Sex, Voyeurismus, Eldoradio

De Moderator a wien och emmer déi Show erfonnt huet sin Drecksäck sonnergläichen, de Mann ass nach vill méi ee grousst Kallef an dass dat Ganzt um Enn esou ferm no hanne lass geet ass nemmen richteg. Ass do grad nees ee Bestiednis an d’Brëch gaangen?

Den Audio ass iwwregens extreem explizit, am Géigesaatz zum Eldoradio warnen ech emol léiwer dovrunner. Hat ech erwähnt, dass dat do moies an der King Kaffi Show war wou kleng Kanner dat kennen héiren? Am Ausland géing e Sender wahrscheinlech seng Lizenz verléiren, zu Lëtzebuerg ass dat business as usual.

[audio:partnerspill.mp3]

56 thoughts on “Sex, Voyeurismus, Eldoradio”

  1. Furchtbaare Format: penibel, dreckeg, asw.
    furchtbaare Sounddesign (DAIN hitradio mat DENGEN explosiounsartegn soundeffekter)
    furchtbar Moderatioun (eh, eh, eh, eh…)

    An ech froen mech ob daat dooten net gestallt ass well ech en ähnlechen “Witz” schon heiren hun, wou déi selwescht Pointe dran waar. Daat werft allgemeng d’Fro ob, ob um Eldo esou Uriff net per se mol gefälscht gin fir daat Leit unruffen.

    Ech wees op alle Fall, wou ech nie wärt Radio maachen (Ausser et kennt eng 180° Wend am Format, mee dorun glewen ech net)

    (Froen mech ob en fir esou eppes net keint eng Pleinte beim Presseroot maan – ech si mer ziemlech secher daat do net konform mam Code de déontologie ass.)

  2. dat doten ass ze vill ze vill ze vill.
    genial.
    ech hun freier mam orginal king kaffi beim selwechten radiosender ugefaang, mee iergendwann gouf eis show oofgesaat well ze alternativ (wat mech net drun hennert awer nach pressep?§ss ze ergauneren), mee soueppes haaten mer net bruecht…
    den hummer.

  3. ech mengen ech hunn nach ni méi laang dee sender gelauschtert wéi hei op dëser säit.

    et ass mer lo nach méi kloer ginn firwat dat esou ass.

    domm, méi domm, eldommradio.

  4. Wini ass dat do gelaf?

    Dat do ass typesch Jules Serrig!! Deen ass sou kräizdomm an huet emmer sou Sexfroen an -geschichten. Ech hunn mech op mengem Blog och schon iwwert hien opgereegt (http://strawdog.wordpress.com/2006/05/15/pr0n/).

    Hien soll irgendwou an e Sexcenter schaffen goen, mee net Animateur op engem Radio sinn wou Kanner nolauschteren. Den Typ ass komplett drun an gehéiert gespaart.

    Et misst een dat do mol un die Commissioun déi d’Qualitéit vum Radio an der Tele kontrolléiert schécken. Wees een do d’Adress oder den Numm?

    Op der anerer Säit sinn d’Leit natiirlech selwer kräizdomm, wann se bei sou eppes matman … Mee trotzdem, sou eppes gehéiert net em déi Auerzäit op de Radio.

  5. @thierry: schreiw roueg säin Numm an den Post, dann erschengt dat och schéin wann een säin Numm googelt … Mäin Post iwwert hien kent schon op #3 :)

  6. Code de déontologie:
    Article 5, Ofsätz c) an d)

    Conseil de presse: http://www.press.lu/datas/content6.htm
    Muss schreftlech gemaach gin, direkt eranschecken op: Conseil de Presse du Grand-Duché de Luxembourg, Boîte postale 1584, L-1015 Luxembourg.

    Dann ged et nach d’
    Commission Indépendante de la Radiodiffusion
    http://www.mediacom.public.lu/institutions/Institutions_nationales/cir/index.html
    Kontakt ass do:
    Commission Indépendante de la Radiodiffusion
    5, rue Large
    L – 1917 Luxembourg
    Tél. +352 478 2075
    Email: isabelle.marinov@smc.etat.lu

    An ech mengen déi Commission kann engem och d’Sendeerlaubniss entzeien (so geschen beim Wacky)

  7. Sinn ech lo komplett dernieft, wann ech net wees wou do lo de grousse Problem ass?

    Et lafen all Dag honnerte vu méi schlëmme Saachen um Radio, op der Telé, oder soss wou. An et ass jo net sou, wéi wa se wierklech graff Wierder benotzt hätten. “Popo” a “Sex”, méi war et net. Kee “buppen”, kee “péilen”, keen ech wees net wat nach alles. Dat do war dach harmlos sougesinn. Et ass natierlech net de grousse Stil, mee dorauser eng Staatsaffär man?

    An iwwregens, denken ech och, dass et gestalt war, well et genee déi do Geschicht mol um Internet gouf. Dat ass dann dat eenzegt, wat ech verwerflech fannen.

  8. deen Witz do (wouhin-ma an de Popo) as ueraal an daat do as dach esou fake.Wei armseileg, effektiv.Se haetten vlait besser se geiften den Leit besser Musek ubidden an hierem Programm ewei dess belleg Verarsch.

  9. Mee et ass emmer dat selwecht mam Serrig, emmer sou Sexgeschichten. Mierkt hien eigentlech net wéi verzweifelt hien selwer riwwerkent?

    An ech bleiwen dobäi, em déi Auerzäiten, bei engem Sender deen d’Kanner och lauschteren, muss dat do net sinn.

    Et muss een net all Nivellement vers le bas einfach sou akzeptéieren. D’Welt ass schon domm a primitiv genuch.

  10. heescht dee senger net Waky?
    Ech muss mech dem Chris allerdengs uschléissen; sou explizit ass et net, an kee Grond fir drama.
    ech gesin och kee grond do lo iergendwelch conseilen ze knacken. Do gin weder kanner verhonzt nach Amokleefer motiveiert nach soss eppes.
    Also iergendwou ass et natierlech infantil, mee mäi gott, who cares, sollen se dach spacken wat se wellen.

    Wéi soot den Marcel Reich Ranicki eng Keier am Literareschen Quartett: http://www.youtube.com/watch?v=ehYB8Ao5iCU
    Sou en Schwäin awer och.

  11. Thorben: Et ass beim Serrig einfach emmer sou. En spackt wéi en Klemmi, deen nach emmer keent oofkritt huet. Soll en dat sengen Kollegen um Stammdësch erzielen, awer net iwwert de Radio. Oder sech bei den Déckkäpp mellen. Déi sinn genausou subtil an sexuell frustréiert.

  12. E Kand, wat dat do héiren huet, versteet dach guer net, wat gelaf ass. A wann et wees, wat Sex ass, schued em dat do och näicht méi, well soss jo näicht gezielt get.

  13. Chris: Ech sinn och géint déi kourommeldomm Trash-Talkshow’en mettes oder der Tele. Den Jules Serrig ass oft op dem selwechten Niveau.

  14. Jo mee Grommel, da lauschter mol, da knalls de ob dengem Radio Deutschlandfunk ran, do hues de Leit déi a) en kompletten Saatz kennen maan, b) sennvoll sätz äusseren c) musek vun beethoven bis tocotronic d) super Hörspiller.
    Ech wees net, obs du Kanner hues oder der mol wells oder wei dat wat, mee ech geseich dat doten net als bedrohung fir d’Kanner. A wa leit sexuell frustreiert sin, ass dat ab engem gewesssenen punkt hiere problem. a soss kengem saint. Wann deen dat um äther muss lassgin, ass et och dem sender saint.
    Looss dei domm Spacken spacken! (wat en wuertspill)
    An wann de Serrig frustreiert ass, mai gott. Pfizer verkeeft blo Pellen.

  15. Jo, et ass dem Sender saint. Mee esoulaang keen daat ze steiren schengt, ass daat aus dem Sender senger Siicht wuehl OK. Wann awer ob manst eng kleng negativ Remarque vum Presseroot oder ähnlech keim, geifen de Sender an den Serrig vlaischt mol unfänken mat nodenken.

    Deutschlandfunk ass tiptop, allerdengs och ??ffentlech-rechtlech – kuck waat mir hei als “ëffentlech-rechtlechen” Sender hun. An just well et an Daitschland eng Alternativ ged, heescht daat net, daat en vun aaneren Sendern keen Niveau fuederen kann.
    An ech sin jo der Meenung, daat et ob manst zu verschiddenen Deeg och gudd Alternativen zu Letzebuerg ged, mee do sin ech och net ganz neutral ;-)

  16. jo nee, soen ech jo och net. ech sin och deelweis mam 100,7 an dem Ara (Fireball-Ego-Heemel) frou. D’Saach ass just: Ech uss dach keen Niveau vun Eldo verlaangen. Ech kann einfach ausschalten.

  17. Ech verlaangen jo och keen Enn vum Eldoradio, just vum Jules Serrig sengem dommen, primitiven Gebraddels :)

  18. meng nerven … den eldoradio huet hiert motto dann lo an “sex-sells” emgewandelt …

    … erennert een sech und ei plakater dei un den CFL-bussen als werbung dohänken, dei hun jo och missen entschärft gin…

    ech denken daat dei geschicht do beim eldoradio weisst daat een sech alles kann erlaaben an deser “eiser” gesellschaft. wou ass den respekt firum mensch, virum partner, virum geigeniwer, virun sengen elteren, virun den geschwester… et get einfach keng limiten mei, et ass keen respekt do (daat ganzt klengt religiounsjoffermeisseg, mae macht mol d aan op)

    ween ass sou domm wei deen paulo (oder wei een heescht) an rift op den radio do un, fir seng bezeihung op d spill zesetzen… et huet neischt mei een “WERT”.

    deet mer leed, jidereen soll bei sech ufänken an den geigeniwer respekteiren…

    bon ech sin een beschen ofgedriwt mae ech erlierwen, nach all daag mei “schierl szenen” dei mech mam kapp resellen lossen. et muss een soust d aan opmaan.

    an dem seen

    sierf keen egoist, dann leeft den buttek

  19. Ech sin den Paulo, an wollt mech endschellegen vir deen dommen Uruff, et wor gespillt, an mir groufen gefroot daat ze maachen, an hun et vir ee groussen Witz gehaal, deen wuel no hannen lass gaangen as.
    Ech endschellegen mech bei all den Leit dei net ob dei anal Variant stin, et deet mer leed, daat meng Fra daat am Radio soot, mais mir sin der 2, dei richteg lass leeen wann et drem geet, an jo…
    Sorry nach eng Keier vir de Lulu am Kiki

    Paulo

  20. Ass et net! :P

    Am Fong hun ech nemmen eng Fro: wat ass eigentlech genau mat Waky geschidd? Duech de Fireball hun ech mech rem dorun erënnert .. war dach en englesch-sproochegen lëtzebuerger Sender? Oder?

  21. Waky waar mengen ech frz-sproocheg. (Ech hun en selwer nie gelauschtert, mee ech mengen den Ara City [moies um ara] ass den enzegen engleschsprochen hei am Land.)

    Den huet ze vill staark gesendt an kruut dodurch d’Lizenz entzunn. An wann et esou weidergeht, dann huet den LRB geschwen och keng méi. An nee, et ass net normal, daat en um Bridel nach en LOKALSENDER vun Bettebuerg heiert ;-)

    Also un sech ass et esou daat et verschidden national Senderen ged, dann nach regional (déi kreien duerch gescheckt senderplatzeirung awer oft eng ähnlech empfangsdichte wéi national-sender) an Lokalsender à la lora, lrb, radio gudd laun (esch… an déi kritt en och nach zu miersch!)

  22. Jop mee mengen de Waky hat awer och en deelweis engleschen Programm? Hun en heiansdo iwwer Internet-Stream gelauschtert …

    Ech hun awer lo waky.lu entdeckt an do steet se wieren rem do mat enger neier Frequenz? Konnt et bis elo nach net ausprobéiren, mee krut schon een vun iech de Waky rem ran??

  23. “Den huet ze vill staark gesendt an kruut dodurch d’Lizenz entzunn. An wann et esou weidergeht, dann huet den LRB geschwen och keng méi.”

    Aha, dozou géifen mech méi Detailer schon interesséieren.

  24. Ech hun eng gud Léisung fir iech all: LAUSCHTERT DEN RTL-LËTZEBUERG…!!!

  25. “Ech hun eng gud Léisung fir iech all: LAUSCHTERT DEN RTL-LËTZEBUERG!!! ”
    Zu deem Club gehéiert zoufälleg och den Eldoradio. Daat ass also genausou wéineg eng Referenz…!!!

  26. Moien. Also eierlech ech hun mir mol alles hei ungelies, waaat dir hei esou geschriwen hun, an ech verstin ierch net!
    Den Eldoradio ass an mega gudden Sender, hier Leit sin mega korrekt! An ech kann ierch just soen, dass ech mega iwert deen Witz gelach hun, an sws wei daat gelaaf wor, wor schoul schon amgangen, (daat heescht et ass no 8 auer gelaaf) an et wor keng Vakanz! Also kennen keng Kanner daat matkritt hun. An waat Pub vun Eldo betrefft, ech fannen dass dei dach Total an der Rei ass, wann een Topmodel Reclame fir Ennerwäsch mecht oder Bikini, dann seet dach och keen Mensch eppes!
    An iwerhaapt Eldoradio geheirt net dem RTL!!!! Daat ass mol ganz wichteg hei festzehaalen! An ween daat net glewt kann jo gären mol do noforschen!!!!
    An west dir waat mech am meeschten keks, ass dass dir daat hei alles am Forum schreiwt, an net mol den Mudd hud dem Eldo eng E-Mail doriwer ze schreiwen, oder huet een daat gemeet????

    Also den Eldo huet net fir nix läscht Joer an mega gudd Joer gehaat, mee eben et gin vill Leit den den Eldoradio lauschtern! An macht dir een elo mol net schlecht! Ech wetten well dir irch all elo hannert ärem Pc do kennt verstoppen kenn dir daat och elo alles vun ierch gin, mee wann dir daat der Directrice vum Eldo an gesicht misst soen, oder soss engem wir dir minnni kleng och nach mat hudd!!!

    Eldoradio go on! Däin Hitradio zu Lëtzebuerg!!!!
    P.s. Jules, los se just schwätzen, du bass den beschten Musiksredakter deen ech kennen!!! Go on!!!!

  27. So elo soen ech dir mol eppes, ech wees genau wei den Hues bei RTL Group leeft oder bei CLT-UFA , BCE, IPL etc. Well RTL Group ass jo vun deenen Mammengesellschaft, ech mengen ech wees mei weis du! Oder schaffs du bei RTL?
    An firwaat schreiws du dann : “Ech hun eng gud Léisung fir iech all: LAUSCHTERT DEN RTL-LËTZEBUERG!!!” Zu deem Club gehéiert zoufälleg och den Eldoradio. Daat ass also genausou wéineg eng Referenz!!!

    Comment by Paatee 03.28.07 @ 0:37

    Also eierlech gesoot verstin ech net, weis du dei Radioen kann erofmachen, well RTL an ELDO sin dei 2 meescht gelauschtert Radio hei zu letzebuerg.

    Ech sin fir Meenungsfräiheet an esou, mee daat waats du vun der gess, dofir kann een sech nemmen schummen, well du kenns mech net, du kenns weeder een vum RTL nach ELdo wanns du esou sachen schreiws, et ass ememr gudd, wann een sech hannert sengem PC kann verstoppen! Gell du!!

  28. Pingback: sad autumn
  29. wei mengs du daat ween ech sin? Mengs du mech als persoun, oder frees du daat fir ze wessen firwaat ech mech esou ansetzen, fir den RTL an den Eldoradio? Drecken mir mol et esou aus, ech sin eent, waat immens gudden Kontakt zum Eldoradio huet, wei och zum RTL! An wei gesoot ech kennen dei Leit immens gudd fir ze wessen, dass se all deem net entsprichen waat dir hinnen am Ufank wirgeworf hudd! Wanns du wees waat ech mengen.

  30. Lolotta: hei verstoppt sech op alle Fall keen “hannert sengem PC”, well am Géigesaatz zu dir huet hei baal jiddereen säi Post mat sengem Numm ennerzeeschend, an oft besteet eng Kontaktméiglechkeet (Homepage / e-Mail).

    An just well een un eppes Kritik ausübt, an dësem Fall offensichtlech Eldoradio, ass et nach ëmmer jiddrengem fräi iwwerlooss ob en dat wëll veröffentlechen, an ob en sech domat un Eldoradio direkt wend oder un de breeden Publik. Nëmmen well den Thierry dat lo hei an engem Post geschriwwen huet, heescht dat op guer kee Fall dat en sech net géing trauen dat der Directrice vum Eldo an d’Gesiit ze soen. Dat Argument ass esou fundéiert wéi d’Behaaptung dat Orangen blo sinn.

    Mäi Pefferkär.

  31. Lalotta,

    wanns de jo sougudd bescheed wees, waat ass dann um Gerücht drun dass d’Directrice vum Eldo Karfreideg sain läschten Daag haat an ab en Dënschdeg den Alain B. (och Direkter vun RTL) lo deen Job iwwerhëllt bis op weideres?

  32. Frederico: Wanns de schon nach mattlies dann kann ech der och nach e puer Saachen iwwer den WAKY zielen. Also déi sin méi wéi eng Kéier matt ze staarker Sendeleeschtung erwëscht gin (kann een am Urteel vum Tribunal administratif noliesen waat een um Internet fënnt). D’Commission indépendante de la Radiodiffusion huet ausserdeem gemengt, dass den Betrieb net méi vun der ASBL mee vun enger s.à r.l. gemaach gin wier an dass den Maximum un Recettes publicitaires déi vun engem Réglement grand-ducal fir Lokalsender firgesinn sin (12.395 Euro pro Joer) iwwerschratt gin wier. Gudd wann een wees, dass beim WAKY en puer Leit geschafft hun, kann een daat schlecht oofstreiden. Noom Entzuch vun der Sendelizenz hun sie dun vun Arel aus op 107 gesend. Dëst ass eng Frequenz déi international zu Arel firgesinn ass, awer do net benotzt gin ass. Duerch den SWR4 op 107,1 war den Empfang zu Lëtzebuerg awer relativ schlecht. Sie sin dunn einfach op 95,0 gewiesselt, woumadder den Empfang zu Lëtzebuerg rem besser gin ass. Déi Frequenz ass net zu Arel firgesinn. WAKY haat zu kengem Zaitpunkt eng Lizenz an der Belsch an kann deemno als Piratensender ugesinn gin. Daat ass awer relativ egal, well an der Belsch maachen d’Radioen souwisou alleguer waat se wëllen (souguer zum Deel d’RTBF). Nodeems WAKY den Recours géint d’Decisioun vum Entzuch vun der Sendelizenz firum Tribunal administrativ verluer haat, hun se den ganzen Buttek un den belschen Sender MUST FM verkaaf. Deen huet dunn och d’Frequenz vun 95,0 op 89,5 geännert an send elo nach emmer do.

    (P.S. Ech haat nie eppes matt deem Sender ze din, och net mam Eldo an net mam RTL)

  33. Moien Paatee.

    Ech wees net op ech dierf soen, oder net, mee irgendswann get et jo sws ganz offiziel, tjo jo esou ass daat, an zwar dass Directrice net mei laang wärt Directrice beim Eldo wärt bleiwen! An dass een vum RTL Alain Berwick soll elo Rudder beim Eldo provisoresch soll iwerhuelen, daat ass een gerächt, waat awer iwerhaapt guer net stemmt, do kann ech just laachen, RTL Chef iwert den Eldo wou denk dir all hin!

    An Frederico, ech hun eng Mail adress, falls du daat nach net soll gesin hun!
    An firwaat ech keng HP hun, ass ganz einfach ech hun net dei Zäit mech emt eng HP ze bekëmmeren, ech haat eng, mee hun se rem weg gemeet, well ech null Zäit haat!

  34. Ech haale mech aus der Diskussioun eraus, mee just als kuerz Info: deng Emailadress gett net am Blog ugewisen (steet jo och do: “E-mail address will not be published.”), déi gesin nemmen ech. Mat all deene drecks Spambots géing hei soss anstänneg gecrawlt gin an d’Leit krite Spam just well se hei kommentéiert hun.

  35. Lolotta: ech hun der op kee Fall viergeworf keng Homepage ze hunn (fierwat sollt ech?), also “calm down”.
    Et ass eben just ëmmer zimmlech dubios wann een fiergëtt “Insider” ze sinn an dann awer op komplett anonym mëscht.
    Dat mat der eMailadress huet den Thierry jo lo erkläert. Boff ech mengen domat hun ech hei och alles gesot wat ech wollt soen.

    Ah ne hun eppes vergiess: Vive RTL! *SCNR* (dier verstidd … ;) )

  36. Majo Lalotta ech kann der jhust soen (aus éischter Hand) dass deng Informatiounen net ganz richteg sin…
    Weider dierf ech nix soen. Den Rescht gesais de jo dann noom 1. Mee, bis dohinner huet den Alain B. d’Soen um Pabeier iwwert den Eldo.

  37. Also fir als eischt ierch ze weisen dass ech nix ze verstoppen hun, ech heeschen linda K. an meng mail adress ass: lolotta01@yahoo.de

    An Federico et deet mir leed wanns du et esou opgeholl häss wei wann ech daat als Virworf opgeholl hät, daat ass absolut net den Fall!! Also Sorry, an ech sin ganz calm

    An Paatee, also wanns du aus 1 Hand wees, dass de Alain Berwick elo Rudder an der Hand iwert den Eldo huet, do kann ech just soen, dass deng Quelle guer net richteg leit!

    Ech kann just weis du soen, an 2 Wochen wessen mir mei, an daat mat grousser Wahrscheinlech keet nach virum 1 Mee!!

  38. @Lolotta

    Also eierlech gesoot verstin ech net, weis du dei Radioen kann erofmachen, well RTL an ELDO sin dei 2 meescht gelauschtert Radio hei zu letzebuerg.

    Denger Theorie no dierft een also och net d’wortchen rofmaachen, well dat ass jo di meeschtgeliesen Zeitung zu Lëtzebuerg … oder d’Bild an Däitschland?

    vox populi, vox rindvieh.

  39. bloGeescht

    Ech machen nix erof, ech soen weder eppes geint wort oder Bild oder soss eng Zeitung, ech soen just et sollen Leit net vertuelen, oder den Radio schlecht machen, well dei wessen jo waat gudd ukennt oder net, well sie sin jo op den 1 Plaatzen! Daat ass daat waat ech soen wollt

  40. Ech fannen dat ganz geféierlech wann een Leit net “vertuelen” (verurteelen?) soll, nëmmen well déi “wessen wat gutt ukënnt oder net, well si jo op den 1. Plaze sinn”.

    D’Geschicht weist, dass schonn oft Leit gemengt hunn, si wéissten wien dee Beschten ass, an dat wat dobäi rauskomm ass, dat war net vill Guddes. A fir hire Message lasszeginn an hir Ziler ëmzesetzen, do hunn ëmmer Medien eng Roll gespillt.

    Et ass also nach lang net esou, dass dat wat am beschten “ukënnt” dann och einfach gutt muss sinn.

  41. Hm also, et gin immens vill Emfroen gemeet! An do gin dann Leit gefroot waat se gären gewen um Radio lauschteren oder esou, eben eng ganz Parti Froen, an unhand vun deenen Froen an äntwerten wou do erauskommen, gin jo dei Programmer zesummengesaat! Wees de ech sin der Meenung wann engem eppes un enger Sendung net geet, soll een daat un dei Persoun schecken mat kopie un den Direkter!!! Anstatt hei! Well esou kann den Radio eischter Handelen an bleiwt net am donkelen an iwer leed sech op een daat eng 2 keier keint Brengen!!
    Mee an mengen Aen wor et guet nix schlemmes!

  42. Lolotta:

    “Wees de ech sin der Meenung wann engem eppes un enger Sendung net geet, soll een daat un dei Persoun schecken mat kopie un den Direkter!!! Anstatt hei! Well esou kann den Radio eischter Handelen an bleiwt net am donkelen an iwer leed sech op een daat eng 2 keier keint Brengen!!”

    Do ginn ech der natierlech deelweis Recht. Wann engem eppes net geet, dann ass et emmer gudd dat och deenen concernéierten direkt ze soen; fier dat se eben – wéis de scho sos – net am Donklen bleiwen.
    Trotzdem fannen ech et awer och legitiméiert, wann een, wéi hei den Thierry (ech hun dat och schon bei aneren Saachen op mengem Blog gema), iwwert gudd oder schlecht Erfahrungen öffentlech eppes schreift. Op engem Site wéi deem heiten kann donierft och *jiddereen* dat liesen kommen, an eng Reaktioun drop schreiwen. Souguer déi Betraffen selwer. Et ass also iwwerhaapt net “feig”. Et ass souguer nach vill méi oppen a fräi, wéi wanns de mat dengen Kolleegen doriwwer géings schwetzen. An och dat kanns de awer kengem iwwelhuelen: wann dech eppes genervt huet, dann ziels de dat sécher och bei Geleeënheit dengen Kollegen. Oder häls du ëmmer alles fier dech?
    Mat sengem Ruff, mat senger Reputatioun muss sech eben jiddereen auserneen setzen, Privatpersounen souwéi Entreprisen.

  43. Frederico
    Merci dass du mir deelweis recht gess merci :-)

    majo also ech sin an ganz eierlechen Mensch an soen dofir emmer wann mir engem un eppes net geet! Ech sin keen waat een blaat firun den Mond hellt, well an der SChoul soen ech emmer meng Meenung! Wann Proffen een onfair behandelen etc. Wei ech och mäin Stage gemaat hun, an mäin Patron gesoot huet, dass ech mäin Stage guer net gudd gemeet haat, dunn haat ech och zu him gesoot, dann gew ech daat gären klären wann mäin Tuteur vun der Schoul dobäi wir, an man siehe da, den Patron huet sech net getraut firun mengem Proff eppes ze soen, Firwaat? Wann ech een fehler machen, gestoen ech an gären an, well ech well aus mengen Fehleren leieren, mee wei schon gesoot, wann een net mat der Persoun direkt schwätz!

  44. Voilà Paatee: Kuck mol hei um site: http://www.eldoradio.lu/crew/

    An dann do bei der Direction steht den Numm vum neien Directer vun Eldoradio an zwar den Christophe GOOSSENS! Ech soot jo et kennt nach firum 1 Mee eraus :-))

    Bis dann

  45. moujen!
    dat mat dem “wouhin-an de popo” dat wor doch janz jut oder net?? mir hann deck driever jelacht… ma muss jop driever schätzten. dat ass doch neist schlemmes… oder war sout dir douzu
    ??

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *