February 2007

Spiritualized

ass Enn Januar an der Rockhal opgetrueden?? Wann ech net souwäit ewech géing setzen, wier ech elo verdammt rosen, dass ech schon erem net éischter dovunner wousst. Firwat verpassen a leschter Zäit all déi gudd Kënschtler? Huet de Management an der Rockhal geännert, dass elo op eemol lauter gudd Muséker do spillen, oder ass dat een Uerder vun uewen, dass elo muss iwwerall een op Kultur gemach gin? (Näischt direkt géint Lëtzebuerger, mee wéivill Leit an deem Land hun iwwerhaapt schon eng Kéier vun där Band héiren?)
War een de Concert kucken? Op YouTube hun Clips sou eng mies Handyqualitéit do erkennt ee knapps dass et den Jason Pierce ass, geschweige denn den Toun wier anstänneg…

Politiker

“Mir zéien a Betruecht, datt mer op de Bierger lauschteren.” – Vera Spautz

Filmzitater: Plazen 10-6

10. Dead Poets Society (1989)
John Keating: “We don’t read and write poetry because it’s cute. We read and write poetry because we are members of the human race. And the human race is filled with passion. And medicine, law, business, engineering, these are noble pursuits and necessary to sustain life. But poetry, beauty, romance, love, these are what we stay alive for. To quote from Whitman, “O me! O life! of the questions of these recurring; of the endless trains of the faithless, of cities filled with the foolish; what good amid these, O me, O life?” Answer. That you are here – that life exists, and identity; that the powerful play goes on and you may contribute a verse. That the powerful play goes on and you may contribute a verse. What will your verse be?”

9. La Vità è bella (1997)
Guido: “You’ve never ridden on a train, have you? They’re fantastic! Everybody stands up, close together, and there are no seats!”
Giosuò Orefice: “There aren’t any seats?”
Guido: “Seats? On a train? It’s obvious you’ve never ridden one before! No, everybody’s packed in, standing up. Look at this line to get on! Hey, we’ve got tickets, save room for us!”

8. Patch Adams (1998)
Hunter Patch Adams: “All of life is a coming home. Salesmen, secretaries, coal miners, beekeepers, sword swallowers, all of us. All the restless hearts of the world, all trying to find a way home. It’s hard to describe what I felt like then. Picture yourself walking for days in the driving snow; you don’t even know you’re walking in circles. The heaviness of your legs in the drifts, your shouts disappearing into the wind. How small you can feel, and how far away home can be.
Home. The dictionary defines it as both a place of origin and a goal or destination. And the storm? The storm was all in my mind. Or as the poet Dante put it: In the middle of the journey of my life, I found myself in a dark wood, for I had lost the right path. Eventually I would find the right path, but in the most unlikely place.”

7. Finding Forrester (2000)
Forrester: “No thinking – that comes later. You must write your first draft with your heart. You rewrite with your head. The first key to writing is… to write, not to think.”

6. While you were sleeping (1995)
Lucy: “Do you believe in love at first sight? Nah, I betcha don’t, you’re probably too sensible for that. Or have you ever, like, seen somebody? And you knew that, if only that person really knew you, they would, well, they would of course dump the perfect model that they were with, and realize that you were the one that they wanted to, just, grow old with. Have you ever fallen in love with someone you haven’t even talked to? Have you ever been so alone you spend the night confusing a man in a coma?”

Nach ee Film

Net wéinst dem Kevin Kline, mee wéinst dem Thema vum Film: Mënschenhandel. Den Trailer gesäit op alle Fall gudd aus – a net nemmen well se dem Rufus Wainwright säin absolut genialen Agnus Dei als Hannergrondmusék geholl hun. De Film dréit den Titel Trade, an deen zyneschen Ennertitel Welcome to America. Gudd ze gesin, dass Hollywood sech deem Probleem endlech emol bewosst gett.

Filmer

Direkt zwee Filmer mat groussartege Schauspiller sti firun der Dier: eemol Across the Universe mam Evan Rachel Wood, an zweetens den plutôt irritéirende Film Premonition mam Julian McMahon.

T’wier een Argument, mol erem eng Kéier an de Kino ze goen.

Ech wees ech si spéid drun, mee de Gambia?!

Am Journal gett dat natirlech als groussartege Sieg gefeiert. Titop, d’Lëtzebuerger brauchen iwwer 11 Joër fir besser ze sin wéi dat klengste Land an Afrika dat et eréischt knapps 40 Joër gett. Lo si mer eng Fussballnatioun.

Mal wieder ein Stöckchen

De Joël well, dass ech sechs kurios Fakten iwwer mech verzielen. Ma dann mol lass.

Fakt #1: Ech verstin den Hype em Audiobicher net. Ech gin total nervös wann ech probéiren engem nozelauschteren wéi e mer ee Buch virliest. Dann liesen ech et léiwer selwer. Ech sin dofir awer een absolute Fan vun Hörspiller.
Fakt #2: Ech sin op souvill Saachen allergesch, dass net alles op d’Blaat gepasst huet, wéi ech mech hu missten beim NHS umellen.
Fakt #3: Ech hun an der Kantinn am Lycée no enger Engleschstonn mäin Iessen eng Kéier op Englesch bestallt – ouni et ze réaliséiren.
Fakt #4: Ech kennen nemmen eent vu mengen Gedichter auswänneg: The Dream, dat éischt Gedicht vu The Fallen.
Fakt #5: Wéi ech kleng war, wollt ech Astrophysiker gin. Ech hun ee ganze Schaaf voll mat Bicher iwwer Astronomie. Spéider wollt ech Quantenphysiker gin. T’gouf aus kengem vu béidem eppes, opgrond vu mangelnder mathematescher Kompetenz. D’Scientific American ass trotzdeem nach emmer déi eenzeg Zäitschreft, déi ech regelméisseg liesen. An op der Uni gin ech op all öffentlech Virliesung an der Astrophysik – t’gett all Mount eng.
Fakt #6: Ech lauschteren all Art vu Musék. Meng aktuell Playlist besteet aus Tim McGraw, Nelly Furtado, U2, John Paul White, Akon feat. Snoop Dogg, Arcacy, Madsen, Josh Groban, Fall Out Boy, Bird York, Eva Cassidy, Kozi, AC/DC, Switchfoot a Kim Frank.

Ech werfen et dann emol weider un d’Leti, de Federico an de Boultgen, well et bei deem sou roueg ass.

“I’m Liz Parker and five days ago I died. After that, things got really weird.”

Lo wou ech den Soundtrack gelauschtert hun an mer bessen Travis eragezunn hun, hun ech mer geduecht da kéinnt ech mer och mol erem eng Kéier d’Serie eranzéien, ass jo schon Joëren hier. Do fällt mer schon emol direkt op, de Kevin Weisman huet jo souguer am Pilotfilm matgespillt?! Allerdéngs ass de “Larry” wäitaus manner sympathesch wéi de “Marshall”.

Op alle Fall: T’ass eng Schaan, dass déi Serie no dräi Staffelen schon ofgesat gouf, si hat souvill Potenzial… A wat Musék ugeet, war déi Serie dat fir Enn vun de 90er onbekannte Bands, wat The O.C. fir onbekannte Bands an de leschte Joëre war. Traureg iergendwéi, dass déi Kënschtler op eemol esou bekannt goufen, dass fir d’DVD Versioun vill Lidder an der Serie hu misse geännert gin, well d’Lizenzen an der Zwëschenzäit einfach net méi ze bezuele sinn.

“Travis war iergendwéi ni mäi Fall”

Dat hun ech wierklech gesot?! Oh Mann… Ech hu keng Ahnung wat mech do geridden huet an u wéi eng mies Band ech geduecht hu bei deem Numm, mee jiddefalls sin ech elo grad iwwer dat Lidd gestolpert, wat mech deemols 2002 duerch de Roswell Soundtrack op déi Band opmierksam gemaach hat – “More than us” – an ech hun d’Hänn iwwer dem Kapp zesummegeschloen, well mer erem agefall ass, wien déi Band wierklech ass.

D’nächste Kéier wann ech eppes géint Travis soen, schlot mech w.e.g. :) Dee neien Album kennt iwwregens schon de 7. Mee, net eréischt Enn des Joërs. “The boy with no name” – mat 11 neie Lidder. No där Schaan misst ech den Album eigentlech direkt firbestellen…