Filmer

T’schéngt momentan Moud ze sin, sech ee Bengel ze huelen och wann ee kee Kinosfan ass. Well ech Filmer nawell gär hun an ech de Bengel net geschéckt krut, huelen ech mer en dann elo och einfach mol sou. Muss ee jo net emmer no de Regelen spillen.

1. Nenn ee Film deens de méi wéi 10 mol gesin hues.
Spykids. Do konnt ech dann och sämtlech Dialloger auswenneg. Ee Familienfilm, mee ech war jo och nach kleng. Naja, 14. Mee t’war ee Film vum Robert Rodriguez.

2. Nenn e Film deens de puer Mol am Kino gesin hues.
Där gin et der vill. The World Is Not Enough ass awer bis dato deen, deen ech am meeschte kucke war. Bei der fënnefter Kéier dunn op däitsch, fir e bessen Ofwiesslung.

3. Nenn ee Schauspiller wéinst deems de der ee Film géings éischter ukucken.
Do gin et der eng Rei. Alexis Bledel. Oksana Akinshina. Evan Rachel Wood. Keisha Castle-Hughes. Christian Bale. Antonio Banderas. Hugh Grant. Jason Statham. Julian McMahon. Edward Norton. Kevin Spacey. Jo, ech hun der bestemmt vergiess.

4. Nenn ee Schauspiller wéinst deems de e Film net géings welle kucke goen.
Do gin et der och eng Rei. Renée Zellweger. Scarlett Johansson. Tom Cruise. Angelina Jolie. Déi gi mer allesamt enorm op de Kichelchen. T’ass mer och egal wéi gudd déi eventuell spille kennen, ech kann se einfach net gesin.

5. Nenn ee Film aus deems de zitéire kanns an dat och mess.
Normalerweis werfen ech direkt mat sämtlechen Dialoger em mech wann ech aus dem Kino erauskommen. Mee déi vergiessen ech awer dann och séier erem. Ech zitéire léiwer Fernsehserien. An dat och nemmen selten. Dat eenzegt Zitat wat ech bis haut nach regelméisseg benotzen ass aus dem Spykids: “Sknath!”

6. Nenn ee Musical vun deems de d’Lyrics vun alle Lidder kenns.
Keen eenzegt. Ech mengen ech hu mol nach ni ee Musical gesin.

7. Nenn ee Film bei deems de matséngs.
Keen.

8. Nenn ee Film dee jidderee muss gesin hun.
Lilja 4-Ever. Fänkt u mat engem Selbstmord vun engem 16-jährege Meedchen iergendwou an engem skandinavesche Ghetto während aus de Lautsprecher Mein Herz brennt vu Rammstein dröhnt. Weist dann an enger Réckblend wéi d’Meedchen an ee Kannerprostitutiounsréng geroden ass an hällt op mat enger surrealer Szen, déi de Film eigentlech nemmen nach méi traureg mécht.
Schockéiert, hëllt dem Zuschauer all Glaawen un d’Menschlechkeet a saugt em um Schluss seng lescht Hoffnung aus. Baséiert op realen Evenementer esouwäit se rekonstruéiert konnte gin.

9. Nenn ee Film deens de besetz.
Nemmen een?! Brick. Jo, ech si Fan vun Independent Produktiounen.

10. Nenn ee Schauspiller deen aus engem anere Beruf an d’Schauspillerei gewiesselt huet, an dech mat sengem Talent iwwerascht huet.
Ech intresséiren mech éischter wéineg fir d’Biografie vu Schauspiller. Ausser Gérard Depardieu, deem seng offiziell Biografie hun ech eng Kéier fir ee Virtrag gelies – a si war souguer verdammt gudd. Ech hun also keng Ahnung, wien wat firdrunner war. Den Hollywoodbubi Leo huet mech no Joëren absolut miserabler “Leeschtungen” awer an The Departed enorm iwwerascht.

11. Hues de schon eng Kéier ee Film an engem Drive-In gesin?
Nee. Ech mengen sou eppes gett et emol net zu Lëtzebuerg.

12. Hues de dech schon eng Kéier mat engem am Kino kritt?
War den Elvis donkelblond? Wa meng Erennerung mech elo net täuscht war déi éischte Kéier am Shakespeare in Love. Sou Schnulzen sin awer och ideal dofir…

13. Nenn ee Film deens de schon emmer eng Kéier wolls gesin, mee bis elo nach net dozou koums.
Metropolis. Jojo, ech wees.

14. Hues de schon eng Kéier de Sall verlooss well de Film sou schlecht war?
Nee. Ech gin dach keng 7€ aus fir dann net setzen ze bleiwen.

15. Nenn ee Film bei deems de am Kino gekrasch hues?
Wrong Turn. Ech hu nach ni esou bei engem Film gelaacht. Dat ass zwar net den Zweck vun engem Horrorfilm mee e war einfach zevill lächerlech, do waren Tréinen vu Laachen och mat der gréisster Beherrschung net ze vermeiden.

16. Popcorn?
Dat hänkt vum Film of. Bei méi Usprochsvollen net, bei méi Banalen jo.

17. Wéi oft gees de an de Kino?
Ganz ennerschiddlech. Firun dräi Wochen war ech der 5 kucken. Zanterhier war ech awer guer net méi.

18. Wat ass dee leschte Film deens de an de Kino kucke wars?
Wild Hogs. Gelaacht, zur Dier eraus, Film vergiess. Mee heiansdo muss sou ee Film och sin.

19. Wat ass däi léiwste Genre?
Firdéischt emol hun ech net-Hollywood Filmer léiwer. Meeschtens sou a Richtung Drama / Tragödien. Filmer mat Bildungsroman Thematik. Filmer déi zu Sundance spillen. Europäesch Produktiounen. Underground zum Beispill. Oder L’ultimo bacio, deen d’lescht Joër vum Zach Braff Paul Haggis an Tony Goldwyn verschandelt gouf an als Hollywoodremake ennert dem Titel The Last Kiss erem an de Kino koum.
Manner Budget féiert net selten dozou, dass de Film méi no u realen Emotiounen drun ass, zumols well dann och Schauspiller engagéiert gin déi tatsächlech spille kennen a net déi, déi just bekannt sin.

20. Wat ass deen éischte Film deens de an de Kino kucke wars?
Ech mengen dat war Schneewittchen.

21. Wéi ee Film häss de am léiwste net gesin?
The Beach. Deen hun ech deemols souguer mussen zweemol kucken goen, nodeems ech der éischter Kéier schon dem Gruppenzwang ennerlouch (i.e. ech gouf iwwerstemmt an ech wollt net eleng een anere kucke goen) an dunn nach eng zweete Kéier vun enger Frendin erageschleeft gi sin. Net nemmen gouf ee Naturschutzgebiet dofir verschandelt, mee de Film ass och nach grotteschlecht vun der éischter Minut bis déi lescht. Den Héichpunkt vum Film waren all déi schéi faarweg iMacs am Internetcafé um Schluss…

22. Wat ass dee komeschste Film deen der gefall huet?
Ass Pulp Fiction komesch genuch? Crank ass och iwwerdréit. Oder Revolver a Snatch. De Stalker ass e geniale Film iwwert eng postapokalyptesch Welt.

23. Wat ass deen onheemlechste Film deens de je gesin hues?
Horrofilmer hun ech eigentlech net gären. Déi sin all sou langweileg an einfallslos wann een der bis eng Handvoll gesin huet. Beim The Exorcist sin ech awer muenchmol erschreckt. Mee ech mengen dat war haaptsächlech well dat deen éischten Horrofilm war deen ech gesin hun a nach ee gewessen Iwweraschungsmoment do war. Mettlerweil muss ech mech bei Horrorfilmer emmer konzentréiren fir net anzeschlofen – oder haard ze laachen.

24. Wat ass dee lëschtegste Film deens de je gesin hues?
Love Actually. Esou herrlech liewensbejoënd. Bei deem Film stemmt einfach alles. Leen ech all Joërs erem gären an den DVD Player.

4 thoughts on “Filmer”

  1. Et war net den Zach Braff, deen “L’Ultimo Bacio” verschandelt huet, mee de Paul Haggis an den Tony Goldwyn. De Zach Braff huet just matgespillt an dofir gesuergt, dass de Soundtrack wéinstens gutt ass.

  2. Dann deet et mer leed, dass ech de Braff falsch accuséiert hun. Dat hiewt meng Meenung vun em dann direkt erem, well eigentlech ass e jo genial. :)

  3. Stalker hach ech begleckwenschen mech haut nach dass ech der deen film geschenkt haat :D deen ass definitiv henke bliwen *stolz ass

    bzw soot ech schon dass de zefill filmer kucks :P an all di serien sin schlecht fier dech

  4. Jo dat war effektiv eng gudd Wiel. :)

    Esouvill Filmer kucken ech emol net. Meng grouss Zäiten vu 60 Filmer pro Joër si scho laang eriwwer. Ech hun der dest Joër vläit 10 gesin wann et héich kennt. A Serien si gudd.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *