Francophonie, déi Véiert

De Chris huet säin laang erwaarten Artikel veröffentlecht. Well een do am Blog net kann kommentéiren ouni ageloggt ze sin, kennt mäi Kommentar dozou dann heihinner.

En éischte Punkt, deen ech do wéillt opgräifen ass, dass en op de Mangel u Kenntnis hiweist wat lëtzebuergesch Grammatik ugeet. Wann de Chris eppes offizielles schreiwt, benotzt en ee Spellchecker, bei enger E-Mail ass et em egal. Dat fannen ech esouwäit nach korrekt, och wann et mech als Linguist (oder mat menge siewe Sproochen mengen ech kann ee mech scho baal Sproochefanatiker nennen :)) nervt, een Text ze liesen, dee mol net probéiert sech un e konsistente System ze haalen. Dat awer just esou um Rande, emmerhin ass dat net den Haaptpunkt vum Post an ech well net vill Zäit dorop verschwenden.

Een intressante Problem deen de Chris uschwätzt ass de Fait, dass Lëtzebuergesch an der Schoul net enneriicht gett well dat schon eleng aus Zäitgrenn net méiglech ass. Do froen ech mech awer wéi dat ass mat de lëtzebuergesche Coursen déi een zumols am 6. Schouljoër an op Septième huet; firwat gett do meeschtens just ronderem geblödelt oder allenfalls de Rénert gelies, amplaz de Kanner serieux Grammatik bäizebréngen an e besse méi ee breet gefächerten Abléck an d’Luxemburgensia ze gin? Ech war op enger A1, déi jo mettlerweil just nach A heescht, an hat 5 Stonnen Franséisch, Däitsch, Englesch an 4 Stonnen Italienesch pro Woch. Firwat net bei den éischten dräi Sproochen eng Stonn ewech huelen an dofir och dräi Stonnen lëtzebuergesch pro Woch? Wann et op iergendenger Sektioun logësch wier, lëtzebuergesch z’ennerriichten, dann op enger A. Dass déi vun enger A dann méi iwwer Lëtzebuergesch léiren wéi déi, déi et just op 7e hun ass evident, mee dat ass bei all deenen anere Sproochen souwisou och schon esou.
De Problem vu Mathé, Chimie, Physique etc. hun ech aus enger anerer Perspektiv erliewt, déi hat ech nämlech net wéi de Chris op däitsch, mee op franséisch. Bio hat ech ufanks op däitsch a spéider och op franséisch.
Fir all déi franséisch Fanatiker an den Naturwessenschaften fir dass d’Auslänner et och verstin hei nach eng kleng Anekdot: ech hun ee Kolleeg op der Uni Lëtzebuerg deen do Naturwëssenschaften studéiert, dee verléiert all Woch vill Zäit well en muss probéiren d’Texter ze verstoen – well se op franséisch sin an déi Sprooch zimlech schwéier ze léiren ass fir ee Niederländer. Wann mer also soen, mir mussen d’Franséisch bäibehaalen fir et den Auslänner méi einfach ze maachen, mussen mer eis emmer bewosst sin, dass et mer et domatter gläichzäiteg ville Natiounen och extreem schwéier maachen, sech hei am Land zurecht ze fannen. Lëtzebuergesch konnt mäi Kolleeg aus de Niederlanden iwwregens zimlech séier perfekt schwätzen.

De Chris geet dono op déi auslännesch Familien an, déi hei am Land wunnen an hei Kanner hun, déi dann och hei an d’Schoul gin. Do froen ech: jo, an? Als Kand léiert een eng Sprooch am séiersten. T’wier wahrscheinlech vu Virdeel, wann deene Kanner géing eng Méiglechkeet ugebueden gin, ausserhalb vun de normale Schoulstonnen hier Sproochkenntnisser e bessen opzebesseren, mee just well hier Elteren hinne net lëtzebuergesch bäibrénge konnte, sollen si et ni léiren?!

De Chris freet, wou een eng onfrendlech Verkeerfin ka fannen. Ech hun zwar keng Ahnung, op déi Fra nach emmer bei deem Bäcker, dee mat engem F ufänkt, schafft, mee jiddefalls war mir déi Szen bei sou enger Filial an der Staat geschidd. Déi Filial déi sech an der selwechter Strooss wéi e Supermarché befennt, dee mat engem A ufänkt. Déi vum dePapp war, wéi deen och scho sot, am schéine Stär. Bei mir am Duerf, nierwebäi, ass de Bäcker awer emmer frëndlech mat mer gewiecht. Dat ass awer och ee Lëtzebuerger an ech kennen säi Meedchen, e war also wahrscheinlech nemmen firageholl. :) Offensichtlech gin de Chris an ech awer soss och op zwou verschidde Plaazen akaafen, well ech héiren dee Saatz “en français s.v.p.” relativ dacks wann ech zu Lëtzebuerg sin.

Ech hu mech iwwregens ni driwwer opgereegt, dass d’Auslänner ons Sprooch net perfekt schwätzen kennen, just, dass se se guer net schwätzen. Eng ganz Rei sin och einfach esou arrogant, dass se soen d’Lëtzebuerger kéinnten jo franséisch, firwat sollten si sech do ustrengen. Där Leit kennen ech der perséinlech jiddefalls méi ewéi genuch.

An dann… Jo, dann kennt et! Dem Chris säi grousse Coup. Wou mir de Colli platzt.

Et gin leider leit wei den depapp wou guer net probeiren sief et noch nemmen fir een daag an platz vun deenen leit ze stellen an ze probeiren se ze verstoen, et get einfach behaapt “Ech schwätzen konsequent Lëtzebuergesch, och wann ech op Franséisch geäntwert kréien”… oh daat ass jo eng richteg gescheit anstellung, besonneg fir een papp

Ganz éierlech? Do fällt mir eigentlech just ee Wuert an… An dat well ech net heihinnerschreiwen, well ech well meng Würd bewahren an ech fannen e bessen Respekt muss souguer firun enger Persoun, déi sou eppes schreiwt, sin. Éischtens emol huet dePapp nämlech erklärt, dass hien fräiwelleg op franséisch mat der Caissière geschwat huet, ouni dozou opgefuerdert ze gi sin. Domatter fannen ech déi Behaaptung, dePapp hätt kee Verständnis fir déi Leit, scho mol en Urteel iwwer dePapp dat méi wéi frech ass. Zweetens, an dofir géing ech vun der Uni fléien a kriit ee Prozess ugehaangen wéinst falscher Ausso, behaapt de Chris, dass déi Ausso “Ech schwätzen konsequent Lëtzebuergesch, och wann ech op Franséisch geäntwert kréien” vum dePapp gewiecht wier. Jo, en zitéiert se esouguer. Dat ass awer schlicht an einfach komplett falsch. Déi Ausso ass nämlech vum Maach4un. Domat mécht de Chris sech net nemmen lächerlech an spott jeglecher Glaawwürdegkeet déi e bis dohinner nach hat, mee et ass en plus hannerhälteg, onfair, an schlecht Noried ass esouguer vum Gesetz verbueden. Ech hoffen fir de Chris, dass dePapp keen Affekot ass.

Da kréien ech firgeworf, ech wéillt just de Kiwwelsjongen an den Bäckeren undoen, mussen lëtzebuergesch ze léiren, an bei sou engem wéi dem Prof. Dr Rolf Tarrach, wéi de Direkter vun der Universitéit Lëtzebuerg heescht, wier et mer egal, well dat een Akademiker ass. Dat hun ech ni gesot. Ech hu esouguer e puer mol betount, dass ech der Meenung sin all Mënsch misst een sengem Beruf ugepasste Wuertschatz hun wat Lëtzebuergesch ugeet, dass dee bei engem Akademiker méi ee grousse Wuertschatz ass wéi bei engem Kiwwelsjong ass evident.

Et geet lëschteg weider an des Kéier kréien ech Wierder an de Mond geluecht, déi ech ni gesot hun – och wann des Kéier ouni Gänseféisécher. De Chris léisst nämlech duerchblécken ech géing verlaangen, all Auslänner misst direkt vun Ufank un perfekt Lëtzebuergesch schwätzen. Wéini a wou hun ech iergendeppes an där Art gesot?!

De Chris steigert sech an senger absurder Argumenttiounsketten dann esouguer schlußendlech esouwäit an säin eegenen Wahnsinn eran, dass hien et op eemol ass, deen erkennen léisst, dass hien eppes géint déi huet, déi net lëtzebuergesch schwätzen – eng vu senge Viraussetzungen fir ee Matbewunner, dee well anzéien, ass, dass dee lëtzebuergesch schwätzt, well e net owes well doheem setzen a musse franséisch schwätzen. Flott Astellung! Ech hun awer zum Beispill kee Probleem domatter, mat Kolleegen aner Sproochen ze schwätzen. Do kennt et méi wéi eemol fir, dass ech mat Leit e ganzen Dag ennerwee sin a mir sprangen do monter tëscht däitsch, franséisch, englesch a lëtzebuergesch hinanhier, well eben jiddereen vun eis eng Sprooch dovunner am beschte schwätzt an mer jidderengem eng Chance gin, seng eegen Sprooch ze benotzen. Wien vun eis zwee ass intolerant, Chris?!

Dann um Enn just nach eng kuerz Erklärung, de Chris geet nämlech dovunner aus, Englesch wier eng einfach Sprooch fir d’Europäer. Elo emol ofgesin, dass dat internationalt Englesch praktesch guer näischt mat deem Englesch ze dinn huet dat Mammesproochler schwätzen, ass Englesch linguistesch gesin eng vun de komplexeste Spoochen, et kraatzt een am Lycée eben just un der grammatikalescher Oberfläch vun där Sprooch. Ausserdeem ass Englesch och nemmen fir Lëtzebuerger esou einfach, well mir eis mat däitsch an franséisch auskennen. Huet een net déi zwou Basen, ass et guer net esou evident, déi Sprooch ze léiren, mol guer net dovun ze schwätzen, dass et genuch Leit gin an der EU déi weder däitsch nach franséisch kënnen. Ech fannen et gudd, dass d’EU esou multilingual ass. Jo, et muss vill iwwersat gin, mee all Land huet ee Recht drop, dass seng Sprooch erhale gett.

Eng kleng Notiz um Rand dann nach: ass iech eigentlech bewosst, dass deen éischte Schrëtt Richtung Ausstierwen vun enger Sprooch d’Verdrängen vun der Sprooch aus dem öffentleche Liewen ass (also dass ee muss eng aner Sprooch schwätzen dobaussen ewéi doheem)? Paradoxerweis huet eng ausstierwend Sprooch awer souguer méi Rechter wéi momentan lëtzebuergesch. Eng ausstierwend Sprooch huet nämlech an der EU d’Recht op eng Zeitung an hierer Sprooch a muss an der Schoul ennerriicht gin. Wat seet dat iwwer eist Land aus?

T’ass och iwweregens guer net esou onméiglech lëtzebuergesch méi ze fuerderen. An anere Länner geet dat och, hei a Wales zum Beispill ass alles bilingual (Englesch a Kymresch), esouguer d’Stroosseschëlder an an de Geschäfter mussen emmer Verkeefer fir béid Sproochen präsent sin. Dat géing och mat Lëtzebuergesch a Franséisch goen.

3 thoughts on “Francophonie, déi Véiert”

  1. Ech haat lo ziemlech d’Flemm daat ze liesen, virun allem well ech mech virdeischt nach duerch dem Leti sain Blog gelies hun an nodeems ech eng Woch laang wait fort vun denen Geschichten, déi mech leider extrem no betreffen, waar, waar ech elo erem voll dran an haat weineg Loscht op déi “méi lëtzebuergesch!”-Diskusion, déi mech (!!) emmer bessi un de roude Leiw an soss Geschichten erennert, mee bon, daat muech eng falsch Asozatioun sin.

    Ech verstin Leit, déi gären “eng schokolasrull waneschglift” geifen soen, mee ech verstinn awer och d’Vendeuse déi vlaischt/wahrscheinlech ganz aaner Problemer wéi lëtztebuergesch ze leiren huet. Deng lescht Abschnetter gefaalen mer awer, an ech geif et och Schued fannen, wann letztebuergesch geif ausstirwen.
    Souwait: Merci, an dann hätt ech trotzdem lo gären erem normale Programm ;-)

  2. Kennt och, versprach. :) Wollt awer op dem Chris säi Post nach réagéiren. Eng weider Diskussioun leenen ech awer souwisou of, ech hu meng Meenung jo lo kloër gemaaach an déi ännert och keen. Also keng Angscht, t’ass eriwwer elo vu menger Säit aus. :)

    Déi Kuerzgeschicht sin ech jo nach emmer schelleg. Déi kréien ech hoffentlech geschwenn färdeg, hat des Woch leider nach eng fir de Cours ze schreiwen, eventuell setzen ech déi och online. Allerspéitstens ab e Méindeg ass erem alles op normal. Dann misst ech zumindest eng Kuerzgeschicht färdeg hun. ;)

  3. Gutt, dass du dat hei geschriwwen hues, da brauch ech dat anert net liesen ze goen. Mee et ass einfach fierchterlech komplizéiert fir eist Land. Bei Wales muss een zum Beispill och bedenken, dass numol déi ganz Gesellschaft an deenen zwou Sprooche funktionnéiert. Lëtzebuerg, an dat mierken ech gutt als Eechternoacher (40% Auslänner, däitsch Grenz), huet zu groussen Deeler mat 3, wann net souguer 4 oder 5 Sproochen ze kämpfen. Do ass et meeschtens eng Fro vu Prioritéiten an et ass numol sou, dass all Lëtzebuerger e minimu vun de Friemsprooche verstoe muss fir um Aarbechtsmaart an iwwerhaapt z’iwwerliewen. Ech mengen zu desem Thema get et nach souvilles méi ze soen, mee am Endeffekt komme mer dach ëmmer rem zur Konklusioun, dass et keng wierklech gutt Léisung get, ausser der Aart a Weis wéi et momentan leeft.

    Zu dengem Kommentar zu der A-Sektioun: eng aner Iddi wier et och Lëtzebuergesch op mannst op 1e amplaz vun der Eco lafen ze lossen, oder generell als Optioun ubidden ze lossen, wéi et d’Spuenesch an Italienesch am ganze Land och sinn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *