Parlez-vous pas français?

Grad per Email geschéckt kritt, absolut genialen Text mee leider och allze wouer. Gett et dat richteg op CD oder hat do just een sech bessen ameséiert?

[audio:http://www.thesoundofseagulls.com/audio/pvpf.mp3]

14 thoughts on “Parlez-vous pas français?”

  1. Dat sinn dach die letzebuergesch Komiker/Fuessänger … weess awer hier Nimm net. Ech mengen et sinn déi, die och d’Hesperkutsch op luxenglesch sangen?

  2. “… mee leider och allze wouer”:

    Thierry, giffs du dann mat Unis-Diplom fier de Mindestloun an eng Bäckerei schaffe goen? Oder bei de Lamesch? Oder op e Schantgen? Ech wees net, obs de lo jo oder nee sees, mee ech wees dat di meescht Lëtzebuerger (mat Ausnahmen versteht sech) et op alle Fall net giffe maachen! Mee di arm Schwäin (an dat sin se) aus Frankräich, Däitschland an der Belsch maachen et awer dofier emsou méi gär. An dat si eis Sprooch net kennen, ass natierlech fier eis selwer net flott, mee wat kennen se maan? Et feelt definitiv un gudden Coursen, a wann, dann sin dat Owescoursen dei sou spéit sin dat munchereen deen nach laang am Auto setzt fier heem net vierun 12 bis 1 an der Nuecht rem zreck ass. An dann ass et och sou, dat vill Clienten, wann se mierken dat de Vendeur francophone ass, och automatesch franséich schwetzen, och wann deen anren guernet dono gefrot huet, an doduech um Léien gehënnert gëtt! An dat ass nëmmen een eenzegen Aspekt vun engem Thema, dat vill vill méi komplex ass wéi dat primitivt Argument “se schaffen bei eis am Land, also sollen se och eis Sprooch kënnen”. Wann et dach sou einfach wier …
    Vrun e puer Joër koum mol eng Reportage um RTL, wou se déi Problematik aus der Siicht vun den Auslänner behandelt hun, an et war schon iergendwéi erschreckend, wéi wéineg Méiglechkeeten si effektiv hun d’Sprooch ze léiren, an awer och wi intolerant a blann eis Matbierger op si reagéiren.
    Ech betounen dat ech heimat NET soen dat ech mech domat zefridde gin franséich mussen ze schwetzen, mee déi meescht Leit gesin dat Ganzt mat zimmlech “primitiven” Aen.

    Wat ech allerdings och iwwerhaapt net kann ausstoen, a wou ech och deementspriechend drop reagéiren, ass wann se onfrëndlech gin, à la “Français!” mat enger Schnëss wéi komm-leck-mech.

  3. Ech wees emol net, op ech iwwerhaapt zeréck op Lëtzebuerg kommen, vun dohier… ;) Mee Fall gesat ech géing, wann ech keng aner Arbescht géing fannen hätt ech kee Probleem domatter beim Fischer hannert der Théik ze stoen. Geld ass Geld, egal op ech Unisproff sin oder deem Proff säi Kaffiskichelchen verkaafen. Ech wier wahrscheinlech op Dauer net glécklech domatter mee ech misst mech eben domat offannen. Schantgen wier scho méi blöd, net well dat ennert menger Würd wier (ech hu kee Probleem domat meng Hänn knaschteg ze maachen, ech hu mer scho méi wéi een T-Shirt mat Ueleg verschmiert op der Arbescht), mee well mer de Réck elo scho wéi deet an ech do wahrscheinlech no enger Woch géing wéinst Bandscheiw an der Klinik landen. :)
    Ech hu Respekt virun deene Leit, déi déi Arbescht maachen, sierf dat d’Verkeeferin beim Fischer oder d’Kiwwelsjongen (frun deenen allerdéngs wäitaus manner well ech wees wéi schwéier dat fréier war an wéi einfach dat haut ass an si reegen sech trotzdeem vill méi op wéi déi Kiwwelsjongen firun 20 Joër) well ouni se wieren mer alleguer schéin opgeschmass. Wat mech awer stéiert sin déi Leit, déi mat hierem “mais nous en France” an “en français!” kommen soubaal een eppes seet. Ech verlaangen vun deem dee mer ee Croissant verkeeft och net, dass e kéinnt eng intellektuell Diskussioun op lëtzebuergesch mat mer féiren, mee wann ech ee Muffin bestellen an da gin ech schief ugekuckt a kréien frech erklärt dat wier “un petit cake” gin ech rosen. Sou richteg rosen. Ze soen “dat mécht zwee Euro w.e.g.” amplaz “deux euros!” ass och näischt Komplizéiertes. A baal all Beruf muss een bestemmte Fachbegreffer kennen, dat muss ech souguer als Student. Do hun ech och scho Clienten missten op franséisch servéiren, do hun ech dann eben och missten d’Nimm vun de Maschinen op franséisch kennen. Déi puer Wieder déi se an hierem Beruf brauchen, kéinnte se roueg wessen! Dofir brauch et och keng Coursen, esou eppes reeft ee ronderem mat op. Wat ech an der Rei fannen ass, wann ee kann lëtzebuergesch schwätzen, awer si enweren op franséisch. Net well ech kee franséisch well schwätzen, mee well dat mer weist, dass se een Effort maachen (wat ech bis elo nach net oft erliewt hun).

  4. am Liewen muss een och emol zwëschen den Zeilen liese kënnen, och wann dat schwiereg ass resp. een dat ni an der Schoul oder soss als “Fach” geléiert huet.

    Dass dat hei Lidd entstaanen ass, op Grond vun deenen: “… wann se onfrëndlech gin, à la “Français!” mat enger Schnëss wéi komm-leck-mech…” ass jo deemno net auszeschléissen, oder?

    an da stëmmen ech dem Thierry zou, wann hien seet: … mee leider och allze wouer …

    Op do eppes anescht riwwer kënnt, ass jo jidderengem senger Phantasie – lies: Erfahrung – iwwerlooss.

  5. Ech hu mech bei mengem Kommentar alleng op dat, wat den Thierry geschriwwen huet bezunn, an net op d’Lidd.

    D’Lidd lo an allen Detailer ze interpretéiren iwwerloossen ech engem anren ;)

  6. Salut,

    ech sin nei am blog buisness, mee ech kommen awer schon zenter puer meint op deng seit, hun deng verschidden vun dengen artikelen genial fonnt, mee desen ass mer am hals henken bliwen?

    ech schreiwen grad op mengem eegenen blog eng entwert op dein artikel, ech wollt der awer fir deischt puer froen stellen ;)

    wei gesot dein satz “mee leider och allze wouer” bezitt sech jo op dlidd, d.h. du bass awer mat den aussoen vum lid anverstaanen?

    an dengem beispill vum bäcker sees de “(…) wann ech ee Muffin bestellen an da gin ech schief ugekuckt a kréien frech erklärt dat wier “un petit cake” gin ech rosen (…)” … fenns de net dass deng anstellung a bessen ontolerant ass? denger meenung no mist also all mensch deen zu letzebuerg schafft sech op letzeburgesch enerhaalen kennen? wirs do dofir dass leit dei keen letzenurgesch kennen och net duerfen hei am land schaffen, bzw wirs de dofir dass een test angefouert get wou leit auslänner mussen bestoen, wann se durchfaalen kreien se keng arbescht ..?

    bass du der meenung dass auslänner nemmen onqualifizeiert arbescht zu letzebuerg machen? z.b. mengs du dass den direkter vun eiser uni een letzebuerger ass? mengs de direkter vun der kulturfabrik wir een letzenurger? du hass bestemmt och nemmen letzeburgesch proffen an der schoul?

    megs de wirklech all fransous wou bei eis am land schafft ass ouni qualifikatiounen? … du bass dovunner ausgaang dass fransousen hei am land sou jobs unhuelen wei z.b. kiwwelsjongen spillen? d.h. heescht wuel dass du dovunner ausgees dass bei banken, an informatik firmen, bei rtl an sou weider keng fransousen schaffen? … huelen mer mol et geifen z.b. an banken awer puer fransousen schaffen, aus wei engem grond mengs de hun se deen job kritt? well se franseisch schwetzen? well se manner qualifikatiounen hun wei een letzeburger?

    elo kommen ech zum ausland, du bass weis de selwer sees op der uni aus ausland, wanns de dann do bei den becker gees, frees de do och op letzeburgesch dein muffin? wanns de dein muffin an der sproch vum deem land frees, mengs de den verkeefer geif den geck mat dir machen wanns de net perfekt seng sproch behärschs?

    sou daat war et, freen mech schon op deng entwerten, den chris ;)

  7. Salut.

    Ech gesin du bass zwar schon e puer Méint hei, mee dann awer mol nodréiglech wellkomm bei de lëtzebuergesche Blogger. :)

    Iwwert dat wat am Lidd gesongen gett si jo Fakten. Ouni ze interpretéiren wat hannert deenen Aussoen stécht mengen ech kennen mer eis eenegen, dass een oft genuch mat engem “S’il-vous-plaît, parlez-vous pas français?” konfrontéiert gett? An deem Senn sin ech mam Lidd averstaanen, jo.

    T’ass mir esou laang wéi breet, wéi déi Persoun hannert der Théik ee Muffin nennt, ech fannen et awer eng Frechheet wann een als Client ee Muffin bestellt an da gett ee beléiert dat wier falsch. Ass et Intoleranz wann ech verlangen, dass ech dat kréien wat ech bestellen ouni mer mussen unzehéiren ech wéisst net wéi een dat op Häckefranséisch nennt (well, si mer mol éierlech, “cake” ass a war ni ee franséischt Wuert). Ass dat Intoleranz wann ech vun enger Persoun déi bei engem Bäcker beschäftegt ass verlaangen ze wessen wat ee Muffin ass?

    D’Fro op all Mënsch deen zu Lëtzebuerg schafft muss lëtzebuergesch kennen schwätzen hun ech schon an der Enwert op dem Federico säi Kommentar gin: nee, muss se net. Et geet mir duer, wann se mech op lëtzebuergesch versteet. Well ech – net nemmen vun auslännesche Matbierger mee vu Menschen allgemeng – verlaangen, dass een sech un seng Emwelt upasst a net radikal dovunner ausgeet e Land misst sech änneren well een aus enger anerer Kultur kennt. Ech verlaangen och net, dass se sech kennen perfekt op lëtzebuergesch ennerhaalen, mee de lëtzebuergesche Wuertschatz deen zu hierem Beruf gehéiert sollten se beherrschen. Dat ass fir mech net eng Uferderung un d’Auslänner per se, mee all Mënsch sollt d’Fachbegreffer vu sengem Beruf kennen, op dat elo “Bréidchen” ass oder “Iwwerweisung” ass. Et gehéiert fir mech awer genausou dozou, dass ee lëtzebuergeschen ugestallten déi Fachbegreffer och op franséisch kann, falls ee franséische Client kennt. D’Firma huet sech drem ze beméihen de Client ze verstoen, net emgedréit.

    Ech sin dofir, dass den Auslänner adäquat Méiglechkeeten gebueden gin, eis Sprooch ze léiren. An jo, ech sin dofir, dass se no deem Cours zumindest mussen beweisen, dass se eent un hiere Beruf ugepassten Gespréich op lëtzebuergesch kennen féieren.

    Moooooment. Ech sin a mengem Komentar just op d’Bäckeren an d’Kiwwelsjongen agaangen, well dat déi zwou Gruppen waaren déi de Federico ugeschwat huet, an zumindest mengem subjektiven Emfannen och zwou vun deene Berufsparte sin, wou haaptsächlech auslännesch Matbierger beschäftegt sin, well kee Lëtzebuerger se well maachen. Ech wees natirlech, dass den Direkter vun der Uni Lëtzebuerg kee Lëtzebuerger ass, ech war emmerhin och selwer op der Uni Lëtzebuerg. Ech sot ni, d’Auslänner géingen just déi sougenannten Drecksarbescht maachen. Et kléngt esou wéi wanns de mer géings ennerstellen ech géing soen d’Fransousen géingen de Lëtzebuerger d’Arbescht ewech huelen? Dat hun ech ni gesot. Ech sot just, wann een an engem Land schafft, soll een och déi Sproch zumindest bis zu engem adäquaten Niveau beherrschen. Ech sin dee Leschten dee géing iergendeppe géint d’Auslänner un sech soen. Ech kennen awer genuch Leit, déi sech ustrengen fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze léiren, och wann dat richteg schwéier fir se ass wann ee bedenkt wéi eng Mammesprooch se hun (ech hun zum Beispill eng amerikanesch Frëndin, dat huet just e puer Méint zu Lëtzebuerg geliewt an et huet sech trotzdeem all Méi gin fir ons Sprooch ze léiren, och wann eis Sprooch voller Lauter ass, déi fir englesch Mammesproochler onheemlech schwéier auszeschwätzen sin).

    Däi Verglach mam Bäcker am Ausland geet eigentlech géint alles wats de firdrunner gesot hues. Wann ech hei am Ausland sin, hun ech mech un déi Kultur an déi Sprooch unzepassen, ech schwätzen selbstverständlech englesch mam Bäcker. Ech sin dee Moment jo den Auslänner deen sech ze integréieren huet. Wann ech zu Lëtzebuerg bei de Bäcker gin, muss ech mäi Croissant awer op franséisch bestellen, also muss ech mech un een anert Land upassen obwuel ech a mengem eegenen sin. Fir dat elo mat engem Fransous ze illustréiren dee géing hei a Wales bei engem Bäcker schaffen: dee géing vun de Walliser verlaangen, dass se hier Pastry op franséich bestellen. Do ass dach eppes faul. Nee, d’Leit hei si fein wann een sech emol verhaspelt (kennt jo mol um Ufank eben fir bis een sech dru gewinnt huet permanent eng friem Sprooch ze schwätzen). Du ennerstells mir awer ech géing de Geck mat engem Fransous maachen wann en sech verhaspelt oder em dotescht ee franséischt Wuert erausrëtscht. Wéini a wou hun ech gesot ech géing de Geck mat engem maachen deen eng Sprooch grad eréischt léiert?

    Ech hoffen ech konnt deng Froen beenwerten. :)

  8. chapeau, Thierry….. ähm “Bravo !!!”, soe mir hei zu Letzebuerg *g*
    wann een sech öffentlech muss rechtfertegen, fir wann een an sengem eegene Land seng Mammesprooch schwätzt…

    Mir ass et fir kuerzem passéiert, dass ech an der Keess vum schéine Stär zu enger Ugestallten vun deem Buttek gesot hun, ech hätt Mënz fir de geneeën Betrag “septante centimes” ze bezuelen. Firwat och ëmmer ech dee bellschen Ausdrock gebraucht hun, weess ech net – mir mussen jo “multilingual” sinn – jiddefalls huet déi Persoun mir méi wéi onfrëndlech geäntwert: si waer “française” an da waer dat “soixante-dix centimes”.
    Meng Aentwert dorophin war kuerz a präzis: “Madame, vun elo un schwätzen ech nach just Lëtzebuergesch mat iech, an do heescht dat siwwenzech Zantimm”.

  9. Gutt geschwat, Thierry! Ginn der 100% Recht.

    Dem Chris seng Argumentatioun kann ech net novollzéien.

    Den Direkter vun der Uni kann iwwregens ganz gutt Franséisch AN Däitsch, an domadder versteet hien ouni Problemer och Lëtzebuergesch.

    Mir ass grad gëschter am “Schéine Stär” opgefall, dat een ewell mat “Moien” ugeschwat gëtt, an net méi mat “Madame/Monsieur, s’il vous plaît?”, wat mech och schonn ëmmer opgereegt huet. Dat huet dann dozou gefouert, dat d’Lëtzebuerger ënnereneen scho Franséisch geschwat hunn.

    Ech schwätzen konsequent Lëtzebuergesch, och wann ech op Franséisch geäntwert kréien. Wann se guer näischt verstinn a wéinstens esou man, wéi wann hinnen dat géing leed doen, fannen ech dat nach akzeptabel a bleiwe frëndlech.

    Wann se awer frech an arrogant ginn, kann ech op emol ganz fläisseg an ouni all ze schlëmmen Accent Franséisch schwätzen an hinne ganz sec erklären, wat ech vun hirer Arroganz halen. Dat ass ëmmer zimlech efficace.

  10. zali,

    merci fir deng entwerten daat helleft mer dech besser ze verstoen … wei gesot schreiwen ech grad een text zum theme letzeburgesch schwetzen an wert deng kommentarer do anbauen … ech well just nach betounen dass et mer net drem geet dech ??ffentlech “ze beien” mee du bass denken stellvertriedend vir eng ganz rutsch un leit an eiser gesellschaft, d.h. sollt ech der eppes virwerfen, dann ass dei remark fir dganzt land an net just fir dech elleng ;)

    hun och deen artikel vum deitsch prof gelies, deen et onrecht fennt dass hien net nemmen op deitsch zu letzebuerg schwetzen kann …

    ah jo nach eng fro un iech all ;) waat ass dei offiziel sproch vun letzebuerg … denkt mol driwer no … een klengen tip et ass net letzburgesch :D

    —-

    dem dePapp sein beitrag hut mech wirklech lachen gedoen, hien seet nämlech 100% waat den thierry seet mee ennermauert daat ganzt nach mat enger gudder portioun rassismus fir dass och deen domsten versteet dass hien keng auslänner kann leiden.

    —-

    waat den Maach4un mer well soen verstin ech net … hien seet “Ech schwätzen konsequent Lëtzebuergesch” … dun sin ech op seng webseit, an gesin dass dei meecht texter op deitsch sin …

  11. ah jo nach eppes, ech fannen dest thema einfach nemmen genial, eis sproch ass mir wichteg, ech hun mech schon oft gefrot wir et net besser wann letzeburgesch geif an der schoul geleiert gin amplaatz am eischten schouljoer deitsch … virwaat kann ech meng dokumenter net op letzeburgesch ausfellen anstatt op franseisch an natirlech villes mei … ech hun mech gefrot ob ech mein blog soll op letz oder deitsch oder franseisch oder englesch schreiwen … well schreiwen kann ech an allen sprochen, mee dfro ass wien liest meng texter …

    ech sin frou elo endlech hei eng platz fonnt hun fir mein artikel iwert eis sproch ze fellen an vun diversen leit feedback kreien …

    waat mech awer total wonnert ass dass des diskussioun mam thema sproch ungefaangen huet an elo mam dePapp sengem kommentar zu rassismus iwergesprongen ass, äusserst schuet fannen ech et dass keen sech doriwer opreegt, also ech wees et kemmen keng drei dausend leit pro daag desen artikel liesen, mee emmer rem gesin ech leit total krass aussoen machen, an keen wiert sech dergeint, jiddereen kuck sech daat passiv un an keen wei gesot traut sech eppes ze soen, daat ass traureg.

  12. Pingback: sad autumn
  13. @Chris

    Wann ech soen, “ech schwätze konsequent Lëtzebuergesch”, da bezitt dat sech op d’Situatioun an de Geschäfter hei zu Lëtzebuerg, vun där ech just am Saz uewendriwwer geschwat hunn.

    Genee dovunner huet och dePapp geschwat, an ech kann doranner näischt Rasistesches fannen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *