Schwätzt net fir d’US Militär

… wann se sech vun engem fiktive Charakter vun enger fiktiver Organisatioun an enger Fernsehserie (!) dovun iwwerzeege loossen, Folter wier gerechtfertegt. De Problem ass net d’Gewalt bei 24 (och wann se praktesch orgienhaft duergestallt gett), mee d’Idiotie vun de Leit, dat als bor Mënz ze huelen. Kee Wonner, dass dat kee Stéck gett am Irak.

2 thoughts on “Schwätzt net fir d’US Militär”

  1. ’24’ ass en effet heavy. Mee d’Realitéit wier nach mei grausam sin.

    Allerdengs gët d’Série en effet vun der Droite benotzt, resp. agesat. Een vun den Haaptdréibuch-Schreiwer steht den Neocons anscheinend no?

    Mee bon, ech kucken se awer. Ass wéi en Comic.

    An du bass erstaunt, dass se am Irak sou anhänken??? ;)

  2. Wat gett eigentlech net vun iergendenger politescher Fraktioun ausgenotzt? Ech fannen dat bei 24 nach relativ schwéier. Den Jack killt d’Araber sou gudd wéi d’US Amerikaner an d’Eurasen an Asiaten. Erschéissen ouni rassistescht Virurteel quasi. Mettlerweil hu schon deen zweete schwaarze Président an der Serie an dee leschte war, soen mer, net gerad deen schlausten – fir net zevill ze verroden, sollt nach een déi 5. Staffel net gesin hun. Den Jack huet genausou wéineg Skrupel säi Brudder ze folteren ewéi seng bescht Kolleegen z’erschéissen – wien dat fir realistesch hällt, ass selwer schold. Gin déi Zaldoten kengem psychologeschen Test ennerzun? E besse Verstand missten sou Leit jo awer hun. Trotz hieren offensichtleche Komplexer.

    Ech si net erstaunt, dass se am Irak sou versoen, ech si just negativ iwwerascht, dass eng fiktiv Serie mat dru Schold ass.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *