Outsourced

What do you get when you take Ted Raimi (SeaQuest DSV, Xena, Spiderman 1-3) as a director and Henry Lubatti (Sleeper Cell, The O.C.), Alex Albrecht (The Screen Savers, Diggnation, Ctrl+Alt+Chicken) and Lucy Lawless (Xena, Battlestar Galactica) as actors plus one of the writers from Malcolm in the Middle? An internet sitcom about a tech support team in a failing movie company! Apparently the pilot won’t be available for another month, but considering the buzz (why does it seem wrong using that word?) around “Outsourced” has been going on for many months now, another thirty days doesn’t seem long. I’m really looking forward to seeing hat show. :)

(via Revision3)

Lénksrevolutionär Jugendpartei Lëtzebuerg

Lëtzebuerg huet eng nei Partei. Eng géint de Neoliberalismus. Eng vu Jonken. An dat Ganzt fänkt och nach relativ villverspriechend un:

Deswegen fordern wir die Abschaffung der Monarchie und Einführung der Republik, mit einem vom Volk gewählten Präsidenten.

A geet villverspriechend weider:

Zuerst mal das Erpressen der Bürger von Jean-Claude Juncker, dass er zurücktreten würde wenn die Mehrheit “Nein” würde stimmen. Natürlich ist dass sein gutes Recht doch dies einen Monat vor dem Referendum mitzuteilen riecht stark nach Manipulation. Viele Bürger, besonders ältere, haben nicht mehr für “Ja” oder “Nein” zur Verfassung gestimmt, sondern “Ja” oder “Nein” zu Jean-Claude Juncker. Darum ging es aber leider nicht.
Dazu kommt noch, dass das “Comité pour le Non” mit keinem Cent unterstützt wurde. Auf jeden Fall muss die Regierung, wenn sie ein Referendum organisiert, die beiden Seiten finanziell gleich unterstützen, dass gehört zur Demokratie, auch wenn die Regierung diese Meinung nicht unterstützt.
Deshalb mehr Referenden, für unser Land!

Allerdengs stellt sech do schon emol direkt d’Fro, op eng Natioun déi sech sou schrecklech gäre manipuléiren léisst a radikal alles fir bor Mënz hellt wat den Här Juncker seet, mat Referenden ennert engem President Juncker – well e géing garantéiert als solche gewielt gin – wierklech esouvill weider wier.

Kuerz drop geheien se dann awer all hier rational argumentéiert revolutionär Virsätz iwwer Bord an kommen wéi all Politiker mat Beweiser déi keng sin:

Auf jeden Fall ist es ein Fakt, dass jemand der aus einem Pilote-Projet auf eine “normale” Schule kommt überhaupt nicht mehr mithalten kann !

Verbessert mech, wann ech ech mech irren, mee et ass dach nach kee Schüler duerch déi 3 Joër Pilotprojet gaangen, dat war dach schon eleng zäitlech guer net méiglech?

Ech wollt eigentlech net op hiert miserabelt Däitsch agoen, mee am Senn vun der Éducatioun sin déi Sätz hei relativ witzeg:

Das Niveau wird schons so jedes Jahr runter geschraubt, nicht unbedingt vom Programm her sondern mit irgendwelchen Kompensierungsregel.
In dem jetzigen System ist dies nicht akzeptabel, die Schüler müssen auch etwas leisten und dass in jedem Fach in der Richtung die er eingeschlagen hat.

Mat de Casus an dem Ennerscheed tëscht “dass” an “das” hun se jiddefalls um ganze Site sou hier Schwieregkeeten.

Si sin och géint de Krich:

Nach Ende des 2. Weltkrieges wollte Luxemburg aus verständlichen Gründen nicht mehr neutral sein, und ging ein militärisches Bündnis mit anderen Staaten ein, der NATO.
Dieses Bündnis ist heute aber nicht mehr gerechtfertigt.

Dovunner kann een haale wat ee well, ech perséinlech fannen et e besse größewahnsinneg Lëtzebuerg als Virreider vum Fridden dohinner ze stellen an op eemol aus sämtleche militäresche Bündnisser auszesteigen. Ech sin absolut net fir Krich iergendenger Art, mee ech sin net der Meenung dass Lëtzebuerg genuch politescht Gewicht huet fir do eppes z’änneren. Wann mer austrieden an et kennt senger Liewen awer zu engem Krich, si mir déi domm bei der Saach.

Si fuerderen ennert anerem eng sozial Maartwirtschaft.

Die Produktion muss stärker kontrolliert werden, dass es im Inland nicht zu einem konkurrieren von Betrieben kommt.

Si wellen awer keng Planwirtschaft. Fro: wéi soll dat méiglech sin? De Fortschrett entsteet nemmen duerch Konkurrenzdenken. Wann keng Konkurrenz do ass, firwat soll een an Weiderentwécklung investéiren, d’Leit si jo souwisou gezwongen de Produit ze kaafen, egal wéi schlecht en ass. Wat si an deem Saatz do fuerderen si Monopolstellungen, an dat ass den Ennergang vun all Gesellschaft.

Man muss die Liberalisierung der öffentlichen Firmen wie z.B der Post, CFL usw… stoppen und die Arbeitsplätze dort retten, die abgebaut soll werden.

Ganz am Géigendeel, et muss een zumols d’Post nach vill méi liberaliséiren. D’Post ass net grad de Synonym fir Fortschrett, wat firun allem doru läit, dass dem Staat nach emmer ee groussen Deel vun deem Betrieb gehéiert, d.h. obwuel d’Post zanter Joëren keng wierklech Innovatiounen op de Marché bruecht huet, fléissen trotzdeem nach emmer Steiergelder an déi Entreprise.

Der Staat muss auch weitere Firmen verstaatlichen, sodass es nicht mehr zu solchen Fällen wie die von Mittal Steel und Arcelor kommt.

Am Endeffekt war et awer de Staat deen d’Fusioun zougelooss huet nodeems genuch Suen um Dësch louchen.

Desen Artikel géing ze laang gin, wann ech elo alles géing opgräifen wat se op hierem Site schreiwen, well eent muss een hinnen loossen, si hun sech wierklech ameséiert vill Aspekter vun der Politik opzegräifen an hier Meenung dozou nidderzeschreiwen. Leidergottes verhaalen se sech dobäi awer schon ewéi richteg Politiker an zielen falsch Fakten op oder gin engem just d’hallschent vun den Informatiounen. Sou stellen se den Albert Einstein zwar als ee groussartege Sozialst duer, vergiessen awer dobäi komplett z’erwähnen, dass hien dem President Roosevelt d’Entwécklung vun der Atombomm recommandéiert huet.
Alles an allem fannen ech et luewenswert, dass sech ee Grupp 16, 17-jähreger sou fir Politik intresséiert, mee am Endeffekt bleiwt de battere Bäigeschmaach, dass do nach een gudden Deel Senn fir Realitéit feelt. Hier Zieler si gréisstendeels kommunistesch, dobäi iwwersin se awer leider, dass Kommunismus net kann vun enger Partei aus kommen, mee dass et aus fräie Stécker vum Vollék aus muss geschéien. Eist Land ass awer esouwäit ewech vum Kommunismus wéi et nemme geet, wat eleng schon d’Resultater vun der KPL beweisen. De Probleem vum Kommunismus ass am Endeffekt nämlech emmer dee selwechten: et ass nemmen eng Wonschvirstellung, eng theoretesch Weiderentwécklung vun der Demokratie, an kee wees op a wéi dat ze realiséiren ass – dee leschte Schoss goung jo zumindest kräfteg no hanne lass.
Vläit gett awer nach eppes aus där LRJPL, gudd Usätz hun se jo zumindest deelweis. A besser wéi déi berühmt berüchtegt FPL sin se allemol.

Statusbericht… oder sou

En Dennschdeg krut ee vu mengem Matbewunner schlußendlech eng Stroof (£30 soit ongeféier 45€) well en d’Kichen alt nees total verknascht hat. Dass dat näischt u senger Astellung geännert huet, konnt een de Moien materliewen. Haut um Metternuecht war et nämlech erem souwäit, meng Matbewunner an en puer Leit aus aneren Appartementer hei am Haus haten décidéiert den Owend op déi eenzeg méiglech Art a Weis gebührend ze feiren obwuel et näischt richteges ze feiren gouf an hun sech mat eppes wat hei gären als Béier bezeechent gett, mee net vill mat deem Gebräu ze din huet, volllaafe geloos. Dass dat mir sou egal ass wéi dass de Bopi Harrison elo awer nach een Indy 4 dréit ass evident, mee dass se dunn iwwer zwou Stonne laang d’Kichen auserneen geholl hun, net. Dat ass keng Metapher fir “si hu vill Kaméidi geschloen”, nee, dat heescht si haten de Boiler kleng kritt an hu mat de Still duerch d’Kiche geschoss. Nodeem se géint 1.30 dunn een ugeschmiert haten deen den Alkohol ze midd gemaach hat a sech an säin Zemmer leen war andeem se un seng Dier geklappt hun an “Accommodation!” gebrellt hun, ass um 2 Auer dunn tatsächlech ee vun deene komm. Ech géing elo gären behaapten ech hätt en geruff, mee meng Kaart war eidel an ech rennen awer net wéinst deenen matten an der Nuecht duerch de Reen. Si kruten dunn jiddefalls eng Standpauk an eng hallew Stonn Zäit d’Kichen ze botzen. Dass een ee Boiler awer net an enger halwer Stonn reparéieren kann a scho guer net bei deem Alkoholpegel versteet sech vum selwen. Knapps war de Mann erem zur Dier eraus gouf nees gegröllt an de Video (si hun dat jo emmerhin misste festhaalen) koum op YouTube. Wat dono geschidd ass wees ech net, ech sinn schlofen gaangen – wat net heescht, dass si lues gemach hun, mee dass ech opgrond vu mengen 4 Stonne Schlof pro Nuecht zanter Sonndeg total freckt war. De Moien vun 9 bis 11.30 Auer gouf jiddefalls um Boiler geschafft.
Ech gesin an, dass Studenten sech wellen ameséiren. Ech gesin och an, dass een sech als Student emol gären besäift. Ech gesin och an, dass Leit dann méi Kaméidi maachen wéi normal. Dat stéiert mech och eigentlech net. Wat mech nervt ass, dass se net kapabel sin dobäi net alles a jiddereen kleng ze schloen wat se an hierem Dusel an de Grapp kréien an och net den Anstand hun hiere Knascht ewech ze maachen. Sot ech, dass d’Traapenhaus no… ehm… onverdautem Watochemmer sténkt?
Iwwregens leeft mettlerweil souguer eng Aktioun fir divers Leit erausgeheit ze kréien aus desem Haus. A nee, ech hun se weder gestart weder well ech eppes domat ze din hun. Gudd fannen ech et trotzdeem.
Ier et elo heescht hei wieren se alleguer sou wéi meng Matbewunner, hei eng Parodie op d’Stommfilmer déi puer Leit hei op der Uni gedréit hun: