Air an der Abtei Neumünster

Grad beim Joël gelies: Air kennt op Lëtzebuerg! Donneschdes, de 26. Juli owes um 20 Auer. An am Géigesaatz zum leschte Joër wou ech keng Ticketen méi fir Sigur Ròs krut, hun ech des Kéier nach ee kritt. Juhu!

Ticketen gin et op atelier.lu. Relativ gudd sou guer fir eng lëtzebuergesch Säit, huet mol keng 5 Minuten gedauert. Also maacht iech bäi. :) Ech freen mech op alle Fall, dass den Atelier elo de Wee vu sou intressanter Musék geet.

Now, with Pocket Symphony, they’re on their way to stardom. den Atelier is very pleased – after the magnificient Sigur Ròs show last summer – to promote another OPEN AIR show in the magnificent historic setting of the inner court of Newmunster Abbey at the foot of the impressive rocky cliffs with the casemate openings in the old part of Luxembourg-City.

6 thoughts on “Air an der Abtei Neumünster”

  1. merci fir den tipp.
    ech hun der lo och.
    den atelier haat iwwregens schon emmer gudd musek. och schlechter. mee dat se gudd musek hun ass net nei. en plus, wéi deen text diens de gepasted hues et jo och seet, ass air well laang keen geheimtipp méi.
    awer emmer nach gudd.

  2. lol ech gesinn schon Schlagzeil an den Zeitungen: “‘Blogbuerg-Fans’ nutzen Konzert in der Abtei Neumünster für ein inoffizielles Bloggertreffen. Die Verantwortlichen vom ‘Atelier’ wollten sich uns gegenüber nicht zu diesem Treffen äussern” :D

  3. Haha gäil. :D An dat ganzt ennert der Schlagzeil Verpasste Werbeplattform: Culture Buzz wütend. An dann geet et weider mat:
    Luxemburg-Grund: Mehrere Mitglieder der Blogbuerg, das alternative luxemburgische Bloggerportal, trafen sich am vergangenen Donnerstg inoffiziell in der Abtei Neumünster ohne den selbsternannten Blogkönig Emmanuel Vivier darüber in Kenntnis zu setzen. Ist dies das Ende der ohnehin bereits angeschlagenen Autorität von Blog DeLux?
    Die Verantwortlichen vom Atelier wollten sich uns gegenüber derweil nicht zu diesem Treffen äußern. Steckt die hauptstädtische Diskothek mit den Culture Buzz Gegnern unter einer Decke?

    Méindes ass dann de E. Vivier beim Nol an de Marc Thoma huet et erem ee bescheuerten “däregen Dossier” an eng “affaire à suivre”. A sou huet déi lëtzebuergesch Medienlandschaft och genuch Material fir hiert Summerlach. ;D

    Sot ech schon, dass dat mer soulues definitiv op de Saak geet, dass hier Lëscht nach emmer falsch ass? Ekofin steet do zum Beispill als ee Blog an Esperanto. Ech wees net wéi gudd deenen hier Sproochkenntnisser bei blogdelux.lu sin, mee dee Blog ass net an Esperanto mee op Ido (steet souguer rieseg grouss am Header). Sadautumn schreiwen se schlauerweis an engem Wuert an bezeechnen et als reng lëtzebuergesche Blog an aus dem Numm Matthew Marcum gett bei hinnen “Matthewmarcum”. Eng Lëscht voller Feeler opstellen an déi dann öffentlech setzen an der Press soen déi wier korrekt. Méi respektlos geet net.

  4. ROFL!

    Deeg drop ob der Atelier-Sait: (flash-intro)
    “If we would have to promote one last show at the A.
    it would have been this…
    BLOGGERLIESUNG + TREFFEN”

    Drai deeg drop brescht den server vun atelier.lu zesummen, d’Tickets sin innerhalb vun 2 Minuten fort. D’Liesung ged an de klengen Sall vun der Rockhal verluegt.
    Den Emmanuel Vivier schreiwt an sain Blog, daat jiddereen geint hier wier an hien dach just d’Welt mat blogdelux méi schein hätt weilten maachen. An daat si jo SOU vill arbescht hätten an daat en FRAIWELLEGEN project wier den ONKOMMERZIELL wier an iwerhaat, mir wieren immens beis mat hinnen.

    Jo. Et ged Zait fir erem eng Keier e bessi blogdelux-bashing. Do leeft jo guernaischt. Ech geif ESOU gären Statistiken gesin. ;-)
    (Tipp: google.lu an blogdelux angin… du bass eischten, ech zweeten!)

  5. Muahahaha dat wier genial. :)

    Dach natirlech leeft eppes op blogdelux.lu, si hu permanent Pousteren vun Luxembourg 2007 Events. Op a wat dat mat Bloggen ze din huet ass zwar ee Rätsel wat wahrscheinlech ni geléist gett, mee zumindest hu se Content, wann och keen eegenen. :) (Wien Zynismus fennt dierf en halen. ;))

    Bloggerliesung an der Rockhal. Steet schon een Datum? :D

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *