My kind of life

Während meng aktuell Matbewunner sech am Nopeschappartement sennlos voll laafen loossen, war ech mat mengen zukünftege Matbewunner op d’Comedy Night. Ennert anerem mat deem do.

I went to Nottingham, which is the school you probably all applied for but your grades were too low. (…) Second years. Those are the people you see standing around on campus. Been there, seen it, fucked it. (…) Third years? Any third years here? Look at me, I’m your future. I did American Studies. Now I’m doing this. (…) Fourth years. Those are the people who didn’t make any friends during the first three years, tried one last time but still ended up being on their own.

An de kanadeschen Humor gefällt mer emmer méi.

If you’re American, consider these next ten minutes friendly fire. You should be familiar with the term.

oder

If you’re on the tube and hear a mesage for the first time, that kinda goes like this: ‘The next train is late because a man is lying on the rails.’ And you’re like ‘shit I’m gonna be la… what?!’. And then you have this kinda moral dilemma: ‘Did he jump? No? Well I suppose I can give them five minutes. Oh, he did? Then fucking get the train moving and roll over him. Next time jump off a bridge you bastard!

Wuel gemierkt, ech schreiwen déi aus der Erennerung, t’ass net dee genaue Wuertlaut. Jiddefalls während meng Matbewunner also déi lescht Gehierzellen am Alkohol ersoff hun, soutze mir do gemütlech ee Béierchen ze drénken, verschiddener souguer Cola. Cola. A Wales. Ech hat gemengt déi géingen dee Produit hei guer net kennen.
Sot ech, dass se kache vu Roserei well se am Moment eng verdreckte Kichen hun? T’gouf schon mol direkt eng Regel opgestallt: deen éischten dee net botzt, geet ee Cajeau (Cageot? wéi der Däiwel schreiwt een dat Wuert eigentlech?) Béier kaafen. Ech wollt zwar keng Matbewunner méi, mee déi do si cool. Enn der Woch gin mer eis déi éischt Heiser ukucken. Zu Cathays. De Studentevéirel vu Cardiff. Sot ech, dass ech endlech eng weiblech Matbewunnerin kréien? Jo? Ok.
Ajo, an ech mengen ech gin zu engem Fan vun Richard Cheese and Lounge Against the Machine. Putain hun déi gäil Coverversiounen vu Somebody Told Me a vun American Idiot.

You’re going to hear a lot of different kinds of music next year. But no Justin Timberlake. And no Michael Jackson.

Gotta love those guys. Mee vun engem Musékstudent kann een jo e besse musikalesche Verstand verlaangen. :)

5 thoughts on “My kind of life”

  1. cageot .. :) (mengen ech :P)

    wat hues du mat weiblecher matbewunnerin daat heescht just dass dier nach bessi mei botzen musst wei der fleit fier haat :P

  2. Nemmen Typen ass dach langweileg, t’feelt einfach eppes. E besse weibleche Wahnsinn muss sin. :) Ech wees, ech si Masoschist. ;D Mee dat hei ass gottseidank op eng léiw Art a Weis duerchgeknallt an ass kee Psycho. (Soss géingen mer wuel och kaum zouloossen, dass et bei eis anzidd). Där Psychoen laafen der nämlech zevill hei ronderem.

    Also léiwer e besse méi botzen, wéi ze mann. An dat dierft eigentlech och guer net esou de Probleem sin, well wann mer eis bei eppes honnertprozent eenz sin ass et, dass deen dee net botzt vill Probleemer mam Recht vum Haus kritt. :)

  3. cageot.. ass richteg (Emballage léger à claire-voie destiné au transport des denrées alimentaires)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *