Quarks & Co.

Als gudde Lëtzebuerger muss een e kennen: de Ranga Yogeshwar. De Mann mat de villen Auszeechnungen, Kurator vun sou renomméierten Arichtungen wéi dem Max Planck Institut fir Gravitatiounsphysik, der Arbescht iwwert Experimentelle Elementarteilchenphysik und Astrophysik, an der Fernsehsendung Quarks & Co. um WDR. Firwat muss een e kennen? Well et en halwen Lëtzebuerger ass (wien de Numm kuckt dierft mierken, dass déi Hallschent seng Mamm ass) an zu Lëtzebuerg opgewuess ass. Laang Ried, kuerze Sënn: seng Sendung ass zanter enger Zäitchen och als Videopodcast ze kréien. Fernsehsendung als Podcast, ass dat net langweileg? Ech krut leider ni de WDR a lo scho guer net, an lo wou ech et als Podcast kann kucken muss ech soen fannen ech et schued, dass ech se ni konnt kucken. E puer Saachen déi ech geléiert hun:

– Bei Powernapping ass alles iwwer 30 Minuten ongesond – dono fällt ee nämlech an Déifschlof an et ass ee geriedert wann een erem erwecht.
– Wann een Zwilling femmt ass d’Wahrscheinlechkeet, dass säin Zwilling och femmt 63%. Wann et sech em eeneeëg Zwillingen handelt ass et esouguer 75%. Dat gellt och wann d’Zwillingen getrennt opwuessen a näischt vun eneen wessen. (Nierwebäi ass de Yogeshwar iwwregens selwer een Zwilling.)
– Wann een eng Glace esst, killt de Kierper net of mee e wiermt sech op. Eng Glace ass zwar kaal, mee voller Kalorien, an während de Kierper déi verbrennt wiermt en sech op.
– Wann ee sechs mol volltankt huet ee souvill Kilo CO2 produzéiert wéi den Auto weiht.
– No 36 Stonnen ouni Schlof fänkt ee normale Mensch un ze halluzinéiren. No 48 Stonnen gett déi kierperlech Péng esou grouss, dass et onméiglech ass sech aus eegener Kraft nach waakreg ze haalen.
– Ee gebrachent Herz gett et net nemmen a Kitschromaner a Filmer, mee ass eng real schwéiervéigend Herzstéirung. D’Medeziner nennen et Tako-Tsubo-Kardiomyopathie an d’Symptomer sin ähnlech deene vun engem Herzinfarkt.
– Sech beim Léiren guer net oflenken loossen ass Quatsch. Beim Auswennegléiren helleft et sech all hallew Stonn e puer neutral Biller vu Landschaften a Natur unzekucken – dobäi entspaant d’Gehier an huet dono erem méi Energie.
– Kleng Kanner léiren näischt vun der Telé. Si verstin Erklärungen eréischt, wann een hinnen se live weist. Mam Alter vergréissert sech d’Potenzial zwar vum Bildschirm ze léiren, erreecht awer ni dee selwechten Niveau wéi wann een et direkt erklärt kritt.
– D’Energie déi fräigesat gett wann eppes zerbrécht ass theoretesch staark genuch fir de Prozess emzekéiren – eng Taass déi op de Buedem fällt an zerbrécht produzéiert genuch Energie fir theoretesch erem zeréck an d’Luucht ze fléien an sech erem selwer zesummenzesetzen. D’Entropie mécht deem awer ee Stréch duerch d’Rechnung.

Fir d’iTunes Fanatiker gett et de Podcast natirlech och am iTunes Store, an zwar hei.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *