Francophonie – déi Drëtt

De leschte Kommentar vum Chris zu deem éischte Post iwwert Francophonie zu Lëtzebuerg ass mer direkt ee neien Post wert. Firun allem well wahrscheinlech net méi vill Leit d’Kommentarer vun deem Post nach liesen gin, an ech well d’Diskussioun awer weiderféiren.

Als alleréischt emol well ech eppes opklären, de Chris behaapt nämlech a sengem Kommentar foljhendes:

ah jo nach eng fro un iech all ;) waat ass dei offiziel sproch vun letzebuerg… denkt mol driwer no… een klengen tip et ass net letzbuergesch :D

Huel emol léiwer nach eng Kéier déi Geschichtsbuch eraus. Dat ass nämlech absolut falsch. D’Gesetz vum 24. Februar 1984 (mam Titel loi sur le régime des langues an ze fannen am Memorial A, Nummer 16 vum 27. Februar 1984 op de Säiten 196ff) hällt nämlech am Artikel 1 fest: “Le luxembourgeois est la langue nationale des Luxembourgeois.” Bei Verwaltungsugeleegenheeten an bei juristesche Belanger kann een ausserdeem vu Däitsch a Franséisch Gebrauch maachen, wéi am Artikel 3 vum selwechte Gesetz nozeliesen ass. Lëtzebuergesch ass awer genausou erlaabt, an wann een sech an enger Affaire op lëtzebuergesch un ee riicht, ass dee gesetzlech dozou verpflicht och op lëtzebuergesch z’enwerten.

Dann verléiert de Chris d’Nerven:

dem dePapp sein beitrag hut mech wirklech lachen gedoen, hien seet nämlech 100% waat den thierry seet mee ennermauert daat ganzt nach mat enger gudder portioun rassismus fir dass och deen domsten versteet dass hien keng auslänner kann leiden.

Ech wees, du bass relativ nei an der Blogosphär dofir kruus de dee grousse Sträit firun gudd annerhalwem Joër wahrscheinlech net mat, also loos mech der kuerz rékapituléiren wat mir Blogger deemols festgestallt hun: Eng Meenung iwwer aner Leit fällen, just opgrond vun deem wat ee liest, geet schief. Et hat deemols nämlech schon eemol een iwwert eng ganz Rei aner Blogger geurteelt, an dat hat eng wochelaang Diskussioun mat sech gezunn. Mettlerweil ass dee Sträit zwar geléist, an mir verdroen eis, mee soubaal een aneren dee Feeler mécht, stéisst en garantéiert erem op de selwechte Widderstand. Bon, zu deem wat ech dann eigentlech well soen: wouhier em alles an der Welt hells de der d’Recht, dePapp als Rassist ze bezeechnen? D’Caissière war frech mat him, obwuel hien sou fein war a franséisch geschwat hat. Dass een dann rosen gett, ass net rassistesch, mee mënschlech. Ausserdeem, souwäits du wees, kéinnt dePapp och selwer zum Beispill Afro-Amerikanesch sin. Wann en och wäiss ass, kann säi Kommentar jo guer net rassistesch gewiecht sin, well dee Moment gehéiert hien zu der selwechter Rass ewéi déi franséisch Caissère – tëscht Rassismus an engem Land besteet emmerhin keen Zesummenhang.

waat den Maach4un mer well soen verstin ech net… hien seet “Ech schwätzen konsequent Lëtzebuergesch”… dun sin ech op seng webseit, an gesin dass dei meecht texter op deitsch sin…

Dat ass säi fräie Choix op däitsch ze bloggen. Ech bloggen och an där Sprooch déi mer grad an de Kapp kennt, meeschtens ass et mer souguer egal op d’Lieser dat elo verstin (gesäit ee schéin un de Posts op Maori zum Beispill). Den Ennerscheed ass, hei zwéngt mech keen eng bestemmte Sprooch ze schwätzen, wann ech mäi Bréidchen kaafe gin, sin ech praktesch gezwongen dat op franséisch ze maachen och wann et mer guer net dono ass déi Sprooch ze benotzen.

eis sproch ass mir wichteg, ech hun mech schon oft gefrot wir et net besser wann letzeburgesch geif an der schoul geleiert gin amplaatz am eischten schouljoer deitsch… virwaat kann ech meng dokumenter net op letzeburgesch ausfellen anstatt op franseisch an natirlech villes mei…

Do si mer eis eenz. Mech nervt dat och. Zumols well ech mer d’Grammaire hu misste selwer bäibréngen, an ech oft genuch eppes falsch maachen. T’reegt mech onheemlech op, wann zum Beispill d’party.lu Generatioun eis Sprooch sou verstümmelt.

ech hun mech gefrot ob ech mein blog soll op letz oder deitsch oder franseisch oder englesch schreiwen… well schreiwen kann ech an allen sprochen, mee dfro ass wien liest meng texter…

Firwat net alles? De Lëtzebuerger versteet alles, an wanns de een Artikel hues wous de wells, dass méi Leit e verstin, kanns de deen jo op Englesch oder Franséisch tippen.

ech sin frou elo endlech hei eng platz fonnt hun fir mein artikel iwert eis sproch ze fellen an vun diversen leit feedback kreien…

Freet mech, dass ech konnt hellefen. :)

waat mech awer total wonnert ass dass des diskussioun mam thema sproch ungefaangen huet an elo mam dePapp sengem kommentar zu rassismus iwergesprongen ass, Äusserst schuet fannen ech et dass keen sech doriwer opreegt, also ech wees et kemmen keng drei dausend leit pro daag desen artikel liesen

Éierlech gesot mécht dee Kommentar mech rosen. Hues de iwwerhaapt eng Ahnung wat Rassismus ass? Hues de schon eng Kéier ee richtegen Rassist kenengeléiert? (Ier déi Fro elo opkennt, jo, ech hun.) Emol ganz ofgesin dovunner, dass de Kommentar vum dePapp emol net friemenfeindlech ass, ass e scho guer net rassistesch. Wien friemenfeindlech war bei där Affaire war d’Caissière, dePapp huet just adäquat reagéiert. Et kennt mir éierlech gesot e bessen fir, wéi wanns de ee Politically Correct Fanatiker wiers, deen esou drop fixéiert ass, iwwerall an hannert allem direkt eng Beleidegung z’erkennen, dass de guer net erkenns wat wierklech geschidd. Dass du dePapp als Rassist bezeechens ouni weder ze wessen, dass Rassismus a Xenophobie zwou verschidde Saachen sin an ouni dePapp ze kennen, fannen ech wäitaus méi schlemm, wéi dass dePapp op lëtzebuergesch geänwert huet nodeems d’Caissière frech gouf well säi Franséisch hier net gudd genuch war. Dat haas du iwwregens selwer ugeschwat, du haas mech nämlech gefrot op d’Briten géinge de Geck mat mer maachen wann ech ee Feeler soen, dunn sot ech nee an ech géing dat och ni emgedréit maachen. D’Caissière huet dat awer hei gemaach – an engem friemen Land wou hier Sprooch emol net déi offiziell ass!

mee emmer rem gesin ech leit total krass aussoen machen, an keen wiert sech dergeint, jiddereen kuck sech daat passiv un an keen wei gesot traut sech eppes ze soen, daat ass traureg

Nach eng Kéier: hues de schon eng Kéier ee richtege Rassist oder Xenophob erliewt? Sou een deen deen erem heem geet, wanns de een afro-amerikanesche Kolleeg owes mat an de Café bréngs a ni méi mat der schwätzt? Een dee mat Kommentare kennt ewéi “ech hat gemengt du wiers ee vun eis“?

3 thoughts on “Francophonie – déi Drëtt”

  1. well hei net allzefill lange kommentar schreiwen mee ganz kuerz:

    chris iers de hei eppes an den falschen hals kriss; ech mengen mir sin ons all eenz dass een rassismus soll bekämpfen a wameiglech net passiv ennerstetzen.

    allerdengs kann een et iwerdreiwen wei den thierry jo schon soot.
    ech giff mech och opreegen wann ech giff sou korrigeiert gin vun all aner persoun wei mengem franseischproff; en fransous deen sech d’meih mecht letz ze schwetzen maan ech och net fun uewen roof un wann en en “fehler” mecht. woubei dat hei net mol en fehler ass ech hun och fill fransousen hei op der uni an der belsch dei soen och all septante.

    ech ging mech grad sou opreegen wann een letz mer ging soen ech soll soen hubschrauber an net helikopter bzw vis-versa oder schnell amplatz rapid oder vis-versa, beid sachen hun ech am letzeboieschen heieren an obwuel ech perseinlech eent dofun jeweils leiwer hun moossen ech mer awer net un en aneren doweinst unzegranzen.
    dat ass keen rassismus mais en kolli platzen vis-a-vis fun enger toleranzgrenz dei beschränkt an net vertriedbar ass; an dass dat een nach mei opreegt wann et an sengem eegenen land ass wou een eben noutgedrongen eng aner sproch schwetze muss an den geigeniwer dat ganz gutt wees as normal.

  2. Een Dag ouni de PC ze benotzen, an da geschitt scho sou eppes. ;)

    1. Hoffen ech, dass kee mengt ech wier dee Chris, wat mengem Image als lidderegen, mee absolut all Konfrontatioun ofgeneigte Blogger schuede kéint.
    2. Wou fannen ech dem dePapp säi Kommentar? Ech hunn e gesicht, mee néirens entdeckt.
    3. Sténkeren ech nach e bëssen: du hues zevill Sitcoms gekuckt, soss géifs de net Afro-Amerikaner, mee Afro-Europäer schreiwen, wat méi adäquat wier. ;)
    4. Full ack.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *