Bloggertreffen am klengen

Ech hu gëschter de Joël an de bloGeescht am realen Liewen dierften kennenléiren. Ech muss soen et ass nawell ganz intressant a sympatesch Bloggerkolleegen emol eng Kéier “an echt” ze erliewen.

De Joël war mettes schon beim Joël (Sidd der schon duercheneen? Ech nennen dee vun elo uns einfachshalber Fireball.) a mir an der Sendung an huet e bessen iwwert säi Blog a seng éischt Schrëtt an der Podcastszen erzielt. Deen Interview gett et wann der hei ennendrenner op de Play dréckt.

[audio:http://www.thesoundofseagulls.com/audio/interview_mam_joel.mp3]

No engem Kaffi am Art Scène (endlech emol erem eng Kéier do…) an engem Iessen (den Giorgio’s heescht zwar zanter enger Zäitchen Onesto mee en ass nach emmer gudd) waren de Fireball, de Gloda, de bloGeescht an ech dann op de Pubquiz am Pyg, wouzu et jo een Opruff virun e puer Deeg gouf. Des Kéier gouf et souguer eng phänomenal 9. Plaz, woumatter mer gudd Mëttelfeld waren.


De Gloda an de bloGeescht beim Iwwerleen watfir ee Lidd do grad hannerzëch gespillt gett.


De bloGeescht an de Fireball.

13 thoughts on “Bloggertreffen am klengen”

  1. Ey déck cool daat do :) de nächste Bloggertreff kennt der jo an der Friture Henriette op der Schueberfouer maan :P dann kann ech och mol bessen dovu profitéiren ;)

  2. Wann sech e puer Leit fannen. :) Mir wollten souwisou nach eng Kéier Mëtt September probéiren e puer Leit zesummenzekréien. Gréissert Bloggertreffen mengen ech gett et ni, also einfach nom Prinzip: wien Zäit huet kennt, wann net dann halt eng aner Kéier. :)

  3. Ech wollt daat och schon virschloen, daat mir einfach op d’Fouer gin, irgendwann Mettes, wann Leti Zait huet.
    Thierry, kanns de mech net irgendwéi per Photoshop bessi manner ellen maachen?

  4. Fireball, dat hänkt einfach um Blëtz. Bei der do Zort Beliichtung briechen ech mer am Photoshop och d’Auer.

  5. Hehe, dem Thierry säi Blëtz ass sou staark, dass een um Original wahrscheinlech nach d’Autonummer op där aner Stroossesäit erkennt. An elo kucken ech léiwer rëm wech, ech gesi scho rëm dee lila Schied um wäissen Hannergrond. ;)

  6. Flott, wéini ass dann de nächsten Pubquiz? Wann der nach ee braucht, ging ech do och mol eng Kéier mat maachen.

  7. E Méindeg am Tube. Ech wees awer net op dann iergendeen geet, ech sin dann jiddefalls emol net am Land. Start en Opruff an dengem Blog. ;) Dat schéngt mer eng zimlech erfollegräich Method ze sin. :)

  8. Pingback: sad autumn

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *