Wësst der wat komesch ass

Ech hun grad d’Videoen vun engem Konschtprojet vun engem Frënd gekuckt, wou eng Rei Kolleegen an Proffen vu mer ee Gedicht virgelies hun. Bis op zwee vun hinnen, déi ech komplett aus den Aan verluer hun, hun ech se an deene leschte Joëren méi oder manner sporadesch gesin. De Proffen sin ech heiansdo emol nach begéint wann ech Kolleegen besiche war, an menger Engleschproff hun ech souwisou firun e puer Wochen versprach, ech géing eng Kéier laanscht kommen zielen, wéi et mer hei sou gefällt.
Während een am Lycée ass, wenscht een sech sou oft, dass d’Schoul endlech eriwwer ass. Mee wësst der wat? Ech géing erem zeréckgoen, an alles nach eng Kéier maachen. An zimlech genau d’selwecht.
Ech si net erem wahnsinneg nostalgesch, mee ech hu realiséiert, dass ech a knapps anerhallwem Mount all meng nei Kolleegen bis den Oktober net méi gesin. Well dann sin d’Coursen eriwwer, an bis op eng handvoll Leit kennen ech keen an deem Cours, wou ech Examen hun. Dat war et also eigentlech scho baal erem mam éischte Joër Uni. Wann ech bedenken, dass ech absolut keng Ahnung hun wat ech no deenen dräi Joër soll maachen, mécht dat mer wahnsinneg Angscht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *