May 2007

Life 2.0

Op Facebook gesin, dass ee Matbewunner säi Piercing erofgeholl huet.

Boah sin ech blöd.

Lo wonneren ech mech déi ganzen Zäit, firwat souvill Leit nach em des Auerzäit online sin a firwat iwwerall nach gebloggt gett, wou dach muer Dennschdeg ass an d’Leit mussen fräi opstoen. Dunn checken ech d’Auerzäit a klicken duerch puren Zoufall op d’Auer an den Datum gett ugewisen – aaaaaah, haut ass den 1. Mee! Mann o mann… Ech brauch ee Kalenner. D’Leti huet mer jo awer kee geschenkt. Deemols war ech en Dag ze fréi, des Kéier hat ech guer net realiséiert wéi een Dag haut wier.