Latest additions (2)

Et sin erem eng Rei gudd a manner gudd CDen a meng Sammlung bäikomm. Hei ee kuerzen Iwwerbléck bei wéi engen et sech menger Meenung no och gelount huet Suen auszegin, a bei wéi engen net.

The Cinematic Orchestra – Ma Fleur
Ganzer 4 Joër huet ee mussen op hiere neien Album waarden an… et huet sech net gelount. Hu se bis elo et op eng originell Art a Weis färdeg bruecht Jazz mat Downtempo ze kombinéiren, feelt et hierem neien Album un… Jazz. Den Album dümpelt einfallslos duerch d’Landschaft a léisst een herno enttäuscht zeréck. Favorit: Déi lescht dräi Minuten vun “Time and Space”, do erläit fir e kuerze Moment der Illusioun, et kéinnt awer ee gudden Album sin. Dofir gett et dann och net déi allerschlechst Punkten.
Bewertung: 2/10

Prototypes – Prototypes
Ech gin et zou, ech sin eréscht duerch hiert Lidd “Je ne te connais pas” an der Reklamm fir een däitschen Auto op des franséisch Indie Rock Band opmierksam gin. Prototypes ass hieren éischte US Release, mat Lidder vun hieren zwee franséischen Alben. D’Fransousen hun offensichtlech och am Indie Rock Beräich grouss Talenter. E bessen eegewellege Stil deelweis, mee ganz originell an angenehm anescht wéi dat wat ee soss esou aus deem Genre héiert. Favorit: “Who’s gonna sing?”
Bewertung: 8/10

Björk – Volta
Schon eng Kéier vum Charel rezenséiert, hei dann elo mäi Pefferkär dozou. Wéi emmer brauch et e puer Duerchgäng ier een den Album mat all senge Facetten erfaasst huet, an dat mécht et intressant. Ee weidert Meeschterwierk vun enger aussergewéinlecher Kënschtlerin. Perséinleche Favorit: “Wanderlust”.
Bewertung: 8/10

Wir sind Helden – Soundso
Albumer wou ee muss op d’Texter lauschteren gin et der net vill, mee deen hei gehéiert definitiv dozou. Ee staarke (lénksorientéierte) politesche Message zidd sech duerch de ganzen Album, gekoppelt mat Attacken géint d’Medien an der Sich no der eegener Identitéit. Deelweis onsécher, deelweis selbstbewosst – eben esou wéi déi Generatioun fir déi se sangen. “Ode” an “öde” am éischte Lidd an eng Zeil ze quetschen wierkt zwar e besse forcéiert, mee dat verzeiht een hinnen séier. Wir sind Helden si no der Babypaus net nemmen zeréck, si sin elo eréischt sou richteg do. Perséinlechen Highlight: dat genialt Geek Rock Lidd “The Geek (Shall Inherit)”.
Bewertung: 9/10

2 thoughts on “Latest additions (2)”

  1. No längerem Erop- an eroflauschtren gefällt mer Dull Flame of Love nun awer am beschten vum Björk-Volta Album… Sou eng Power an deem Song!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *