Thierry live on the air.

Enger ganzer Rei vun iech ass et wahrscheinlech scho bekannt: de Joël aka Fireball huet eng Sendung um Radio Ara mam Numm Crumble. Genau an där sin ech muer, Méindeg, den 28. Mee, och ze héiren. Tëscht 16 an 17 Auer (net déi voll Stonn natirlech, soss géing et langweileg ;)) schwätzen de Joël an ech iwwer nei Medien zu Lëtzebuerg – also Bloggen a Podcasten. Ausserdeem gett et d’Radiospremière vun der Bouneschlupp!

Ze kréien ass de Radio Ara op 103.3 an 105.2 MHz. Oder, fir déi Leit déi grad enzwouch sin wou ee keen Ara kritt, ganz einfach per Livestream.

Tune in!

11 thoughts on “Thierry live on the air.”

  1. Ma dat versprécht jo, wou sinn ech da muer em déi Zäit drun … ? – Egal, op mengem K750i hunn ech jo och Radio drop, ech däerf just d’Ohrhörer net vergiessen ;)

  2. haha net schlecht :D
    fier mein gout hett der och roueg kennen bessen mei lang diskuteieren, mais dat ass eng flott formule fier sou “podcasts” anzebauen, respekt

  3. Ech hat mer den Interview och ugelauschtert. Den Empfank an der Haard war zwar net famous, dofir ass de Fait dass ech zäitweis via Handy Radio gelauschtert hunn während ech mat menger Famill an der Natur ennerwee war méi wéi Beweis fir mäin Interessi. ;)

    Zum Interview: Ech hat mer eigentlech méi erwaart, vläicht zousätzlech Hannergrondinfos oder Ausblécker op dat wat an der Bouneschlupp kennt. U sech sinn ech awer net vill Neies gewuer ginn wéi dat wat ech als Lieser respektiv Nolauschterer vun denge Channels scho matkritt hunn.

    Mee dat war jo an dengem éischten Optrëtt um Äther och wahrscheinlech net Sënn an Zweck vun der Interventioun. Fir déi déi d’Medien Blog/Podcast nach net kannt hunn war de Bäitrag bestëmmt interessant.

  4. Mir waren e bessen enner Zäitdrock mat just enger Stonn Sendezäit. :)

    Dann fillen ech mech elo awer richteg geéiert! Jo, t’ass jo och éischter drem gaangen de Leit e bessen ee kuerzen Iwwerbléck ze gin a net souvill wat demnächst alles mat der Bouneschlupp geschidd. Hanner de Kulissen bei naischtnotz rumouert et awer, do wert desen Hierscht minimum ee weidere Podcast bäikommen. ;)

  5. Huet keen daat ganzt opgeholl? Jo??
    Wier interessant daat vlait éierens online ze setzen wann daat Radio ARA zouléisst.

  6. Jop, hun ech. Ech wollt souwisou nach froen op ech deen Deel eventuell als Podcast Episod dierft zur Verfügung stellen. D’Quell ugin versteet sech vum selwen. :) Ech si lo ze midd nach den Interview rauszeschneiden an eropzelueden, wert et awer dann am Laaf vum Dag online setzen.

  7. Mengen den Thierry huet et opgeholl, op manst huet en mir lo graad den Extrait gescheckt wou ech vergiess haat de Mikro auszemaan an haart “oh nee” während dem Lidd geblärrt hun. (passeiert!)
    Online stellen ass iwerhaat keen Problem, wann en d’Source unged. :)

  8. Wanns de mir daat ganzt (bzw. just vum anne sengem gebraddels un) lo nach als mp3 fir op de Graffiti-Site schecks, ass alles perfekt :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *