Registréiren, kommentéiren

Dem Pa huet et guer net gefall, dass een sech elo hei muss registréiren fir kennen ze kommentéiren. Ech war bekanntermoossen selwer net extreem frou mat där Décisioun. Well ech elo bei engem neien Host sin, an domatter och endlech MySQL méisseg ee gudd Stéck méi up-to-date sin, hun ech décidéiert testweis emol erem Kommentarer ouni Registratioun zouzeloossen. Lo kann ech nämlech endlech e besse méi wéi 20 Spamkommentarer mam Spam Karma 2 läschen, ouni dass alles zesummebrécht. Déi Minutt all Dag fir Spam ze läschen ass et mer dann awer wert fir iech d’Chance ze gin kennen fräi ze kommentéiren.

Et steet iech natirlech fräi iech trotzdeem nach ze registréiren, an déi Leit déi sech bis elo schon registréiert hun kennen selbstverständlech weider déi Logindaten benotzen.

Wann net zevill Spamkommentarer duerchkommen, kann een dann erem op Dauer hei kommentéiren ouni Registratioun.

Demnächst hoffentlech erem méi originell Texter op dëser Plaz.

3 thoughts on “Registréiren, kommentéiren”

  1. Oh, ëhm, also mäi Kommentar war lo méi allgemeng gemengt, däi Blog war mer lo just als éischten agefall, dat. Du mëss natirlech wéi’s de wëlls, ech fannen et awer gudd. Mee Bonne Chance mat de Spamkommentaren.

  2. Jo, ech maachen wéi ech well. Mee et nervt mech jo selwer wann ech mech iwwerall muss registréiren, dann well ech dat net anere Leit mussen zoumudden. ;) Merci, ech hoffen ech gin lo net erem direkt iwwerschwemmt. Vläit hun ech Chance an e puer Bots hu mech aus der DB geläscht nodeems hei baal ee Mount laang nemmen eng Feelermeldung stoung… :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *