Awron

Ech hat mer dat alles sou schéi firgestallt, wéi ech dee Post hei géing schreiwen. Doriwwer wat ech an de leschte Joëren iwwert mech selwer geléiert hun. Firdéischte Kéier wierklech just fir mech bloggen, a mer keng Gedanken maachen, wat iergendeen dovun hält. Ech schreiwen elo zwar och nemmen fir mech selwer, mee ‘t ass awer iergendwéi anescht. Well d’Emstänn sech geännert hun. Erstens kommt alles anders, ne.

D’leschten Dennschdeg hun ech dat Meedchen gesin an dat ech verléiwt sin. Et ass mat engem Typ duerch d’Duerf getreppelt. Wat dee Moment alles a mengem Kapp ofgelaaf ass wees ech net méi, ‘t war awer näischt schéines dobäi. Firun e puer Deeg dunn jiddefalls sin ech moies erwescht an hat op beemol ee ganz anert Meedchen firun Aan. Dat huet mech déi lescht Deeg zimlech duercheneen gemach, well ech fir d’Frecken net verstaanen hun firwat. Mettlerweil mengen ech et ze wessen: ech hun dat Meedchen gären (als Frendin) a well mäi Verstand / Ennerbewosstsäin / Déngens dat anert net verschafft krut huet et probéiert et iergendwéi ze emgoen. De Freud huet sou eppes Verschiebung genannt, mengen ech.

Jiddefalls…

Ech hu mer an de leschte Wochen a Méint wou ech et net gesin hun (aus dem offensichtleche Grond, dass ech net am Land war) emmer erem ageriedt, ech géing nemmen un enger Erennerung hänken, ech wier nemmen an d’Gefill selwer verléiwt (stemmt och deelweis, nenn ee mer e bessert Gefill wéi déi berühmt-berüchtegt Pimpamplen am Bauch), oder eng beliebeg Variant dovunner. Verdammt awer och. Ech mengen d’lescht Woch huet sech mer nemmen de Moo emgedréit, do den Ennerscheed ze machen tescht verléiwt, geschockt, traureg asw ass net méiglech.

Haut, Donneschdeg, dann: ech hu Feierowend, kommen aus dem Büro eraus. Freen mech schon, dass mäi Papp net do steet op mech ze waarden fir mech mat heem ze huelen. Iergendwéi wousst ech, dass eppes an der Loft léich. Kaum sin ech honnert Meter gaangen, scho kennt mäi Papp do gefuer. Nondikass. Alt an den Auto geklommen. Zwou Minute méi spéit kommen mer an déi Strooss wou d’Meedchen wunnt. Mer fueren just an d’Strooss eran…

Ech hat mer firgeholl, wann et iergendwann eng Kéier sollt op de Bus treppelen während ech géing lanscht fueren, géing ech, ganz egal wien dee Moment um Steier séiz, déi Persoun zum Stoebleiwen zwengen, erausklammen, an op de Busarrêt laafen. Vollkommen egal wouhinner ech eigentlech ennerwee war. Lo, endlech, kennt déi Situatioun. An ech war ze iwwerascht fir iergendeppes ze soen. Pimpamplen. Do sin se. An, tschö, si sin elo nach emmer do während ech dat heiten tippen. Ech trauen mech emol net opzestoen, well ech souguer am Sëtze spieren, dass meng Been keng Kraaft hun.

Vill méi louche war awer, dass hatt an den Auto gekuckt huet, a mech fixéiert huet bis mer laanscht waren. Dat muss et sou offensichtlech gemach hun, dass mäi Papp et souguer gemierkt huet. Deen huet dunn souguer nach eng Kéier an de Spigel gekuckt an probéiert z’erkennen, wien dat war.

An op eemol. Déi Sekonn wou mer lanscht waren, huet sech alles geännert. Eng Woch laang hun ech mech ugestrengt net un et ze denken, mer anzerieden dass dat dach alles kee Wert hätt. Mee et ass wéi eng Drog. Ech setze souguer no méintelaangem Cold Turkey direkt erem bei der éischter Geleegenheet d’Spretz un.

Wou sin ech elo? Um Punkt wou ech mer soen: schäiss op deen Typ, schäiss op se alleguer. Verdammt nach emol dat Meedchen bedeit mer no Joëren nach emmer déi ganz Welt. Ech fannen et nach emmer wonnerschéin. Ech vergläichen nach emmer direkt all anert Meedchen mat him, an hatt gewennt all Kéiers. Ech hu mech elo wochelang gesträubt eppes z’ennerhuelen, well ech am Oktober erem fort sin, an hatt dann och. Mee eigentlech ass dat dach dee beschte Moment. Wann et net geet, kennen mer allenzwee an en anert Liewen verschwannen.

Ech gin also tatsächlech zu där Art Mensch, deen anere Leit d’Frendin auspaant. A wesst der wat: ech hu mol kee schlecht Gewessen.

(Awron ass wallisesch fir “elo”. Et gett “auronn” ausgeschwat.)

One thought on “Awron”

  1. Boah! Elo setzen ech hei virun dengem Text an hun fir d’alleréischt keng Ahnung waat ech der hei soll schreiwen. Ech mengen, dat bescht ass ewuel, wann ech der einfach dat soen, waat mir momentan duerch den Kapp geet.

    Dass du nodeems dat Meedchen erem gesinn hues an den Äerm vun engem Aaneren, kuerz drop un een aanert Meedchen geduercht hues ass ewuel ganz normal- menger Meenung no. Dass du wirklech an dat Meedchen verléift bass, muss ech der jo net méi soen, ech mengen, du hues hei nach eng Kéier e puer Saachen opgezielt, déi op dat schléissen loosen!
    Wann ech gewousst häett, waat dech erwaart häett, häett ech dir um Telefon natiirlech gesoot, du géins esou heem kommen an dem Papa matgedeelt, dass de z.B. méi laang giffs schaffen. ;-) Mee nujee, dat konnt ech jo net viraus gesinn :)

    Dass du dech ustrengs net un dat Meedchen zedenken, ass menger Meenung no falsch an och dat huet menger Meenung no dozou gefouert, dass däi Bauch esou verreckt gespillt huet (glew mer ech wees ewéi dat ass, eng ähnlech Saach hun ech virun iwwert engem Joer matgemaach)

    Dass du perplex waars ewéist de hatt gesinn hues ass ebenfalls verständlech. Et hellt een sech emmer immens vill fiir, mee wann sech d’Chance bidd ass ebemol alles fleeten. Wéi hofft hu schons Leit gesoot déi hieren gréissten Star getraff hun, sie häetten sech emmer op esou eppes “firbereed”, en ganzen Text, mee wéissten elo guer näischt méi, hier Been giff mell ginn etc. etc. Dat ass wann ech richteg an der Bio opgepaasst haat en Phenome, deen ausgeléisst gett, wéinst eisen Gefiller sprech dem Häerz. Den Häerzschlag geet brucharteg héicht an d’Luut an den Kierper hellt sech dann vun iwwerall esouvill ewéi méiglech Blut (an dann eben och aus dem Gehier an den Been) :(

    Däin “Punkt” ass menger Meenung no richteg. Schliesslech géiffen et ewuel alleguerten déi aaner Typen t’nämlecht maachen. A wann dat Meedchen et mat deem Typ serieux mengt, dann hues du souwisou keng Chance. Dat klengt elo villäicht sauhaard, mee esou ass et. Falls allerdengs d’Meedchen seng Zweifel bei sengem aktuelle Frend huet, jo dann bast de am Rennen an eppes Schlechtes gesinn ech doranner net. Fir dass eng Bezeiung klappt mussen béid Partner mateneen eenz ginn, net nemmen deen mat deem aaneren awer net vice versa. Daat ganzt Gespréich emmer mat “hien huet him seng Frendin ausgespaant” haalen ech fir alt erem een vun deenen dommsten Sprëch déi d’Leit gäere soen. An der Léiwt ass et awer sch***egal waat déi Aaner denken! An dofir kann ech däin Entschloss nemme gudd heeschen. Falls et näischt vun der well, gesäis de et vum Oktober un souwisou net méi an dann hues de genug Zäit NET fir hatt zevergiessen, nee fir dat ganzt ze “veraabeschten” -nach esou een sch*** Wuert vun der Gesselschaft.
    Zu dengem läschten Saatz well ech just soen, dass de daat “schlecht Gewessen” och guer net muss hun. Dat do ass menschlech an mir sinn nun emol alleguerten Menschen mat Gifiller a keng Maschinen.

    Also: Probéier et! Nix häellt dech dovunner of! Wann ech d’näechste Kéier och am Auto setzen, wann hatt laanscht geet, kann ech och einfach “STOP!” ruffen. ;-)
    Ech hun och schon een perfekt Lidd: L’Ultima Notte vum Josh natirlech. (Lyrics op thatjoshgrobanguy.com -> Lyrics -> Awake) ;-)

    Sou sinn elo schons midd, mee well der nach eppes “offréieren” *g* : Mir kennen och gäeren en Samsden en “Männerowend” maachen (virun genee engem Joër haate mer jo esouguer souzesoen en Männerdag gemaach) ewou mer dann an engem tête-à-tête driwwer schwäetzen. Mee nach eng Kéier: Wanns de dat Meedchen erem gesäiss MAACH eppes, soss gett et emmer méi schlemm. Et gett net besser! An déi éischt Deeg, Wochen an villäicht och Méint ginn dann op der Uni och erem haard! Ech wees dat do klengt elo esou einfach, mee dat ass et natiirlech net. Eppes ewou ech der och nach kéinnt driwwer zielen,mee mäin Kommentar ass schon esou laang an meng Middegkeet gett emmerméi grouss. Ech muss dat also bis op eng aaner Kéier verschieben! :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *