Musikalesch gett et een intressant Joër

Lo wou dee neisten Album vu Bloc Party dann endlech eraus ass hun ech mer mol duerchgekuckt, wou dann déi aner gudd Bands sou drun sin wat ee neien Album ugeet. Hei sin déi, op déi ech mech an de nächste Méint freen. Weider Emfeelunge wellkomm. :)

13. Februar: Jann Arden – Uncover Me
19. Februar: Air – Pocket Symphony (No 3 Joër. Endlech!)
20. Februar: Explosions In The Sky – All Of A Sudden I Miss Everyone
6. März: Maria Taylor – Lynn Teeter Flower
13. März: Aqualung – Memory Man (Oh yes!)
20. März: LCD Soundsystem – Sound Of Silver
1. Mee: Black Rebel Motorcycle Club – Baby 81
22. Mee: Hanson – The Walk (Jojo, mee als Indierocker si se richteg gudd.)

Peter Gabriel, Auf der Maur, Sigur R??s, Radiohead a Rufus Wainwright anscheinend och, mee do hun ech keen Datum fonnt.

10 thoughts on “Musikalesch gett et een intressant Joër”

  1. NIN ass (ne daat ass och lo irgendwann an denen nächsten Meint erem drun.
    Ob Air an Explosions in the Sky freen ech mech mat dir zesummen :) An Sigur Rós natirlech och.

  2. Travis kënnt Enn des Jores, genee sou wéi Wir sind Helden. Maxïmo Park sinn nächste Mount schon drun, d’Arctic Monkeys am Summer. Iergendwann och d’Editors an Interpol.
    D’Smashing Pumpkins bréngen dëst Joer o nach en neien Album, wann ech dat richteg matkrut. An de Ryan Adams bréngt wuel och rem wéi all Joer 2-3 nei Alben raus. ;)

  3. Jo, Smashing Pumpkins hun en Reunion-Album, an dann kennt den 7.7 och nach eppes vun enger Gothic-Band wou ech den Numm erem vergiess hun. An et waar nach eng Band, mee ech hun et erem vergiess. NIN an SP sin déi wichtegst fir mech.

  4. Travis an Arctic Monkeys waren iergendwéi ni mäi Fall. Smashing Pumpkins kéinnt gudd gin. Mee Interpol kléngt op alle Fall emol no nach méi Virfreed. :) Ryan Adams… bon vläit dat eent oder dat anert Lidd, mee hu mer nach ni ee ganzen Album vun deem besuergt. Op Wir sind Helden freen ech mech awer dofir emsou méi :)

  5. Fir mech get Travis d’Highlight vum Joer, soulaang wéi Radiohead a Coldplay nach net ze 100 Prozent konfirméiert sinn. De Smashing Pumpkins trauen ech net sou wierklech zou, dass se nach emol eppes rappen, ech hoffen et awer.

  6. Ech hat deslescht nach d’Iddi vun engem Site, wou een seng Lieblingsbands kann ugin an dann emmer Bescheed gesoot kritt, wann eng vun deenen demnächst ewn neien Album rausbrengt. D’Fro as, wou kritt een all déi Datumer hier? User kinnten se selwer agin, mee dann brauch een Leit déi daat och maachen ;)

  7. @ Benem
    http://www.allmusic.com/
    Do kriss de d’CD Releases fir dat ganzt Joër an sou zimlech all Genre deen et gett. De Nodeel do ass zwar, dass et onheemlech vill Donnéen sin an ee laang brauch bis een sech doduerch gewullt huet, mee t’ass dofir awer zimlech komplett. A wanns de wees no wéi enger Bands de sichs, fenns de et zimlech einfach. Dat mat de Lieblingsbands ugin ass eng gudd Idee, mee kann ee wuel kaum einfach d’Datebank vun Allmusic kopéiren an fir selwer emmer anzetippen mengen ech si mir lëtzebuergesch User ze faul. :) Ech hu schon sou oft materliewt wéi Leit probéiert hun eng Community opzebauen (resp. war selwer ee vun deenen), an um Enn ass et emmer schief gaangen well net genuch User do waren… Ech well net soen deng Idee wier schlecht, mee ech färten fir Lëtzebuerger denks de ze grouss… leider, well et wier bestemmt cool.

    @ Thorben
    Jo, gouf héich Zäit. Hier éischt Single kléngt schon mol villverspriechend, fannen ech. :)

  8. Jo wann dann hätt ech et souwisou op daitsch och gemach fir och Daitschland asw. unzeschwetzen. Mee et géif wahrscheinlech effektiv un den Useren scheiteren ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *