Äddi StudiVZ! Illegal Machenschafte si näischt fir mech.

Déi Leit vun iech déi bei der méi wéi bëlleger däitscher Kopie vu Facebook ugemellt sin kruten et garantéiert scho mat: et gin nei AGB bei StudiVZ. D’Faulheet vun de meeschte User féiert dozou, dass an sou AGB oft genuch Saachen drastin déi beschtefalls um Rand vun der Legalitéit sin. Obwuel ech AGB aus Prinzip emmer duerchliesen, ass mer dat wat ech elo bei STVC Blog gelies hun entgaangen:

5. Sind die AGB, trotz außer Kraftsetzung von TDDSG und TKG gültig?

Die AGB sind schon vor dem 1.3.2007 entwickelt und ausgearbeitet worden. Das Telemediengesetz (TMG) ist der Zusammenschluss von TDDSG, TDG undMdStV. Da das TMG erst am 01.03.2007 in Kraft getreten ist und die AGB schon vor diesem Datum entwickelt wurden, sind die AGB wirksam.

Dat heescht also wann ech Geschäftsbedéngungen opsetzen an dono kennt ee Gesetz wat déi AGB illegal mécht, si meng Bedéngungen nach emmer gülteg well dat Gesetz eréischt dono koum. Dat ass jo schéin ze wessen. Mee no Intelligenz huet ee bei StudiVZ souwisou nach emmer emsoss gesicht… Well, dat wees all halbverstännege Mensch, sou funktionéiert eise Rechtsstaat net. T’besteet keen Zweifel driwwer, dass dat däitsch Telemediengesetz méi wéi dubiéis ass, mee t’ass trotzdeem d’Gesetz. A mat enger Firma, déi ganz offensichtlech d’Gesetz brécht, well ech näischt ze din hun. Ech huelen mer dann elo mol d’Zäit do all d’Emailadressen vu Kolleegen ze sammelen an dann gesäit StudiVZ mech ni méi erem.

6 thoughts on “Äddi StudiVZ! Illegal Machenschafte si näischt fir mech.”

  1. du hues recht, et muss een dei peiffen net och nach ennerstetzen. Nemmen lusch skandaler iwert d’Owner vun Studivz an Studiv allgemeng an den Medien. Mee sou Sachen gescheihen wann een eppes Kopeiert an dann mescht wei wann een et selwer Entweckelt hett. Ok et war zwar keng domm Idee fir sou eng Seit fir Europa ze maan, mee se hetten awer besser kopeiren kennen. Facebook as vun fir bis hannen besser gemaat…
    Wanns all d’Email Adressen gesammelt hues kanns du se jo bei Facebook inviten ;-)

  2. Ok ech ginn et zou: Oft driwwer gelies, wees nach emmer net wat et ass :S Kann een mir dat w.e.g. an engem Saatz erklären? Merci!

  3. @Yves
    Haal op, bei all deene Skandaler an technesche Feeler a Mängel hun ech mer och schon oft iwwerluecht gehaat mäin Account ze läschen, mee ech war de Moment nach ze begeeschtert dovunner do souvill al Klassekomeroden eremzefannen. Mee elo geet et mer’s duer.

    @ Federico
    StudiVZ huet iergendwann firum 1. März 2007 seng nei AGB entwéckelt. Den 1. März 2007 ass an Däitschland dat neit Telemediengesetz a Kraaft getrueden, dat vun deen neien StudiVZ AGB awer net respektéiert gett. StudiVZ behaapt elo, well et dat Gesetz nach net gouf wéi si hier nei AGB geschriwwen hun, hier AGB gülteg wieren obwuel se dat neit Gesetz net respektéiren. Dat ass awer falsch, wann een neit Gesetz a Kraaft trett, mussen d’AGB bekanntlecherweis dorunner ugepasst gin. An engem Saatz: StudiVZ brécht aktiv a wahrscheinlech ganz bewosst dat aktuell gëllent Gesetz.
    Hoffen dat war e besse manner konfus?

  4. Ech mengen, wat den federico wollt wëssen, ass, wat ass StudiVZ? Ech hun och schon vill driwwer gelies an ech mengen, datt dat sou en Social Networking Directory fir Studenten ass.

  5. Ah ok. Ma StudiVZ soll effektiv eng Social Networking Plattform fir Studenten sin, dat klappt awer just an der Theorie gudd. T’ass nämlech just déi däitsch Kopie vu Facebook.com, an souguer eng miserabel schlecht (permanent Probleemer mam Server, lauter Skandaler ronderem Sécherheetslücken, vill antisemitesch Useren géint déi laang näischt gemaach gett etc.) T’ass amfong ee groussen Internetsite, wou ee Leit eremfennt déi ee ni méi wollt gesin an sech dann kann hier Fotoen vu Saufgelage ukucken an sech notéiren wou se op der Uni sin, dass een déi Staat kann op d’schwaarz Lëscht schreiwen an sech vun där wech hällt. ;) Um Enn vum Dag ass et nämlech zimlech absurd, well een sech bei StudiVZ firun allem mat deenen Leit erem verbennt, mat deenen ee souwisou nach emmer Kontakt huet. T’gett een also just seng perséinlech Donnéen un eng Firma, déi déi dann emol net gesetzeskonform verwalt.

  6. also ech fannen studivz keng sou eng schlecht saach(ok et get eng ganz rei un mängel). ausserdeem ass eng vun de caracteristiken vun engem rechtsstaat daat gesetzer net retro-activ sen :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *