Wéi funktionéiert d’Blogosphär?

Ier ech elo sennlos nach eng Kéier scho gesote Saachen widderhuelen, fir deen heite Blog gellt dat selwecht, ewéi am Joël sengem. Wee well verlinkt gin, esou geet dat.

Wann een den Auteur vun engem Blog well fir eppes kontaktéiren wat keng Relevanz huet mat deem Post bei deen ee schreiwt, soll een eng Email schécken. T’ass net esou, wéi wann meng Email geheim wier a néirens ze fannen wier. Een Kommentar deen absolut keng Relevanz huet zum Post an am Endeffekt just als Reklamm déngt ass Spam a gett geläscht. Sou einfach ass dat. Dat ass net perséinlech, dat sin d’Regelen no deenen hei gespillt gett.

22 thoughts on “Wéi funktionéiert d’Blogosphär?”

  1. just eng fro:
    Musse mir (d’Allgemengheet) lo eigentlech allkéiers, wann iergendeen an der Blogosphär sech net verhällt, wéi dir dat gären wenscht (bzw dat gespams vun haut passt mir och net) dat a Form vun engem Post liesen? Muss all kapitalt feelverhaalen vun engem aaneren un de Pranger stellen? Muss lo emmer, wann iergendwou e Saak emtippt gekrasch gin? Am Cader vun “Wei funktionéiert d’Blogosphär?” froen ech mech: Ass hei déi moralesch Instanz, ass hei d’Police an d’Geriicht?
    Bei eis am Zenter (Ambulanz) hu mer vill Sträit gehaat. Schließlech koum den Direkter vum 112 roof, a soot eppes, wat mech inspiréiert huet:
    “Eppes wat ech mam Alter geléiert hun: Et muss een 2 an 2 och mol fennef sin loossen.”
    Eng perséinlech eMail, sou wéis du dat jo fuerders, hätt et also och gedoen. Et dierf een och mei oft mol tolerant sin.

  2. Thorben, du hues mer d’Wieder aus dem Mond geholl. Dat ass genau dat, wat ech och denken. Ech hu mech jo an der läscht méi oft hei kritesch geäussert, mee däin Post resuméiert am Allgemengen dat, wat ech och wollt soen.

  3. Ech hun grondsätzlech erklärt, wéi meng Blogroll funktionéiert. An jo, et geht hei em Spam, an den nervt, an doriwer bloggen ech (an den Thierry eben och.), well et mech opreegt. An daat eist gudd Recht, genauso wéis du dech driwer opreegen därfs, daat mir eis opreegen, well en bei eis gespammt huet, waat mir net an der Reih fannen.
    Daat ass jo daat flott un der Anarchie (an eisem Blogklomp): Et ged keen Gericht, mee et kann diskutéiert gin. An dat daat geschidd, fannen ech gudd.

  4. Géigefro: Wisou bass du op eemol ee vun der Allgemengheet a net ee Blogger? :)

    Deen eenzegen Grond, dass ech deem ganzen ee Post gewidmet hun war eleng deen, dass déi Kommentarer fir ee Link an enger ganzer Rei Bloggen opgedaucht sin. T’hat a mengen Aan dofir eng gewesse Relevanz fir d’Blogosphär, an a mengem Blog schreiwen ech och alt emol gären iwwer déi Saachen, déi grad esou an der Blogosphär geschéien. ;) Ech hun net welles, jiddereen un de Pranger ze stellen (ech hun och kee Numm genannt, een dee sech net mat Bloggen auskennt wees net em wien et geet), a kapitalt Feelverhaalen géing ech et och nennen, héchstens bëlleg. Ech schreiwen och net fir eng Allgemengheet. Ech schreiwen an éischter Hisicht emol fir mech, an dann fir d’Blogosphär, dat ass a mengen Aan een zimlech hermetesch ofgeschlossene Krees. D’Allgemengheet intresséiert sech jo guer net fir Bloggen.

    Bei der Fro wéi d’Blogosphär funktionéiert war fir mech implizit, dass dat meng Meenung ass. Alles an deem Blog hei ass meng perséinlech Meenung an ech haalen et fir sennlos dat bei all Post emmer erem kloër ze stellen. Ech stellen éischter explizit kloër wann ech der Meenung si fir puer anerer matzeschwätzen. Ech well kengem anere Blogger meng Meenung opzwängen wéi en säi Blog ze féiren huet, t’ass mir och egal wann een anere Blog décidéiert elo op déi Säit ze verlinken.

    Ech sin och am normale Liewen keen, deen sech séier opreegt. Ech sin au contraire souguer éischter deen, deen roueg ass an firdéischt emol sech alles ulauschtert wat déi aner soen. Mee de “Blogger Thierry” ass net den “Real life Thierry” an dat hei ass nunmol eng Plattform wou ech zu allem wat mer grad an de Kapp kennt meng Meenung ofgin, a wann do eppes mech nervt, kennt dat eben direkt heihinner. Souvill zu 2 + 2 = 5. :)

    Ech wier och méi tolerant gewiecht, wann et kee Standardtext gewiecht wier, deen an all lëtzebuergesche Blog d’selwecht kopéiert gin ass. Do war ganz offensichtlech keen éierlechen Intresse dohannert elo dierfen op ee bestemmte Blog ze verlinken well een dee wierklech gudd fennt, mee t’goung just drem selwer verlinkt ze gin. Do fillen ech mech perséinlech ugegraff, well do een eppes vu mir well hun, ouni sech déi geréngste Méi ze maachen. Wann ech nämlech eppes absolut guer net kann, ass et wellen eppes ze kréien ouni eppes dofir ze maachen, i.e. an desem Fall mol firdéischt an deem respektive Blog matliesen a kommentéiren, respektiv an sengem eegenen Blog op een Artikel aus engem anere Blog verweisen. Et gi jo net emsoss Trackbacks a Pingbacks. ;)

    Ech wees natirlech, dass dat net vill verlangt ass, ee Link a meng Blogroll ze setzen. Mee an där Blogroll sti nemmen Leit, vun deenen ech gudde Gewessens kann zu anere Leit soen: déi ze liesen domatter kennt der är Zäit verbréngen. An déi Leit hu sech déi Plaz verdéngt, well se hei intressant Kommentarer ofgin hun an gudd Saachen an hiere Blog schreiwen, a net well se heesche komm sin. Sin ech ze intolerant wann ech op een öffentleche Kommentar mat engem öffentleche Post enweren? Net wann ech dee Kommentar fir eng Frechheet haalen.

  5. de probleem menger meenung no ass thierry dass an leschter zeit relativ fill sou sachen an dengem blog opdauchen dei dech nerven an an relatioun zu dengen “normalen” posts zimlech fill plaatz hei anhuelen (gradsou wei d diskussiounen an den kommentaren zu deenen saachen)
    mier ass dat op allefall opgefall an muss soen net onbedengt positiv, wollt dat schon soen mee mengen hei ass lo eng gutt geleegenheet.
    zum fall selwer gin ech der awer net direkt onrecht (och wann den kommentar bei mir bspw an englesch gehaal war an domat net botgenereiert ;) )
    wat een och net dierf vergiessen ass dass dat eng duerchaus gängeg marketingsstrategie ass, an domat mengen ech net dass ee well eppes verkaafen mee mei bekanntheet erreechen. emmerhin kriss de jo hei en link exchange proposeiert, deens de jo och net muss unhuelen (a wous du marginal an sech och eppes gewenns).
    an bei engem titel wei : wei fonktioneiert d blogosphär dierfs de dech net wonneren wann dein impliziten daat ass just meng meenung net sou riwwer kennt wei en fun dier gewollt ass :)

  6. hum wou mer bis opgefall war dass genau dee nämlechte message bei etlechen aanere posts stoung, wor ech och ganz schéin ugepisst. Ech verlinken sws och just op blogs wou ech reegelméisseg liesen… Daat huet mech vläit 1 minutt laang opgereegt, well ech soe mer ëmmer dass et schlëmmeres gëtt :) hun awer näischt dogéint wann iergendeen seng Meenung dozou äußert. Dann hun ech eppes ze liesen ;)

  7. Dir musst iech emol décidéiern wat der eigentlech vu mer wellt. Wéi ech firun enger Zäitchen gesot hun, ech wéillt erem méi op den Ufank zeréck mat erem méi Essayen koum direkt de Kommentar et wier dach gudd wann ee géing évoluéiren, ech sollt net erem regresséiren. Ech gin zou, déi Diskussioun em d’Franséisch war uerg ausgeart, dat géing ech och erem réckgängeg maachen wann ech kéinnt.

    Dann kennt elo mol eng Testphas mat ouni Opreegen an ech schaffen weider u menger Serie “Wer hat noch nicht wer will noch mal? Merry-go-round und ein Schluck Sambuca.” :)

    Ech sot net, dass de Kommentar botgeneréiert war, ech sot just e wier kopéiert. T’war kee Bezuch zu deem respektive Blog do. An zu Marketing. Wann eppes misst kloër sin, dann dass ech ee vehemente Géigner vu Marketing hei am Blog sin. ;)

  8. Ech fannen et zwaar komesch wann lo Leit mat Argumenter wéi “Esou Saachen huelen iwerhand bei dir” kommen, well bei mir ass jo och Kritik un meinem Post komm, obwuehl esou Saachen bei mir mengen ech net dominéiren. An beim Thierry hun ech daat Gefill och net. Ausserdem ass et am Thorben an am Fede hiren Kommentaren jo dorems net gaangen.
    An “an Marketing ass daat eben esou” ass eng blöd Ausried. Dofir muss mir daat jo nach laang net gefaalen.
    Evolution, regression, ass daach alles blabla. Zait ass eng kromm Banane!

  9. Aaaalllsssoooo ech profitéiren mol nees vu menger Léierpaus (déi ech mer eigentlech guernet leeschten kann) fier hei eppes ze posten.

    Ech ginn der voll Recht, dat et dech stéiert, dat hei een fier e Link-Tausch heeschen kennt, ech mengen et gett keen Blogger, wou dat haut net bei den Kommentarer stung. Allerdings ass dat – menger Meenung no – wierklech nemmen eng Banalitéit. Ech hunn de Kommentar zB einfach ignoréiert, vläit kënnt d’Säit jo eng Kéier a meng Blogroll, vläit och net. Natierlech muss du et net och sou maan, mee sou wéis de dech opgereegt hues (an de Joel och), hues de aus enger Meck en Elefant gema. De Charel (em deen et jo hei geet) ass en typeschen Ufänger – begeeschtert vum éischten eegenen Blog, an wëll deen lo bekannt maachen. An dann gett eben gespammt. A réit spéider, wann en bis gemierkt huet, “wéi den Hues leeft”, an (déi ongeschriwwen) Blog-Netiquette geléiert huet, wäert en dann och mierken dat et falsch war. Mee do kann een di entspriechend Persoun och ganz frëndlech an trotzdem awer mat Ausdrock drop opmierksam maachen. Well “d’Ufänger” wäerten ni ausstierwen.

    An jo, ech gin och dem Serge Recht – du verbrengs a mengen Aen an der läscht zevill Zäit domat, dech opzereegen, aplaatz einfach mol de Moment ze genéissen (wouriwwer vierun e puer Méint nach vill méi oft rieds an dengem Blog war). A wéi scho gesot: natierlech ass dat déi gudd Recht, an heiansdo muss een sech souguer opreegen. Mee *ech* fannen, dat sollt net iwwerhand huelen. Déi Energie kinnt een och fier méi sënnvoll Saachen asetzen, zB d’Welt retten ;)

    Wéi ech ugefaang hun däi Blog ze liesen (fierun 2 Joer ongeféier), hues de nach e vill méi glecklechen Androck gema, an dat obwuels de och deemols schon iwwer Saachen geschriwwen hues déi dech stéiren. Et dierf een nimols an d’Situatioun ofrutschen, wou een sech selwer als Moossstab hëllt an nëmmen nach iwwer alles souert, selwer passiv bleift (gëtt), an sech domat zefridde gëtt dat “di aner Schold sinn”. Ech wees dat et bei dir nach net sou wäit ass. Wann eppes net geet, da kann a soll dat roueg ugeschwaat gin, mee ech fannen et soll een dann och emmer mam gudde Beispill fiergoen, och wann et schwéier ass an heiansdo nervt. Emmer direkt “dropschloen” helleft net.

  10. PS

    Dir musst iech emol décidéiern wat der eigentlech vu mer wellt

    ‘T ass däi Blog, schreif wats *du* wëlls schreiwen ;)

    A wann ech eng Datz an der Geschicht kréien ass et deng Schold :D

  11. Ech mengen d’Léiren huet dech e bessen opgedréit. :) Ech hu mech net esou onmoosseg opgereegt, ech hun ee Link op dem Joël seng Erklärunge gesat wat d’Kriterien sin fir bei engem vun eis an d’Blogroll ze kommen an ech hun dobäi gefügt, dass ech, well dee Kommentar fir mech Spam ass, dee geläscht hun. Ech hun säi Numm och ni genannt, well ech dat fir falsch befonnt hun. T’ass mir duerchaus bewosst, dass déi Persoun dat net aus schlechtem Wellen gemaach huet mee well en et net besser wousst. Wat mech dorunner stéiert ass, dass mir alleguerten eng Kéier nei hei an der Blogosphär waren, a mir hun souwäit ech dat matkrut all verstaanen, dass een op sech opmierksam mecht andeems ee bei aneren intressant Kommentarer schreiwt. An desem Fall schéngt et sech jo och absolut net em eng domm Persoun ze handelen wann ech mer ukucken wat e studéiert, dofir géing ech scho verlaangen, dass ee mat sou engem Intellekt versteet wéi den Hues leeft. An e bloggt zanter Januar 2006, domatter ass en eigentlech scho lang genuch an der Blogosphär ennerwee, fir ze verstoen, dass ee net heesche geet.

    Ech verbréngen zevill Zäit domatter mech hei opzereegen amplaz d’Liewen ze genéssen? Dir ass awer schon opgefall, dass ech dräi Woche laang guer näischt hei gepost hun, oder?! An déi gréissten Opreegung, déi et hei an de leschte Wochen gouf, war d’Diskussioun em den Eldoradio, an do hun ech mech erausgehaalen. Ech kann dat Gefill, dass ech mech hei nemmen nach opreegen jiddefalls net novollzéien. T’goufen an deem leschte Mount eng 2000 Wieder laang Kuerzgeschicht, ee Gedicht, een Text iwwer mäi Liewen firu 4 Joër an elo reegen ech mech eemol iwwer ee Kommentar op dee mech nervt a schon meckeren ech nemmen déi ganzen Zäit? Ech woen emol ze behaapten, esou eng Iwwerhand ewéi dat hei duergestallt gett hu meng Meckerposts guer net.

    Wann engem eppes net passt, soll een dat uschwätzen awer mam gudde Beispill firgoen? Dat verstin ech éierlech gesot net. Wéi hätt dat dann an desem Fall ausgesin, d’Saach unzeschwätzen an da mam gudde Beispill firgoen?

    An ech gi garantéiert net passiv, ech hu mech grad eréischt décidéiert bei der Grennung vun enger neier Partei matzehellefen.

    Sin d’Examen schon amgaangen???! Dann bonne Chance!

  12. Ehhmm, wat ass hei lass? Ass eppes geschitt? Hallo Jungs, dat hei ass banalst, wouriwwer der streit an domadder wäertvoll Zäit versaut, an där der hätt kënnen:

    – Geschicht léieren (Fede),
    – e Schëff kentern (Joël),
    – e neie Schnutz wuesse lossen (Thorben),
    – e gutt (!) Gedicht schreiwen (Thierry),
    – en Heelmëttel géint AIDS fannen (eh nee..), etc.

    An der ganzer Diskussioun gi vill Saache gesot, deenen ech net zoustëmme wëll, mee ech hu kee Bock dat lo breetzetrëpplen (den Thorben trëfft et gutt, mir gefällt och säin Toun. Provokativ, mee stilvoll.). Insgesamt denken ech, dass de Post u sech schon zevill Ophiewes ass, well 1. kënnt de Charel wuel net méi op d’Säit kucken an 2. wier e Kommentar, hannert him séngem och duergaang (sou wéi bei mir). E bëssen Humor, manner Agressioun an Imperialismus (lo ginn ech krass, ech wees), da liewe mer rem vill besser an eiser bescheidener Blogosphär. Huelt iech dee Schäiss dach net sou ze Härzen.

    Well soss, son ech iech, kann ech och eng Kéier ganz ganz vill béis ginn an da fléien d’Fatzen! ;) (Dat ass mäi vollen Eescht.)

  13. Ah merde, lo wollt ech dat sou schéi man an da vertippen ech mech. Et sollt de Joël sinn, deen d’Schëff kentert, djëft.

  14. Hun der et verbessert. :)

    Ech haalen elo och op mat Diskutéiren. Do ass ee konfuse Post dee well geschriwwe gin. :D

  15. Thierry:

    ech mengen muss nach eppes erklären,
    fierwech ech leien bessen nierft dem aktuellen Thema, hun dat jo an sech just als Ustouss benotzt :).

    nach kuerz zu marketing, wat ech wollt op eng onbehollef art a weis ausdrécken: du kriss hei en échange ugebueden deen duerchaus bei aneren sachen üblech ass (homepages etc) fun dohier geing ech dat wei den Fede soot als banal bezeechnen. Natierlech nervt et, natierlech kann een net einfach nemmen nokucken soss kritt deen aneren jo nie matt dass en domat net gutt ukomm ass, mais wann en es lo fu jidderengem an o nach ??ffentlech op den Deckel kritt dann helleft dat mengen ech net sou schrecklech fill.

    zum aneren mei interessanten Thema: ech kennen dech, du bass en gudden Frend an dofier wees ech och wei ech dei blog ze gesin hun, MAIS: weis du selwer sees besteet en ennerscheed tescht dem RL- an dem Bloggerthierry. an fun wat ech hei schwetzen ass d’impressioun dei fum Bloggerthierry ausgeet, an dei mecht (fleit gesin ech dat och als eenzegen sou opwuel ech mengen den fede gett mer recht) an der leschter Zeit en immens genervten Androck. Net nemmen sou Sachen wei mat dem franseischen, ech ging souguer soen dat ass dat denkbarst schlecht Beispill well ech fannen dass et do neideg war fier ze diskuteieren !!!!!
    D’sin mei sou Sachen wei dass de drop opmierksam mechs dass eng gewess diskussioun nach emmer weider geet (beispill radio) an se domat an sech rem ukuerbels. als lieser stells de der do d’fro wat genee bezweckt onsen Thierry dann lo hei an ass dei diskussioun do et doweert an sengem blog gefeatured ze gin?
    Du duerfs dat net an de falschen Hals kreien :) dat ass net schlecht gemengt an ech well dech och guer net dozou brengen dein blog ze änneren well et ass jo genau dat: dein blog net soss engem sein. mais wier frou wanns de verstees wouhier mei kommentar kennt.
    Mat iwerhand mengen ech och net et ass quantitativ mei Text fun deem engen wei deem aneren, mee eischter fier dech ass et extreem fill a leschter zeit (3 wochen neischt schreiwen iwregens gellt net als argument ;)).
    An sech kennen mer dat hei och gär eng keier am chat diskuteieren wanns de bis rem Zeit hues, wollt just mei kommentar net sou stoe lossen net dass eppes falsch verstaan ass.

  16. Ech kréien näischt an de falschen Hals. Ech studéiren kreativt Schreiwen, Kritik ass mäin Alldag, a mat Kritik hun ech kee Probleem. ;) Mäi Probleem war éischter, dass ech net verstaanen hun, wou d’Kritik hierkéim. Mir war dat net bewosst, dass dat sou ee negativen Effekt huet, wann ech drop verweisen, dass eng Diskussioun nach emmer weidergeet (zumols well dat an anere lëtzebuergesche Bloggen jo och alt scho mol gemaach gouf). Ech vermeiden esou Saachen dann léiwer an Zukunft. :)

    Vläit hun ech mech e bessen zevill iwwer irrelevant Saachen opgereegt, mee wéi ech scho sot ass dat hei e bessen eng Plattform, wou ech einfach alles direkt rausloossen, wat mer an de Kapp kennt. T’ass net emmer einfach, mir selwer och bewosst ze sin, dass meng Lieser, zu engem groussen Deel jiddefalls, mech nemmen als Blogger kennen. Ech muss mer dat wuel méi oft an d’Gediechtnis ruffen.

    Ech kann op alle Fall verspriechen, dass ech mer meng Gedanken iwwer déi Kommentaren hei maachen (hun ech och schon). Ech maachen mäi Bescht, mech erem ze besseren. :) An zu dem einfach schreiwen wat ech well, ech sin awer dann awer nach ze agebillt, fir meng Lieserschaft elo wéinst sou Dommheeten ze déziméiren, dann vermeiden ech eng bestemmten Art vu Post léiwer. Ech verstin och, dass verschidde Leit léiwer just ee Kommentar gehat ätten, amplaz een eenzelne Post. Mee nujee. Lo ass et ze spéit. D’léiert een aus senge Feeler. :)

  17. Ok, besser spéit wéi nie, hoffen ech zumindest. Ech hat bei Fireball e, zaghaften Versuch ennerholl mech fir mäin messlongenen Optrett z’entschellegen. Ech wollt virun allem net är normal Discussiounen aus dem Konzept brengen a fir souvill Opruhr suergen. Also, Sorry nach eng Kéier, vlaicht as et e klenge Liichtbleck wann ech eps draus geléiert hun…

  18. Ech hat och bessen ze krass reagéiert fir dat wat et eigentlech war. Ech liesen weiderhin däi Blog, a wann genuch Saachen do sin déi mir gefaalen, gess de verlinkt. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *