February Playlist

Stars – Ageless Beauty
kozi – Honey Vanity
Madsen – Der Moment
qr5 – Revisited Gone
Maria Taylor – A Good Start
Eva Cassidy feat. Katie Melua – Somewhere Over The Rainbow
The Tribe – Abe Messiah
Spektrum – Cedar (The Heat Lodge)
A Perfect Circle – Sleeping Beauty
Hellogoodbye – Here (In You Arms)
Flora Vasconcelos – Come away with me
Rufus Wainwright – Complainte de la butte
Pavement – Here
Stine J – You Are My Sunshine
Spiritualized – I Think I’m In Love
Frou Frou – It’s Good To Be In Love
View – Same Jeans
Akon feat. Snoop Dogg – I Wanna Love You
Zero 7 – Destiny
Pablo Mart??n-Caminero – Nora
Third Eye Blind – Never Let You Go
Anna – Nein
Johnny Cash – First Time Ever I Saw Your Face
Brian Molko, Faultline & Françoise Hardy – Requiem For A Jerk
Just Jack – Starz In Her Eyes
Scissor Sisters – Land Of A Thousand Words
Snow Patrol – If I’d Found The Right Words To Say
solar powered people – Commercial Flight
Phil Coulter – You Raise Me Up

12 thoughts on “February Playlist”

  1. “Phil Coulter – You Raise Me Up” schlemm, et gett nemmen eng Versioun vun “You Raise Me Up”, déi een muss a soll lauschteren: déi vum Josh Groban!!!!!!!!
    An dat och well dee coole Typchen an e puer Deeg Gebuertsdag huet an ech e demnächst bei “Check daat!” ‘firstellen’.

  2. Du wees awer schon, dass dat Lidd
    1. Ursprünglech instrumental war sou wéi déi Versioun déi ech hei uginn hun;
    2. et vu Secret Garden geschriwwen gouf;
    3. et op der CD vun 2001 vu Secret Garden war;
    3. den Daniel O’Donnell dat Lidd zu engem Hit gemaach huet;
    4. den David Foster eréischt nom O’Donnell sengem Succès 2003 op dat Lidd opmierksam gouf an et séngersäits kopéiert huet;
    5. den Josh Groban nemmen d’Hallschent vum Lidd séngt (e séngt just déi éischt Stroof an de Refrain);
    6. et iwwer 125 Coverversiounen vun deem Lidd gin an de Groban emol net deen ass mat deem meeschte Succès.

  3. An DU wees awer schon, dass
    1. den Josh Groban mat YRMU direkt op #1 an Billboard Charts komm ass.
    2. hien dunn ganzer 6 Wochen dobliwwen ass.
    3. hien “seng” Versioun schons bei engem Super Bowl gesongen huet.
    4. hien fir “seng” Versioun fir en Grammy nominéiert war.
    5. den David Foster YRMU ‘kritt’ huet, well et net deen Succès international haat, deen sech erwaart gouf.
    6. den David Foster direkt wousst, ween hien misst huelen fir dass en Succès mat YRMU hätt.
    7. den Josh Groban YRMU erréicht populär gemaach huet.
    8. proportional gesinn, méi Leit dem Josh Groban seng Versioun kennen ewéi déi orginal.
    9. ech als staark gleewenden Grobanite kloer parteiesch an dëser Saach sin ;)

  4. Du wees awer sécher och, dass
    1. D’Lidd an diversen Versiounen weltwäit schon milliounenmol um Radio gelaaf war ier de Groban seng Versioun opgeholl huet;
    2. De Groban d’Lidd an AMERIKA populär gemaach huet;
    2. Westlife d’Lidd weltwäit zu engem Succès gemaach hun an ironescherweis déi 100. waren déi d’Lidd gecovert hun;
    3. D’Versioun vu Westlife de Record of the Year Award gewonnen huet;
    3. De Groban dee Grammy net kritt huet. :P

    Hues de d’Originalversioun eigentlech iwwerhaapt schon eemol héiren?

  5. Du wees awer och sécher, dass
    1. den Groban d’Lidd eben zumools an Amerika (an an Grobania) bekannt gemaach huet.
    2. Westlife eigentlech déi nemmlescht Versioun geholl huet ewéi den Josh.
    3. den Josh bei YRMU nach eng extra Strophe séngt, déi vun him a vum Foster kennt.
    4. Westlife déi Strophe och emol einfach esou matgeholl huet.
    5. den Josh deen Grammy verdéngt gehaat hätt.
    6. den Josh YRMU och op dem Oprah senger Gebuertsdagsfeier gesongen huet.

    Jo ech hun d’Orginalversioun schons eng Kéier héieren, an ech hun se däitlech méi schlecht fonnt ewéi déi vum “Gott sengem richtegen Bouf” [Zitat vun enger Grobanita]

    (Fir all déi déi d’Uspillungen hei net verstinn, lauschtert d'”Check daat!” Episode iwwert den Josh. Se misst an deenen nächsten Deeg online goen :) )

  6. Ech wees net, wéi eng Stroph dat ass, déi de Groban an de Foster selwer geschriwwen sollen hun, mee déi Versioun déi Westlife séngt ass d’Originalversioun déi vu Secret Garden geschriwwen gouf inklusiv där zweeter Stroof vu Secret Garden (!):

    There is no life no life without its hunger;
    Each restless heart beats so imperfectly;
    But when you come and I am filled with wonder,
    Sometimes, I think I glimpse eternity.

    Dat huet näischt mat enger Stroof vum Groban ze din. Ech wees och net wouss du déi extra Stroof héiers, an der Versioun déi op der CD Closer drop ass jiddefalls séngt de Groban just déi éischt Stroof an dann emmer erem de Refrain, soss näischt.

    Ech fannen Grobanites sin e bessen ze fanatesch. Fan kann een och sin ouni sou Saachen iwwer ee Kënschtler ze soen wéi dass et dem Gott säi richtege Bouf ass. Imho.

  7. Elo wees ech sécher, dass
    1. du keen Grobanite bass.
    2. du dowéinst eng Schaan bass. ;)
    3. de scheinbar keen Grobanite-Spass verstees.
    4. de -no dengen Aussoen – fir emmer (laut den internen Regelen) aus Grobania ausgeschloss gi bass.
    5. et doduerch méi schwéier fir deng Kanner gett, eran zekommen.
    6. de net un d’Wiedergebuert gleews. :)

    Ech wees och, dass ech mech schlecht ausgedreckt hun. Et ass keng ganz Stroof, mee éischter eng Zeil.

  8. Ech war anch ni ee Grobanite. Ech lauschteren gären Groban, mee ech loosse mer vu kengem soen, wat ech gudd ze fannen hun. Et gin och Lidder vum Groban, déi ech net gudd fannen, an domat fannen ech net dass ech eng Schaan sin, mee déi Musék lauschteren déi mer gefällt, ouni emzekucken wat aner Leit dovunner haalen. ;)
    Ech gleewen effektiv net u Wiedergeburt. :)

  9. Ech hu keng Aanung, wouriwwer der schwätzt. A lo och kee Bock méi fir dat Lidd ze héiren. Souguer, wann et vun enger Superband mam Thom Yorke um Piano, mam Matt Tong un den Drums, dem Johnny Borell an engem Gallagher als Gitarrist an dem Chris Martin als Sänger gespillt géif ginn. An e Video hätt, an deem d’Natalie Portman, d’Kate Winslet an d’Scarlett Johansson sech géigensäiteg mat Kësse bewerfen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *