Tada!

Gleewt et roueg. Et steet nämlech elo hei. Schwaarz op wäiss. Ech! Si! Rem! Do! (Dat kléngt elo vill méi narzistesch, wéi et gemengt ass.)

Ech hat mech scho bal dru gewinnt net ze bloggen. Et funktionéiert awer elo endlech erem alles. Woubäi, “erem” ass dat falscht Wuert. Et funktionéiert iwwerhaapt. Well ech si lo bei engem aneren Provider. Also alles, ausser (in cauda venenum wéi d’Réimer soten)… dass bei méi aale Posts d’Ëmlauter all nemmen nach Fragezeichen sin. Verstin ech net, well ech d’Datebank awer als UTF-8 gespäichert, an och esou erem op deen neien Server eropgelueden hun. Wann ech iergendwann eng Kéier wierklech absolut guer keng ze din hun, verbesseren ech dat vläit alles manuell no. Lo fir de Moment emol just déi lescht ronn 15 Säiten, fir dass et wéinstens e bessen propper ausgesäit. D’Spëtzt vum Äisbierg souzesoen, an drënner gett et déidlech. Mee wien geet och scho sou wäit zeréck liesen.

3 thoughts on “Tada!”

  1. Dee Probleem mat den Ëmlauter hat ech och schonn bei engem Server-Wiessel. Hues du dann deng Datebank via WordPress-Admin gespäichert oder via phpMyAdmin?

    Ech hu mech och scho gefrot ob et net doru leie kann, dass ech (an du jo och, gell?) mat Mac OS X schaffen. De Problem mat den Umlauten kréien ech nämlech och vu verschiddene vu menge Kontakten gemellt, wann ech eng E-Mail via de Mac-OS-X-Mail-Client “Mail” schécken. Wann ech dat da weess an am “Mail” manuell op UTF-8 ëmstellen, da si meng E-Mailen och fir dës Useren lieserlech ze gesinn.

  2. Ech hat se via phpMyAdmin exportéiert. Ech bezweiflen, dass et um OS X läit. Ech hat beim Exportéiren jo explizit ugin, dass et UTF-8 ass, an ech hun beim Importéiren och erem ugin dass et UTF-8 ass. Naja… Ech verbesseren et elo einfach Schrëtt fir Schrëtt sou wéi ech Zäit hun.

    Hehe Entzugserscheinungen… Merci :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *