Kleinkunstpreis

E Sonndeg war se erem, déi a mengen Aan wichtegst Präissverdeelung vum Joër: d’Academy Awards den däitsche Kleinkunstpreis. Spannend ass et zwar net, well schon am viraus d’Gewenner bekannt sin, mee flott ass et trotzdeem, zumols well den oniwwertrefflechen Dieter Nuhr (wéivill Kabarettisten hun eng Nummer wou d’Pointe sech op Quantenschaum an d’Stringtheorie bezidd?!) d’Evenement abermols moderéiert huet. De 17. März gett et wéi all Joërs um 3sat ausgetrahlt, um Deutschlandradio gouf et d’Highlights schon haut bei de Querköpfe. Eemol a mengem Liewen well ech definitiv an d’unterhaus – sou wéi den Théâtre des Centaures, just halt mat Stil.

Op zukünfteg Programmer vun der desjähreger Gewennerin vum Mainzer Förderpräiss, Martina Schwartzmann, sinn ech op alle Fall gespaant, sou een herrlech schwaarzen Humor.

Ech hun d’Sendung iwweregens opgeholl, wéinst der Längt vun knapp enger Stonn an offensichtleche Copyrightprobleemer setzen ech déi zwar net online, mee wien se well dierf sech gäre mellen an en kritt d’MP3 Datei.

[audio:foerderpreis2007.mp3]

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *