aktioun gans vill Léit, déi wuel als 100 % Republikaner (sprech 100 % konservativ) duerchginn, hun sech ugemellt fir wielen zegoen, fir sech géint déi “schlemm Saach” (sprech “Nee zur Ofdreiwung!”) zewieren an hun dunn eben och mat den President gewielt, also den G.W. Bush.)

    An bei den Demokraten selwer sinn ebenfalls vill Leit, déi géint d’Hillary Clinton sinn. An vu que dass d’Demokraten just offiziell eng “Majoritéit” am Senat hun, wäerten se wuel hieren Presidentschaftskanidat ganz gut erauswielen!

  4. Ok. Also… mäi wierkleche Favorit ass de Barack Obama. Dee war vun Ufank un géint den Irak an probéiert scho laang erneierbar Energie duerchzesetzen, net eréischt zanter e well Président gin.
    D’Probleemer bei deem sin awer leider zevill:
    1. Stin déi meescht Demokraten hannert dem Clinton, den Obama kennt réischt op zweeter Plaz.
    2. Ass et kee gebiertegen Amerikaner. Säi Papp ass aus Kenia an en ass op Hawaii gebuer.
    3. Heescht e mam zweeten Virnumm… Hussein.
    4. En huet eng donkel Hautfaarw.
    Ech well domatter absolut op kee Fall soen, dass déi Tatsaachen fir mech ee Probleem sin, mee enorm vill Amerikaner si nach emmer rassistesch. Och wann den Obama keen Afro-Amerikaner ass, seng donkel Hautfaarw ass fir genuch Leit en Argument en net ze wielen. Dass et kee “richtegen” Amerikaner ass, mee säi Papp Kenianer ass, helleft net dobäi. An den zweete Numm Hussein wierkt op déi mannsten Amerikaner positiv.
    Jo, d’Demokraten wärten hiere Kandidat gudd auswielen. Mee momentan ass hier bescht Alternativ d’Clinton. An mat där als Président kéinnt ech och gudd liewen. Deen eenzege Virdeel deen den Obama am Endeffekt huet: en ass och bei de moderate Republikaner beléiwt. Mee op dat duergeet, dass d’Leit him géingen hier Stemm gin amplaz dem republikanesche Kandidat woen ech ze bezweiflen.

  5. wat denken ech zumols geint den obama schwetzt : en hat 0-zeit fier seng campagne fierzebreeden am geigensaatz fum hillary.
    während hat dach scho ganz lang als präsidentschaftskandidat gehandelt gett as den obama en onbekannten sou ze soen …
    d hillary huet den bill hannert sech stoen an deen ass net grad onbekannt an kann bestemmt op leit zreckgreifen dei him während senger zeit gehollef hun
    leider sin d wahlen jo schein a gutt mee de sponser deen hannert der steet ass grad sou wichteg wann net mei wichteg well en et der ermeiglecht deng campagne duerchzezeien bis an dat klengst kouhduerf.
    en plus hun ech scho gelies dass grad afro-politiker fier et sou auszedrecken ech well kee blesseieren mee dat as deen eenzegen terme dee lo schnell beschreift wat ech mengen net hannert dem obama stin mais hannert dem hillary, menger meenung no keen sou gutt zeechen falls en op en vote aus der immigranten-szen hofft

  6. Den Obama fannen ech och et schlecht, mee ewéi dir schons soot sin seng Chancen op den Kanidatenposten zimlesch kleng.
    Allerdengs sinn ech gespaant, waat sech nach an deneen nächsten 12 Méint deet, a wéi een dass d’Rennen wäert maachen.
    Alt erem een Reckbleck *g* : Am Virfeld vun deenen leschte Waalen hun ewuel déi mannsten Leit mat enger Preisdentschaftskanidatur vum Kerry gerechent. Ech mengen esouguer, dass en 21 Méint vrun de Waalen deemols nach näischt (oder baal näischt) vun him héieren huet.

  7. Kerry/Edwards ware bei der leschte Kéier net d’Favoriten op d’Kandidatur, mee Aussenseiter, déi sech an déi Positioun geschafft hunn.

    De Problem vum Hillary ass, dass d’Amerikaner em net trauen, well et kënschtlech wierkt. Dat ass och ee Grond, firwat et fir de Kerry net duergaang ass. De Barack Obama huet dee Problem net, deem kafen d’Leit säin Optrieden of, well se wëssen, dass hannert him keng laang ugeluechte Campagne stécht. Wier ech Amerikaner, hätt hee méng Stëmm.

    Éierlech gesot, denken ech, sinn d’Amerikaner éischter bereet e Schwaarzen ze wielen, wéi eng Fra, mee begrënne kann ech et net. Méng Haaptsuerg ass dach éischter de republikanesche Kandidat, well wann de Rudy Giuliani sollt an d’Renne gon, da get et definitiv e ganz knappe Vote, wat ech beim McCain net ganz sou erwaarde géif.

  8. Ech sin der Meenung, dass et éischter fir den Obama schwätzt, dass e net vill Zäit hat seng Campagne firzebereeden. Wéi e wollt Senator gin, hat e praktesch kee Budget (am Verglach zu sengem Géigner) a vill Géigner an der eegener Partei an huet trotzdeem herno gewonnen.
    De Barack huet wéi scho richteg gesot gouf, net sou déi gekënschtelt Austrahlung wéi d’Clinton, mee gett als Otto-Normal-Bierger ugesin dee genau sou fir déi Aarm ewéi fir d’Mettelschicht do ass. Wat ech verdammt positiv fannen.
    Den Giuliani ass eigentlech genausou wäit wéi den Obama, en huet jo och schon déi éischt Schrëtt a Richtung Kandidatur ennerholl. Ech wees net ob wien déi republikanesch Partei setzen wert, mee ech tippen op den Giuliani. Mat wiem kéinnt ee besser optrumpfen wéi mam “America’s Mayor”?

  9. Jojo, wann een bedenkt dass den Effet “Otto-Normal-Bierger” dem Bush den Waalsiig bruecht haat. Daat waar nämlesch op der 1. Plaatz an engem Sondage mam Titel “Firwaat hued dir den G.W. Bush gewielt?”.

    Ech well emol bei den Republikaner en weideren Numm nennen : den Jon Ellis “Jeb” Bush- Bruder vum G.W. . Hien ass menger Meenung no spéitestens bei den iwwernächste Waalen dobäi, an firwaat net schons 2008?!? Schließlech ass seng Popularitéit a Florida net méi esou grouß ewéi se mol waar, mee an den ganzen USA schon. Ech giff mech bei der Republikanescher Partei jiddefalls ob een Guiliani – Bush Fight fréen. (Suite dovunner wäer awer wahrscheinlech en Siig fir d’Republikaner bei den Waalen)

    Nach een Numm: den Arnold “Arnie” Schwarzenegger. Den Sylvester “Rocky” Stallone haat virun e puer Deeg gesoot, dass d’Verfassung misst geännert ginn, well , esou den Stallone, “Amerika esou Leit ewéi den Arnold un der Spëtzt brauch.” A spéitestens wann d’Verfassung geännert gett, kann ech den Amerikaner nach een firschloen, den Jean-Claude “Bokassa” Juncker. :)

  10. D’Republikaner wéillten den Schwarzenegger jo guer net als Président, dee rennt vill zevill géint hier Politik an de Bush. Fir deen änneren se d’Verfaassung bestemmt net, wat eigentlech schued ass, well en huet eng ganz Rei wierklech gudd Saachen gemaach a Kalifornien. En ass net perfekt, mee wéi ee Kandidat ass dat schon…

  11. “Mrs. Clinton rolled out a new response to those demanding contrition [for her 2002 vote supporting the war]: She said she was willing to lose support from voters rather than make an apology she did not believe in.”

    majo dann…

  12. Krass! Dat do nach eng Kéier zeliesen. 1 Joër deno. An 2 Deeg virum “Super Tuesday” (oder “Tsunami-Dienstag” ewéi eis däitsch Nooperen en nennen!).

    An bass de elo nach emmer esou fir d’Billary als President?!?

  13. Eng demokratesch Presidentin déi rassistesch ass an den Irakkrich ennerstëtzt huet ass net besser wéi ee Republikaner…

    Tom: Déi Fro ass hoffentlech rhetoresch? ;)

  14. Grommel, dass ech fir en demokratesche President sinn haat ech jo schons virun engem Joër gesoot an dobäi bléiwt et och. Den McCain, den Romney an den Huckabee… komm schwätze mer net driwwer :)

    Thierry, déi war rhetoresch gemengt! :) A jo, op d’Billary besser wäert sinn ewéi een Republikaner? Nemmen wann den Obama da giff Vice-President ginn. Anescht hätten d’Demokraten och keng Chance fir zewannen.

    An fir alleguerten, déi déi mengen den Obama an d’Hillary wäer jo souwisou dat nämlescht, hätten deen nämleschten Programm, well se jo aus der nämleschter Partei kéimen (sprech fir alleguerten déi Léit déi glaat a guer NAISCHT vum Amerikaneschen Waalsystem verstaanen hun), lies dësen interessanten Post:
    http://thinkonthesethings.wordpress.com/why-support-barack-obama-not-hillary-clinton-comparison-compare-records/

  15. Merde, elo ewou ech dat nach eng Kéier gelies hun, ass mer opgefall, dass een elo kéinnt mengen ech giff an deem läschten Abschnitt dech “vernennen”, Grommel. Dat sollt awer net esou gemengt sinn. Eigentlech sollt dat Ganzt och sinn fir eng Persoun, déi dëse Blog (wahrscheinlech) net liest an déi mech mat esou enger Aussoe stark enttäuscht haat! Do waar einfach elo nach e besschen Roserei erauskomm. ;)
    Et ass trotzdem ee Post, deen ee muss liesen! :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *