They saved the cheerleader…

Tschö bis den 23. Abrëll ass nach sou laang. Ass jo schéin, dass et Heroes 360 gett, mee éischtens geet dat zu engem gudden Deel just fir Amerikaner, zweetens huet dat mech schon no den zwou éischte Wochen gestresst. Ech sin einfach kee Frend vun Alternate Reality Spiller. Just hier kleng Spoileren op Facebook fannen ech nach emmer cool.

4 thoughts on “They saved the cheerleader…”

  1. Kanns de mer keen Résumé vun der 2. Halschent vun der eischter Staffel man … ech hat awer rem de Fuedem verluer ;)

    Packen et just 24 an Lost ze kucken …

  2. “Heroes” ass awer mol e gudd Beispill fir eng Serie mat engem gréisseren Arc, net wi bei Lost, wou ëmmer nei Froen opdauchen an awer ni beäntwert gin (obschons di läscht Episoden do och net mi su schlëmm woren).

    Di Internet-Spiller fannen extrem méihsam; am Summer 2006 hat ech bei der Lost-Experience mat gemaat, mee fir Heroes 360 hun ech awer keng Loscht méi, just den Online-Comic all Woch lueden ech mer erof.

  3. Ech hu Lost ni wierklech gekuckt, puer mol ageschalt mee huet mech emmer genervt. Heroes 360 war am Ufank nach witzeg well een sech konnt op der Websäit vu Primatech aloggen a schon am Viraus Infos iwwer d’Hana an d’Candace krut mee ass wéis du sees et gett einfach ze méihsam. Mettlerweil hun se x Websäiten, zig Webloggen vum Hiro, vum Hana etc. an iergendwéi leeft dat Ganzt komplett onofhängeg vun der Sendung wat engersäits gudd ass, mee anerersäits mech dovun ofhällt mech weider domat ze beschäftegen.
    Dass bei Heroes de Storyarc sou komplex ass an awer Froen beenwert gin läit ganz einfach drun, dass sech all d’Auteuren treffen firun enger Folg, eenegen sech op eng Story an dann schreiwt all Auteur nemmen d’Szenen fir ee bestemmte Personnage, dat heescht all Auteur schreiwt un all Folg mat an kann sech ganz op ee bestemmte Personnage fixéiren an d’Froen ronderem deen am Detail analyséiren ouni am Hannerkapp gläichzäiteg déi komplett Geschicht fir all déi aner Charakteren mussen ze hun. An si hun ee Plang fir déi komplett Staffel schon vun Ufank u gehaat, dat gouf et bis elo an deem Stil just bei B5 wou et iwwer 5 Joër schon geplangt war. Dat erlaabt et Froen ze beenwerten, bei Lost ass et souwäit ech matkrut och well d’Auteuren gréisstendeels nach selwer net wessen wou et higeet (an si verarschen d’Leit, déi Zifferefolg déi emmer erem opgedaucht ass gouf an der Serie ni geklärt, dofir huet een missten d’Experience matmaachen). Dat ass halt typesch JJ Abrams, een Typ dee vun Hollywood als Genie gefeiert gett an eigentlech guer keng richteg drop huet. Dofir weisen all déi aner Regisseuren / Serieproduzenten mettlerweil jo och ganz strikt all Verglach mam Abrams of. :)

    @ Grommel
    Ehm… ok kuerz déi Saachen déi wichteg sin an déi mer elo sou direkt an de Kapp kommen well fir ee radikalen Résumé bräicht ech Stonnen. :)

    – De Mohinder an de Sylar hun zesummegeschafft bis de Mohinder dohannert koum dass dat de Sylar ass. De Mohinder huet eng nei Lëscht mat vill méi Nimm, den Sylar huet se gelies an vu dass en dem Charlie säi photographescht Gediechtnis geklaut huet, kennt en d’Lëscht elo.
    – Dem Hiro säi Papp ass en Deel vun der Organisatioun an huet dem Bennet d’Claire deemols gin dass deen op et oppaasst.
    – De Nathan ass dem Claire säi biologesche Papp. Dem Claire seng Mamm ass ee liewege Briquet.
    – Den Peter krut Hellef vum Claude fir seng Kräften ze kontrolléiren, dat huet och geklappt. De Peter kann elo fléien an sech onsichtbar maachen, an en huet sech selwer geheelt nodeems de Claude e vum Deveaux Tower rofgeheit hat.
    – Den Isaac huet d’Simone erschoss an der Meenung t’wier de Peter.
    – De Nathan schafft eigentlech fir den FBI an probéiert de Linderman hanner Gitteren ze kréien.
    – Dat schizophrent Jessica / Niki kämpft nach emmer géint sech selwer nodeems de Linderman et aus der Anstalt erausgeholl huet. Aktuell huet Jessica d’Kontroll an killt Leit déi vum Linderman gesot kritt, wéi et soll de Nathan erschéissen iwwerhellt d’Niki awer kuerz d’Kontroll a rett dem Nathan domat d’Liewen.
    – Den Hiro huet endlech säi Schwert an domat seng Kraaft erem.
    – Den Haitian huet op de Bennet geschoss an em d’Erennerungen un déi lescht Deeg geholl fir d’Claire a Sécherheet firun der Organisatioun ze bréngen fir dass d’Organisatioun net kann dem Bennet Erennerungen eraushuelen wou d’Claire ass. Dem Bennet seng Fra wees mettlerweil wat hiere Mann wierklech mecht a wat mam Claire lass ass a seet dem Bennet wat an deenen Deeg geschidd ass un déi en sech nemmi kann erenneren.
    – D’Claire leeft frum Haitian fort a probéiert un de Peter ze kommen ouni ze wessen dass dat säi Monni ass, a land bei beim Peter senger Mamm, dem Claire senger Bom, déi em seet wien si ass. Stellt sech eraus den Haitian huet déi ganzen Zäit fir d’Angela geschafft, net fir de Bennet.
    – De Matt ass ee Gefaangenen vun der Organisatioun nodeems hien, den Ted an d’Hana dem Bennet seng Famill als Geisel geholl haaten woubäi den Ted dem Bennet säin Haus an d’Luucht gebommt huet.
    – Lo wou den Haitian ee Rogue Agent ass, krut de Bennet eng nei Partnerin vun der Organisatioun: d’Candace, dat de Leit kann virtäuschen all méiglech Persoun ze sin. De Bennet gett awer kuerz drop selwer als Rogue Agent entlarvt wéi d’Candace em virgaukelt seng Fra ze sin an de Bennet mat em iwwer d’Claire schwätzt.
    – Den Hiro an den Ando reesen zesummen an Zukunft a stelle fest dass se d’atomar Explosioun net verhennere konnten.
    – De Sylar schneid dem Peter de Kapp op.

    Hm dat sin lo ongeféier sou déi dräi lescht Folgen. Woubäi ech garantéiert awer do och d’Hallschent vergiess hun, t’ass zevill fir ze resuméiren. :)

  4. jo ech haat en meinden och domm gekuckt wei keng nei heroes folge raus war. An 23ten Abrell as wirklech eng iwerdriwen lang Paus.
    Weinsten geet Lost weider, also ech fannen dei Show zwar ganz cool. Ok et sin zwar wirklech sou lues vill open frohen, mee et schenkt lo besser ze gin an deenen leschten folgen. Dei vil open Frohen, an mysterious zesummnehäng mescht daat ganzt awer och op fir eegen Theorien an Spekulatiounen.

    Wann mer schon iwert TvShows schwetzen well ech awer och nach Las Vegas erweenen. Also dei lescht folg vun der 4ter Season, wow! Do as an 40 minuten mei geschitt wei an deen leschten 10 folgen. Hoffentlech maan dei lo all Folg sou, natirlech ouni dei gudd camerafeierung ze verleiren :-).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *