Do Androids Dream Of Electric Sheep?

Ech maache jo eigentlech net gäre Reklamm, mee dat hei muss sin. DADOES? hun den Owend hier Release Party vun hierer éischter LP “Snapshot Lamento” am Shiny’z zu Kielen (jo, do wou déi lescht Mohebo war). Déi 12 Lidder sin mat dat Bescht wat ech bis elo aus der Hardcore Szen héiren hun, an definitiv dat Bescht wat ech bis elo aus der lëtzebuerger Hardcore Szen héiren hun. “Intelligent Gebrëlls” kéinnt een et scho baal nennen: hier Lidder sin zu engem groussen Deel am Screamo Genre gehaalen, mee dodrënner leien awer politesch a sozial Kritiken. Oder, wéi d’Kritiker an der Woxx et ausgedréckt hun: “Ihnen ist es wichtig, eine kritische, gar subversive Attitüde nicht mehr nur durch Irokesenschnitte und andere revolutionäre Attribute zur Schau zu stellen, sondern auch konkret zu artikulieren.”

De Concert den Owend ass iwweregens den Optakt vun hierer Europatournee (e.a. duerch Däitschland, Éisträich, Tscheschien) an eenzege Concert vun där Tour hei am Land.

Hier megagäil T-Shirten verkaafen se ab haut och. A fir d’Propaganda komplett ze maachen, hei ee klenge Video deen se am Jux fir de Release gemaach hun (Ennertitlen liesen!).

Fir déi Leit déi et net gemierkt hun: Do Androids Dream Of Electric Sheep? ass och den Titel vun enger Geschicht vum bekannten Sci-Fi Auteur Philip K. Dick (de Kinogänger ennert iech vläit éischter duerch sou Saachen wéi Minority Report bekannt).

Virowend vu Nationalfeierdag – De Podcast, oder sou…

Well de Nationalfeierdag elo schon eng ganz Zäitchen zeréck läit, an ech aus diverse Grënn keng Podcast Episod konnt driwwer maachen, gett et dat Ganzt elo hei als Text. Well d’Bouneschlupp bekanntlecherweis och um Radio leeft, an déi meescht Leit wuel kaum nach um 22. Juni intresséiert sin. Et gett dann de Weekend eng Episod mat engem aneren Thema.

E normale Nationalfeierdag hat ech nach ni, oder ech ka mech zumindest net méi un een erenneren. Firun e puer Joër hat ech d’Kolleegen am Gewulls verluer – dat war dommerweis déi Zäit, wou nach net jiddereen een Handy hat. Firun zwee Joër war Nationalfeierdag just de Virowend viru Lloret de Mar, oder – op gudd lëtzebuergesch – Loräää, an ausser dem Freedefeier hat ech deemols och näischt matkritt. De Bus op Frankfurt ass emmerhin kuerz dono fortgefuer. D’lescht Joër hun ech mat Leit gefeiert, vun deenen ech praktesch kee kannt hun. Zwee dovunner ware belsch, haten also mat onsem Nationalfeierdag souwisou näischt um Hut. An natirlech hat ech do och e besse méi vum Freedefeier – Stëbs an eng wochelaang Entzündung an den Aan. Dest Joër sollt dat eigentlech alles aneschters gin. Mech nach eng Kéier virzedrängelen fir d’Freedefeier och komplett matzekréien koum net a Fro, an ech war och mat Leit ennerwee, déi ech allesamt kannt hun. Net, dass déi mer d’lescht Joër onsymapthesch gewiecht wieren. Ech feieren awer léiwer mat Leit, déi ech och scho firdrunner schon eng Kéier gesin hun.

Den Owend huet och eigentlech ganz normal ugefaangen. Bei der Badanstalt aus dem Bus geklommen, an direkt beim Vis-à-Vis schon een übleche Verdächtege gesin, dee wuel scho gudd gebechert hat. Déi Persoun erkennt mech witzergerweis emmer nemmen wann e voll ass, mee do hat ech dann awer kee Bock drop. Laanscht de Kapuzinertheater gaangen, a schon erem knapps engem Hörsturz entgaangen. Soundcheck hun déi Leit op der Bühn nämlech esou définéiert, dass een d’Hautparleuren bis hannewidder opdréit, an dann ouni Firwarnung kuerzerhand sämtlech Instrumenter mateneen spillt. Séier weider. Op d’Plëss. Duerch d’Gewulls firum Old-Mac-Donald-has-a-farm gedréckt a séier eriwwer op déi aner Säit, well et do no manner Leit ausgesin huet, a beim Buer och scho längst Punks amgangen waren ferm ze becheren. Sou eppes muss een sech jo net undoen. Doteschent nach een Thüring… ehm eng fuerzdrësche Grillwurscht fir de Spottpräiss vun 100 Frang… also 2,50€ kaaf, an op d’Kolleegen gewaard. Kennt der iech un déi Zäit erenneren, wou een een Thüringer fir 50 Frang, an een Hamburger fir 60 Frang krut? Geschmaacht hu se deemols och besser. Oder do spillt meng Erennerung mer ee Streech. Emmerhin ware se dann awer trotzdeem nach emmer méi belleg.

Op eisem Tour duerch d’Uewerstad si mer dunn laanscht den Urban an de Radio Ara komm, deen allerdéngs mat DNR Logoen agekleed war – firwat och emmer. ‘t huet ee mat engem Velo vill flott Saache gewisen, déi mer net gesin hun, well mer ze wäit ewech stoungen. Ee Béier gedronk a weider op de Knuedler. Tiptop, hei si nawell Leit. Normal, de Fakelzuch geet geschwenn lass. Wat mer net gemierkt haten: mir stoungen an der Mëtt vum Knuedler, firun der grousser Bühn, also genau do, wou de Fakelzuch ronderemtreppelt. Knapps an deem Hallefkrees goufen ronderem och schon d’Gitteren zougemaach a mir souzen fest. Wier net weider schlemm gewiecht, wann dee Fakelzuch iergendeppes Intressantes ze bidden hätt. Mee vun engem Arméisdirigent dee net dirigéire kann (wann mir dat souguer als onmusikaleschem Banaus opfällt, muss et extreem sin!) an enger beknackten Duerfmusék déi “Smoke on the water” geduddelt huet, iwwert de Battinswoon deen onsen Heng an Tréis mol mat Alkohol versuergt huet bis hin zu engem WANDERklub, deen awer eenzeg mat enger rouder Camionette matgeFUER ass, war alles dobäi. Obwuel lauter Polizisten an iergendeen Offiziellen ronderem Gitteren stoungen, hu permanent Leit et färdeg bruecht, iwwert d’Gitter ze klammen an op eemol mat am Fakelzuch ze trepplen. Mol ganz ofgesin dovunner, dass ee Sniper sech wuel keng besser Plaz hätt kéinnten eraussichen wéi an deene Gitteren wou mir stoungen, well do hat een ideal fräi Vue op déi groussherzoglech Famill. Sécherheet gett eben ganz grouss geschriwwen hei am Land.

Nodeems de Reen iwwerstaanen war an mer eis duerch x Stroosse gekämpft haten an am Gewulls opeemol firun der groussherzoglecher Koppel stoungen, si mer iergendwann am Gronn geland. D’Freedefeier iwwersprangen ech elo mol einfach, dat war jo souwisou nemmen eng eenzeg technesch Pann. An ausser ville Milliounen déi vun engem Staat an d’Luucht geballert gin deen anscheinend keng Suen méi huet, ass dat souwisou näischt intressantes.

Am Gronn hu mer eis dunn mat enger Frendin getraff, an mir hun iergendee südamerikanesche Nationalfeierdag gefeiert. Fiesta! Mat Che Guevara Biller, Salsa Dänz a bellegem Plastikschmuck. Wien elo mengt, dat wier just Blödsinn, dee war wuel net an deem Eck geland wou mir waren. Net wäit ewech vum Minigolf nämlech stoung ee schéint grousst wäisst Zelt, wou spuenesch geschwat gouf, d’Leit Salsa gedanzt hun, a bausse Schmuck an Che Guevara Biller verkaaf goufen. Gottseidank ware mer séier erem fort vun do. ‘t war dunn och schon souwisou Zäit fir dee leschten Bus ze huelen, also hu mer eis laanscht e puer sträitsüchteg Sëffer geschlach, an all deene besoffenen Kolleegen moien gesot, déi eis zwar gemengt hun ze kennen, mee déi mir nach ni gesin haten. Mee sou eppes ass jo normal. Ah jo, an dotëscht sin engem dann och nach déi obligatorësch Alkoholiker em den Hals gefall, fir net am Tommel mat der Schnëss op de Buedem ze klaaken. Woubäi, wenschen géing ech sou Leit dat schon.

An domatter war den Owend gelaaf. Oder nee, waard. Den Héichpunkt kennt jo emmerhin emmer eréischt um Schluss. Dommerweis war deen Héichpunkt dee koum ee Bus deen eben net koum. Kee Merci geet dofir un deser Stell un dat inkompetent Personal vun der CFL. An och keen Héich op de lëtzebuergeschen Transport. Heem komm sin ech dunn gottseidank awer, dank mengem Papp.

Konklusioun: et war eigentlech just ee ganz normale Nationalfeierdag – fir meng Verhältnisser. Op ech mech op d’nächst Joër freen wees ech nach net. Kolleegen eremzegesin war zwar definitiv flott, mee dofir brauch ee jo eigentlech kee Nationalfeierdag.

Echoes

I thought I heard your voice speaking
as the sad reverberations of my whisper
came from those bleak hills.

You won’t be forgotten.

I thought I saw your eyes looking into mine
as the wind was breezing onto my face
and freezing my tears.

I thought I felt your hand in mine
as I shaved a few leaves
and set them free.

You won’t be left lonely.

I thought I smelled your perfume
as I breathed in the dust,
lying amidst bell flowers.

I thought I tasted our future
as the rain fell on my lips,
my face high against the sky.

We’ll be alone.