Hat jo net allzelaang gedauert

bis iwwerall steet, op den Harry, de Ron an d’Hermione iwwerliewen oder net. Natirlech och an der englescher Wikipedia. Fannen ech net gudd. Obwuel déi Bicher mer eigentlech komplett egal sin.

Besser ganz vum Internet ewech bleiwen, wann der welles hutt d’Buch nach iergendwann eng Kéier ze liesen.

(Thierry firwat wees du dat alles wann et dech net intresséiert? Ech war firwetzeg op een schon all d’Informatiounen esou séier no der offizieller Veröffentlechung kéinnt kréien.)

Dat war alles wat ech zu deem Buch hei an de Blog schreiwen. Versprach.

3 thoughts on “Hat jo net allzelaang gedauert”

  1. Schued, ech sin der Meenung daats de eppes verpass, bzw. verpasst hues. Mee bon, daat sin och Saachen, déi en net wirklech beanflossen kann. Ech fir main Deel haalen op manst déi Zait, an denen ech déi Bicher gelies hun, emmer an emmer erem an wéi ech quasi mat den Figuren aus denen Bicher erwuesen gin sin, net fir “verschwend”, am Geigendeel. :)

  2. Ech si vrun zwou Stonne färdeg gi mat Band 7. Exzellent Buch, sollts de mol eng Kéier liesen.

  3. sin ech frouh dass ech an der wakanz wo an et an engem daag duerch hat :P
    iergendwann fleit eng keier eppes zur motivation fierwat een hp liest op mengem blog ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *