Boah

RTL spillt grad Once upon a time vun Air. Ech si geschockt.

17 thoughts on “Boah”

  1. Air ass un sech deck massentauglech. Ged jo och furchtbaar oft an frz. Autosreklammen an ähnlechem geholl. LEIDER.

  2. Massentauglech awer nemmen well et “gudd kléngt”. Dass méi dohannert stécht wéi e besse roueg Musék kapéiert d’Mass net. An dofir nervt dat mech. Dat ass wéi déi Leit déi Matrix sou gäil fannen well et do cool Actionszenen gin an net verstin, dass et guer net em d’Kämpfen geet.

  3. Ech hun Matrix ze seicht fonnt. Bzw. ech hun et vill mäi gail fonnt esou Gedanken an Sofies Welt ze liesen (an ech hun daat Buch gelies IERT ech Matrix gesin hun) an ech hun en och direkt kapéiert. An fir mech ass en einfach en steck popcultur, mee aaner Leit hun déi do gedanken besser riwerbruecht! Mee ech verstinn waats de soen wells.

  4. Ech hat e bessen un der Datebank gefummelt… Do war wuel eppes schief gaangen. Ass awer elo erem richteg. :)

    Ech hu Sofies Welt ni gelies. Ech krut zwar emmer erem vun deem Buch firgeschwärmt mee ech hun et trotzdeem (vläit och grad dowéinst) ni ugepaakt. Vläit fannen ech Matrix dowéinst net sou seicht. Ee Charakter an engem Hollywoodfilm dee gläichzäiteg Jesus, Buddha, den Apostel Thomas (och wann dat nemmen een Apocryphon Apostel ass) inkarnéiert fannen ech jiddefalls net seicht. :) Dann nach kuerzerhand griechesch Philosophie a griechesch, babylonesch a jüdesch Mythologie mat erageschmass an dorauser dann d’Basis fir ee Film maachen fannen ech genial. Also wann Sofies Welt souvill besser ass, muss ech dat Buch wuel awer nach liesen. Kritt ee mat Sofies Welt och déi gäil Referenz op Neuromancer vum William Gibson? An ob Doctor Who? Vun wou de Film iwwerhaapt eréischt säin Titel huet, well an där Serie d’Matrix beschriwwen an och als solch bezeechent gett. ;) Ouni déi Referenzen z’erkennen an ze verstoen ass The Matrix menger Meenung no nemmen hallew sou gudd. ;)

  5. Ass wahrscheinlech esou, daat Matrix mat Referenzen besser ass wéi ouni. Ech hun de Film trotzdem net gären. (Dorun wärt och naischt eppes änneren. Do “muss” ech einfach “Anti” sin. An Mythologien matneen verschmelzen, daat hun aaner Leit och schon virun Matrix besser gemaach (menger Meenung no). Mee bon, ween kuckt schon japaneschen Zeechentrick wou et em Roboterkämpf geint grous Monstern geht, wann en Hollywood-Action kréien kann?

    An dobai ass et bei Neon Genesis Evangelion daat selwescht: Et fänkt un mat Action, an et hëllt ob mat der Fro vum Senn vum Liewen. Uspillungs-Overdrive: Chreschtentum, jap. Mythologie, Judentum, Kabbahla, Depressiounen vum Auteur.
    (Du wells guer net wessen, wéivill Leit herno schlussendlech Jesus sin.) An daat schon 95. :)

    Mee bon, ech well och lo net soen, daat Matrix Schrott ass an déi Undeitungen naischt wärt sin, an NGE ass och net méi daat selwescht Gleichniss wéi d’Matrix, mee et geht em ganz aaner Saachen, an irgendwann kennt daat lei lo op “Weem seng Lieblingsfilm/serie huet den greißten, eh..dei meeschten Unspillungen?” An eigentlech ass et jo em AIR gaangen ;)

  6. 1.Air ass dach honnertprozenteg massentauglech. Wat ass méi massentauglech wéi harmonesch Klangwelten? A wat ass dorunner verwerflech, wann d’Leit sech u schéiner Musék erfreen ouni, dass se mussen den Hannergrond kennen?

    2.”Sofies Welt” huet mir net gefall. Soe mer sou, d’Geschicht ass extrem null. D’philosophescht Wëssen get awer schéi, kannergerecht erkläert.

    3.”Matrix” ass eng Un heifung u Pomp, déi sech gutt ukucke léisst. Natierlech gi vill philosophesch Themen opgegraff a genug Referenze gema, mee dat ass och net weider revolutionär. En plus entdeckt een déi Referenzen, déi s du opziels och just wann een de Film entweder oft genug gekuckt huet oder se nogesicht huet. An ech bezweiflen, dass vill Leit sech déi Méi maachen.

  7. Deen eenzegen Anime deen ech je gesin hun war mengen ech Ghost in the Shell. Dee war cool. Sou schéi Cyberpunk. :) NGE hun ech och iergendwou leien. Ech mengen ech hun deen op der Uni op mengen externen HDD. Wollt mer dat nach emmer eemol eng Kéier eranzéien, mee iergendwéi koum ech nach ni dozou. :)

    T’ass verwerflech, well d’Leit dat lauschteren wéi wann et Muzak wier a net méi Musék. Fir d’Mass kléngt et esou wéi wann dat einfach géing schéin plätscheren. Si kennen sech berieseleen loossen. Während d’Leit zumindest nach wessen, dass bei Rock eng Gitarr gebraucht gett, hun se bei Air scho guer keng Ahnung méi.

    Fir een Hollywoodfilm ass Matrix revolutionär. ;P Ech gin zou, dass et an der Literatur genuch där Beispiller gin, wéi gesot, dem William Gibson seng Sprawl Trilogie ass do een exzellent Beispill, mee wat Filmer ugeet gouf et dat nach ni. T’ass richteg, et muss een de Film e puer mol kucken bis een dat alles fennt, mee wat ass dorunner schlecht? Wéivill Filmer sin dann schon bei der 4. oder 5. Kéier nach emmer voller Iwweraschungen? T’ass schued, dass kee sech déi Méi mécht. Mee do si mer jo erem bei deem wat ech eigentlech och sot: et gin der déi erkennen wat dohannert stécht, an t’gett déi breet Mass, déi sech et just wéinst der Action ukuckt. ;)

  8. Äre Musekgoût an éiren: lo mol éierlech, wann een sech bäi all Lidd wat um Radio leeft emmer misst Gedanken maachen wat deen déiweren Sënn dovunner ass an wat een alles kinnt doran interpretéiren, giff een mierf ginn. An niewebäi hätten mer wahrscheinlech fennef mol souvill Autosaccidenter, Headline: “De Chauffeur huet net opgepasst an e Lidd interpretéiert, wouduech en d’Kand op der Strooss net bemierkt huet”.

    Spaß beiseite: dat soll lo nët als Ugrëff gewäert ginn, mee ech fannen du gesäis ganz vill Saachen ëmmer vill ze vill verbass, an tendéierst och ëmmer méi oft dozou, vill Leit ëmmer zesummen an een Dëppen ze geheien an krass ze verallgemengeren. Ech hun oft d’Gefill, dat alles wat Spaß maachen kann an dengen Aen direkt “nëmme Fudder fier d’Massen” ass. Außerdem kënnt et mer fier, wéi wanns de ganz oft deng Usiichten als déi eenzeg richteg ugesäis. Wanns du Air gudd fënns, ass et menger Meenung no fier dech och vill méi liicht an vläit souguer natierlech, an hiere Lidder “no méi” ze sichen. A vläit gëtt et och effektiv vill doraus ze léiren, mee vläit och nët. An een anren Air-Fan muss och net onbedengt dat selwecht dobäi empfannen. Rëm ginn et aner Leit, dei fier Air eventuell guernäischt iwwreg hun, mee sech dofier grouss Gedanken em aaner Bands maachen, wous du vläit guernët géings op d’Idee kommen dech domat ze beschäftegen.

    Außerdem gesinn ech et, ‘t selwecht wéi de Chris, och guernet als verwerflech un, wann Leit zB Air einfach gudd fannen, well hier Musek “schéi klengt” (dat ass eben eng vun den Haaptkarakteristiken vun der Musek!). Wat ech wëll soen ass, wat erlaabt dir ze soen wat Leit gudd fannen dierfen a wat net [natierlech hues de dat net explizit gesot, mee ech hoffen du verstees wat ech mengen], weider: wierklech lächerlech fannen ech, dats de souzesoen sees dat d’Nolauschterer vun RTL Air op eng Manéier guernët würdeg wieren. An wouhier wëlls de wëssen ob den DJ (deen net onbedengt gläichzeiteg den Moderator ass!) net och Air gespillt huet, well en genausou dovunner begeeschtert ass wéis du? Dat hei kinnt ech wuel nach weider ausbauen, mee ech well heirauser jo keng Dissertatioun maachen.

    Als läscht wëll ech nach kuerz meng onbedeitent Meenung iwwert den RTL Radio Lëtzebuerg lass ginn: et ass sécher nët dee beschten Radioprogramm op der Welt, mee vun all den Mainstreamsenderen (d’Exoten also ausgeschloss) déis de hei am Land empfänken kanns (!), ass et bäi wäitem een vun deenen, wou am ofwiesslungsräichsten Musek gespillt gëtt an eng wierklech eenegermoossen seriö mee gläichzeiteg intressant Moderatioun um Plang steet – natierlech ginn et méi oder manner gudd Sendungen, mee am Allgemengen ass et dat.
    Lauschter mol eng Woch RPR1, da wees de wat Rotatioun an Happy-Clappy-d’WeltAssRosaRot-Moderatioun ass!

    Ech hoffen hei keen groussen Sträit ze entfachen, mee ech hoffen du kanns mäi Point de vue zumindest deelweis novollzéien.

  9. Et brauch ee sech net bei all Lidd Gedanken ze maachen, et gin der genuch wou kee Senn dohannert ass. ;) Dofir fannen ech et schued, dass déi Lidder wou méi dohannert stécht op dee selwechte Niveau erofgezunn gin, wann se tëscht Avril Lavigne an Take That gespillt gin.

    Ech gesin et effektiv net gären, wann méi usprochsvoll Saachen banaliséiert gin an vum Mainstream opgesaugt gin, ouni dass dee versteet wat en do iwwerhaapt ophällt. Ech sin halt net vun der Popkultur begeeschtert. Net well se net gudd ass, mee well se d’Saachen net hannerfreet. An ech hannerfroen halt gären vill. Saachen net ze hannerfroen wier ee Réckschrett, well d’Menschen net weiderkommen wann se alles akzeptéiren ouni sech déi geréngste Gedanken ze maachen. Dat ass elo vläit e besse wäit ausgeholl fir ee Lidd, mee t’ass mäin allgemengen Gedankengang, dee spiegelt sech och a menger Sicht vu Musék erem. Ech hun awer och allgemeng eppes géint lëtzebuergesch Medien, vläit spillt dat och eng Roll bei menger Sicht vun RTL an der Musék déi se spillen. :) Wéini sot ech, alles wat Spaass mécht wier nemmen fir d’Mass? Wéi oft hun ech scho sennlos YouTube Videoen gepost… Den Ennerscheed ass, dass et der Mass just em de Spaass geet, déi méi usprochsvoll Saachen intresséiren se net. (Jo, ech verallgemengeren. Ganz bewosst, well soss gett déi Diskussioun hei ee Kilometer laang. ;)) Mech stéiert et och net, wann een Air lauschtert an et ass em egal em wat et dobäi geet an dofir lauschtert en dann iergendeng aner Band wou en méi erkennt wéi ech. Mech stéiert et awer, dass Air tëscht banale Popbands gespillt gett, déi näischt aussoen ausser Drogen kiffen ass cool an Frendinen ausspaanen och. Zwéngen ech anere Leit meng Meenung op? Ech géing wuel net bloggen wann et sou wär, well domatter setzen ech meng Meenung jo awer direkter Kritik aus. ;) Ech si just extrem kritesch vis-à-vis vu Leit, déi keng Froen stellen. An déi probéiren ech halt gären emol kräfteg duerchzereselen. :)

    Soen mer sou, t’gett RTL an t’gett 100,7 an déi zwee hu bestemmt net déi selwecht Zielgrupp. Ok, dat war elo ganz bewosst provokant. Mee ech woen emol ze behaapten, dass Leit déi RTL lauschteren guer net wellen mat méi usprochsvoller Musék vollgedonnert gin. Sierf dat well se grad kee Bock drop hun oder dat hinnen effektiv ze schwéier ass. Wann ech an de Quick gin, well ech een Hamburger. Wann ech dann ee gastronomesche Menu dohinnergesat kréien stiechen ech dee genausou giereg eran wéi wann et een Hamburger wier, well ech dohi war well mer hongreg war a net fir gudd z’iessen. Een deiere Menü wier also just eng Verschwendung. E géing mer wahrscheinlech och schmaachen, mee wat hätt ech dovunner, t’war net dat wat ech wollt.

    Ech hun RTL saat. RPR1 lauschteren ech schon zanter Joëren kee méi. RTL gefällt mer awer guer net. A just well e relativ gesin besser ass wéi déi aner, muss dat nach laang net heeschen, dass e gudd ass. T’ass halt just dat klengert Iwwel. Ech lauschteren jiddefalls guer kee Radio hei zu Lëtzebuerg. Ausser Deutschlandradio iwwert Internet. 100,7 empfänken ech leider net. A wann ech dann emol erem eppes um Radio matkréien, ass dat normalerweis just emmer erem een Hiweis firwat ech e besser ausloossen. Sou wéi d’Telé. Déi haalen ech och net méi wéi 10 Minuten aus.

  10. Ech well dech lo net ob eng Antenne hinweisen, mee et ged tatsächlech en Radio zu Letz., déi AIR och zweschen net Tina Turner an Eric Clapton spillen. Mee och do erem ass dem Empfang oft schlecht.

  11. Wees ech. Mee ech setzen hei leider am Funklach. :( Wat schon absurd ass wann ee bedenkt, dass dräi Radiotierm hei stin. Ech froen mech emmer fir wien déi eigentlech senden…

  12. [sin nemmen kuerz hei dofier lo keng laang Entfert]

    Déi Senderen zu Lënster ginn dach nëmmen nach als Backup gebraucht falls déi zu Beidweiler ausfaalen? An déi senden souwäit ech wees nemmen Senderen vun der RTL Famill?
    100 prozenteg sécher sinn ech mer awer nët.

  13. Beidweiler ass just zwou Minuten ewech. Wann déi net staark genuch senden fir dass dat bis op Jonglënster geet, wat ass dann de Senn dovunner? RTL ass awer dofir och sou zimlech dat eenzegt wat ech propper empfänken. :D

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *