Home

Gëschter hun ech een aalen Text vu mer gelies, deen iwwert d’Gefill, dass mäi Frëndeskrees sech ännert, an hu mech gefrot wou dat Gefill hin ass, well och elo ass mäi Frëndeskrees amgaangen sech z’änneren. Ech hat mer d’Fro wahrscheinlech ze fréi am Dag gestallt.
Gëschter war dee bis elo komëschsten Dag am mettlerweil net méi sou ganz neie Joër. Mëttes hun ech déi éischte Kéier zanter September mol erem eng Kéier an der Kichen giess, ganz erstaunt driwwer ewéi propper et do war. Allerdéngs och net fir laang, well de Moien hate mer scho nees ee Portier hei, deen eis erklärt huet, dat wier elo definitiv fir d’Lescht, dass mer géinge gewarnt gin. Soit, ech bezuelen léiwer déi £30 Stroof well si net botzen wéi dass ech hieren Knascht ewech raumen, well dann mussen si wéinstens och blechen. Déi dreckeg Kichen war dann och Thema gëschter Metteg beim Iessen, wou ech erstaunt festgestallt hun, dass et eigentlech just dräi vu menge Matbewunner sin déi dee ganze Bordell maachen. Dat erstaunlechst dobäi war awer, dass ech tatsächlech knapps zwou Stonnen mat e puer vu menge Matbewunner geschwat hun – Rekord bis elo, well ech se soss am Dag net gesin an owes meiden ech se well se dann souwisou net an engem sozialen Zoustand sin.
Nomëttes dunn nom Cours sin ech vun puer Kolleegen gefrot gin, fir eppes drénken ze goen. Dat un sech ass natirlech näischt mémorabeles, mee de Fait, dass ech dobäi gefrot gouf op ech mer d’nächst Joër well eng Bud mat hinnen deelen iergendwéi schon. Mer verstin eis relativ gudd, lauschtren déi selwecht Musék an sin alleguer zimlech op engem Sci-Fi Trip, an si sichen eng Wunnéng zu Cathays, de Studentevéirel zu Cardiff. Ech spille mam Gedanken déi Propos unzehuelen, mee wéi alles brauch och dat Bedenkzäit – allerdéngs leeft Zäit mer och sou lues fort, well d’Wunnéngen méi séier vum Marché verschwannen wéi se opdauchen. Bon, dat ass net d’Thema vun desem Post a wierklech vill beschäftegt hun ech mech mat deem Gedanken souwisou nach net.
Wat komësch war bei deem Patt gëschter war virun allem d’Tatsaach, dass een dobäi war, mat deem ech zwar eng Rei Coursen zesummen hun, mee mat deem d’Kommunikatioun sech bis elo op déi virtuell Welt begrenzt huet – wees der Däiwel firwat. Bei sou engem blöde MySpace Bulletin ass eis jiddefalls virun e puer Wochen opgefall, dass mer vill gemeinsam hun an eis géigesäiteg fir eis Kuerzgeschichte bewonneren an zanterhier wollte mer eigentlech emmer een drénken goen, mee t’wollt ni klappen. Normalerweis léiert ee, zumindest a menger Welt, Leit kennen a fänkt dann un se ze respektéiren a schätzen, hei ass et paradoxerweis emgedréit – d’Fro war ni op mee wéini mer géinge Kolleege gin.
Ech hun mer onheemlech oft an de leschte Méint d’Fro gestallt, op ech erem well zeréck op Lëtzebuerg no mengem Studium, an wat ech méi driwwer nogeduecht hun, wat meng Zukunft emmer manner mat Lëtzebuerg ze din hat. Natirlech gin et Leit a Saachen an deem Land, déi ech vermessen, mee ech haassen Lëtzebuerg schon eleng wéinst sengem Spießbiergertum deen d’Nues méi héich hierwt wéi verschidden Aristokraten an dem iwwerdriwwenen Pseudofranséisch (“mir hun eis tutiséiert” (sic!) fir “mir hun eis gedutzt”). Déi lëtzebuergesch Mentalitéit ass einfach keng déi ech respektéiren kann, emol ganz ofgesin dovunner, dass Lëtzebuerg wahrscheinlech déi eenzeg Haaptstaat op der Welt ass déi sech um Punkt 18 Auer an eng Geeschterstaat verwandelt.
Wéi ech dunn awer gëschter gefrot gouf op ech mer wéillt eng Bud mat deene Leit deelen an ech mech direkt wahnsinneg gudd mat deem Kärel verstaanen hun, ass mer kloër gin, dass Lëtzebuerg verloossen net nemmen eng Firstellung, mee eng real Méiglechkeet ass. Ufanks hun ech mech gefreet, dass ech ufänken ee richtegt Liewen hei opzebauen, mee wéi ech dunn owes den RTL Journal gekuckt hun, krut ech Heemwéi. An deem Journal hun se eng Animatioun vun der Neier Bréck gewisen, wéi iergendsou ee lëtzebuerger Designer se well embauen, an dee Moment gouf mer kloër wat ech eigentlech géing zeréckloossen, géing ech wierklech hei – oder soss enzwouch am Ausland – mäi Liewen verbréngen. Nee, net d’Nei Bréck, mee, sollt ech dee statisteschen maximalen Alter erreechen, iwwert ee Véirels vu mengem Liewen. A Lëtzebuerg bleiwt net dee sécheren Hafen wou ech emmer erem kéinnt hin, egal wéi stackkonservativ dat Land ass, mee wier net méi dat selwecht wann ech géing eremkommen. T’ass et elo scho net méi. D’Land fillt sech elo eigentlech schon un ewéi um aneren Enn vun der Welt – ech wees zwar, dass iergendeppes um Haff net stëmmt, mee hun absolut keng Ahnung wat; ech wees, dass d’Kulturjoër ass, mee außer engem Cercle dee blo agekleedt gouf an engem bloen Hirsch virum TNL hun ech näischt dovunner gesin – herrje, ech wousst emol net, dass d’Eröffnungsfeier wier bis ech dem Joël säin Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg gelauschtert hat.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *