Do Androids Dream Of Electric Sheep?

Ech maache jo eigentlech net gäre Reklamm, mee dat hei muss sin. DADOES? hun den Owend hier Release Party vun hierer éischter LP “Snapshot Lamento” am Shiny’z zu Kielen (jo, do wou déi lescht Mohebo war). Déi 12 Lidder sin mat dat Bescht wat ech bis elo aus der Hardcore Szen héiren hun, an definitiv dat Bescht wat ech bis elo aus der lëtzebuerger Hardcore Szen héiren hun. “Intelligent Gebrëlls” kéinnt een et scho baal nennen: hier Lidder sin zu engem groussen Deel am Screamo Genre gehaalen, mee dodrënner leien awer politesch a sozial Kritiken. Oder, wéi d’Kritiker an der Woxx et ausgedréckt hun: “Ihnen ist es wichtig, eine kritische, gar subversive Attitüde nicht mehr nur durch Irokesenschnitte und andere revolutionäre Attribute zur Schau zu stellen, sondern auch konkret zu artikulieren.”

De Concert den Owend ass iwweregens den Optakt vun hierer Europatournee (e.a. duerch Däitschland, Éisträich, Tscheschien) an eenzege Concert vun där Tour hei am Land.

Hier megagäil T-Shirten verkaafen se ab haut och. A fir d’Propaganda komplett ze maachen, hei ee klenge Video deen se am Jux fir de Release gemaach hun (Ennertitlen liesen!).

Fir déi Leit déi et net gemierkt hun: Do Androids Dream Of Electric Sheep? ass och den Titel vun enger Geschicht vum bekannten Sci-Fi Auteur Philip K. Dick (de Kinogänger ennert iech vläit éischter duerch sou Saachen wéi Minority Report bekannt).

2 thoughts on “Do Androids Dream Of Electric Sheep?”

  1. Vill ze faul fir bis op Kielen ze rennen. :D Ech hun de Master jo scho firun e puer Wochen ze lauschtere kritt an krut déi färdeg CD leschte Mëttwoch an de Grapp gedréckt. :)

    Wars du do?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *