D’Zëmmer fëllt sech

Nach emmer ass d’Zuel vun de lëtzebuergesche Blogger relativ geréng. Vun den 150 sin mer nach emmer ee gudd Stéck ewech, mee zanter enger Woch gett et ee weidere Member an der Blogosphär. Non di dj’eu – Non di kass fir Europa. Och wann d’Jongen “nondikass” falsch geschriwwen hun, fannen ech d’Versioun vun “nondidj.eu” relativ originell. Intressant Themen schéngen de Néckel an de Kloos awer bis elo genuch fonnt ze hun. De Blog ass op alle Fall d’Abonnéiren wert.

Dann gett et nach ee neien Blog an zwar dee vu mengem fréiere Co-Auteur Serge. Dee Blog heescht Yearning a behandelt méi, wéi soll ech soen, “ausgefaalen” Ideen wéi déi üblech Bloggen. Dat heescht dann och, dass et endlech eppes op setuch.com ze fannen gett. Nach emmer net dat, wat mer zanter Joëren welles hun mee nach emmer net ronn bruecht hun, mee emmerhin ass et een Ufank. De Blog ass dofir net manner intressant. D’Abonnéiren ass en op alle Fall genau wéi Non di dj’eu och wert.

An menger Blogroll stin déi zwee elo iwwregens och. Op dat relevant ass, bezweiflen ech zwar, mee ech wollt déi Informatioun emol einfach mat an d’Ronn puchen.

Ma dann. Wellkomm an der Blogosphar dir dräi.

5 thoughts on “D’Zëmmer fëllt sech”

  1. Merci fier den wellkomm Thierry :) (lo setzt en mech schon enner zugzwang hei, an sech sin ech jo nach emmer beta, mais bon da muss daat sech lo änneren)
    op setuch selwer gett et iwregens nach emmer den preview ze bewonneren, deen ass och en detour wert ;-)

  2. Ech hun den non di dj’eu och haut entdeckt an abonnéiert. Hoffentlech kommen nach puer esou Bloggen bai :)

  3. Tiptop, daat do freet jo emmer erem. Ech hun och dozou gepost. Vue que daat ech daat mam Trackback nach emmer net wirklech kapeiert hun an Nucleus daat och mengen ech ob manst net kann.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *