Déi lescht Minuten

De Federico zidd de Bilan vun den Examen a fänkt mat engem Saatz un, dee mech och direkt nees u meng Première erennert: “Et sinn nach 3 Minutten, genéisst se!” Während et sech bei deem Saatz em déi dräi lescht Minuten vum Examen handelt, erennert de Satz mech un meng lescht puer Minuten vun der normaler Schoulstonn. Ech wees net méi genau wéivill Minuten et deemols waren firum Schluss, mee iergendwann kuerz firun Enn ass mer kloër gin, dass de Lycée elo eriwwer ass. Do waren zwar nach d’Examen, mee déi hate net wierklech vill mat normalem Lycéesliewen ze din. Kuerz: déi lescht Minuten hu sech mat sämtlechen Detailer a meng Erennerung agebrannt, wéi net vill aner Momenter a mengem Liewen.

De Federico stellt sech dann d’Fro, wéi et dann elo weidergeet mat de Kolleegen. Grond genuch fir mech, eng Kéier selwer Bilan ze maachen, an vläit den aktuellen Primaner ennert de Blogger eng méiglech Zukunft ze weisen. Wéi war dat eigentlech mat de Klassekomeroden, no der Diplomiwwereeschung an der Promnight – sin se a mengem Liewen bliwwen oder net?

Déi Fro ass eigentlech séier beenwert: nee, si si net all bliwwen. Dee gréissten Deel ass relativ séier aus mengem Liewen verschwonnen. Well soen: no der Diplomiwwereeschung hun ech ee groussen Deel vun hinnen net méi eremgesin, een Deel war emol net op der Promnight (well de selwechten Owend Apocalyptica an der KuFa gespillt huet). An op der Promnight hun ech mech eigentlech nemmen mat de beschte Kolleegen opgehaalen, a souwisou scho net méi vill vun deenen anere matkritt. Sou ass dat och bliwwen: déi bescht Frënn si bliwwen, d’Klassekomeroden an Kolleegen aus anere Klassen sin entweder ganz aus mengem Liewen verschwonnen oder de Kontakt ass beschtefalls nach sporadesch – et begéint een sech heiansdo zoufälleg emol an engem Café, et schreiwt een sech alt am MSN fir nozefroen wéi et grad sou geet, et kuckt een op Facebook oder der belleger däitscher Kopie dovunner d’Fotoen vu Partyen wou déi aal Kolleegen elo feieren. Heiansdo kritt een och just duerch gemeinsam Frenn mat, wat bei fréiere Kolleegen grad lass ass. Oder et gesäit een et um RTL, liest et am Wort oder am Télécran (jo, ass mer alles geschidd). Iergendwéi geet dat och schon duer, just ze wessen wat déi aal Kolleegen grad stiichten, wéivill hätt een dann och nach mateneen ze schwätzen, et kann ee net méi iwwert déi selwecht Proffen meckeren, an erliewten Szenen op der Uni sin eigentlech nemme witzeg, wann ee se selwer materliewt huet.

Vläit dat Komëschst ass, dass deelweis Leit déi ee fir wichteg gehaalen huet, och verschwannen. T’vermesst een se zwar heiansdo, mee eigentlech gett een och zimlech gudd ouni se am Alldag eenz. Hier Plaaz gouf relativ séier vu neie Kolleegen ageholl. Ass dat traureg? Iergendwéi schon, mee t’ass awer och normal. Näischt ass fir emmer, Leit veränneren sech an et passt ee vläit net méi sou gudd beieneen, wéi dat eemol war. D’Intressien waren am Endeffekt vläit vill méi op d’Schoul an déi do gemeinsam gesammelt Erfahrungen beschränkt wéi een dat gemengt hätt. A Leit mat deenen een sech vläit manner opgehalen huet, vermesst een dann op eemol trotzdeem. Well se einfach zum Gesamtbild dozou gehéiert hun, an et ass jo eigentlech déi ganz Atmosphär déi ee vermesst. Eng Klass am traditionelle Senn gett et nom Lycée fir déi mannsten nach.

“Mir verléiren ni de Kontakt” ass ee grousse Saatz, wann een emol net wees, wat een an de nächste Méint erwaard. Trotzdeem ass et wuel ee vun de Standardsätz no der Première, an en ass wahrscheinlech an de meeschte Fäll souguer ganz éierlech gemengt. Et wees een et einfach nach net besser. An iergendwéi ass d’Hoffnung de Kontakt tatsächlech ni ze verléiren dach och eppes Schéines.

Déi Leit vun deenen ech wierklech behapte kann, dass se nach eng Roll a mengem Liewen spillen, déi mat mer op Première (domat mengen ech mäi Joërgaang, vu dass ech an insgesamt dräi Lycéen war, a net nemmen d’Primaner aus dem Schuman) waren, kann ech wuel op mengen Hänn ofzielen. Dat ass awer net schlëmm, well eigentlech sin déi Leit no der Première deelweis souguer nach méi wichteg gin.

“Et gett ni besser”, wéi mäin Däitschproff a Régent Dr. Reis op Première sot, “et gett just anescht.” A genau sou ass et och: d’Liewe bleiwt d’Liewe mat all sengen Héischten an Déiwten, just d’Kulissen ronderem een ännere sech. Et gin och op der Uni dreckeg Proffen, et gin och an de Virliesungen nerveg Bänknoperen, an d’Nervösitéit virun den Examen ass déi selwecht wéi bei de Prüfungen am Lycée. Vläit ass dat déi wichtegst Lektioun déi een als Primaner léiert: et bleiwt zwar emmer alles d’selwecht wat et sech méi ännert, mee et genéisst een déi eenzel spezifesch Momenter trotzdeem soulaang se unhalen. Méi kann ee net maachen, manner sollt ee net.

An an deem Senn wenschen ech all de Primaner ennert iech bonne Chance, dass et och geklappt huet mam Examen, an vill Freed an Erfolleg bei deem wat nom Lycée op iech waard. A verspriecht iech roueg, dass de Kontakt ni ofbrécht, well et gett wuel keng besser Basis fir de Kontakt tatsächlech oprecht z’erhaalen.

3 thoughts on “Déi lescht Minuten”

  1. ech fannen no premiere huet een gutt gesin wei eng leit just koleegen waren well ee selwer de koleeg fun engem koleeg war oder eben bei hinnen an der klass war. ech well lo net souweit goen an soen good riddance mais fun deenen vermessen ech keen, op klassentreffen wann se do sin dann huet een d gefill ajo di do feelen mee daat as menger meenung no just well een se am kontext fun der klass eben net kann wech denken. oft flott fier ze heieren wou se sou dru sin mais rien de plus, dofier sin ech nawell frouh dass bei ons keen gesot huet mier verleieren ons nie aus den aan, an sech ass dat och nie opkomm als thema fier dei dei beieneen gepasst hun war et einfach kloer mier gesin ons weider, fleit nemmi sou oft mee trotzdem reegelmeisseg.

  2. Thierry du hues zimmlech gudd a Wieder gefaasst wat ech mer och alles sou geduecht hun. Och wann ech hoffen dat verschidden Saachen net sou wäerten verlaafen, mee wéis de scho geschriwwen hues, et wees een et net besser.

  3. Dat ass och just eng méiglech Variant, ech kennen duerchaus och Fäll, wou déi ganz Klass sech nach emmer regelméisseg all puer Méint trefft. Dat sin zwar leider Ausnahmen, mee vläit hues du jo Chance mat denger Klass. A wéi gesot, déi Leit déi wierklech wichteg sin bleiwen an der Regel an dat ass, fannen ech, och scho vill wert. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *