August 2007

Registréiren, kommentéiren

Dem Pa huet et guer net gefall, dass een sech elo hei muss registréiren fir kennen ze kommentéiren. Ech war bekanntermoossen selwer net extreem frou mat där Décisioun. Well ech elo bei engem neien Host sin, an domatter och endlech MySQL méisseg ee gudd Stéck méi up-to-date sin, hun ech décidéiert testweis emol erem Kommentarer ouni Registratioun zouzeloossen. Lo kann ech nämlech endlech e besse méi wéi 20 Spamkommentarer mam Spam Karma 2 läschen, ouni dass alles zesummebrécht. Déi Minutt all Dag fir Spam ze läschen ass et mer dann awer wert fir iech d’Chance ze gin kennen fräi ze kommentéiren.

Et steet iech natirlech fräi iech trotzdeem nach ze registréiren, an déi Leit déi sech bis elo schon registréiert hun kennen selbstverständlech weider déi Logindaten benotzen.

Wann net zevill Spamkommentarer duerchkommen, kann een dann erem op Dauer hei kommentéiren ouni Registratioun.

Demnächst hoffentlech erem méi originell Texter op dëser Plaz.

Pubquiz

Nodeems d’Radio Gurus (also de Joël, d’A., an ech) leschte Méindeg eng fantastesch leschte Plaz beim Pubquiz am Tube kruten, an d’A. de nächste Méindeg leider net kann dobäi sin, ee klengen Opruff: huet ee Loscht, de Joël a mech e Méindeg op dee nächste Pubquiz ennerstetzen ze kommen? Iergendwann eng Kéier mussen mer jo ee klenge Bloggertreffen zustaane kréien, an hei wier eng flott Méiglechkeet och nach vill Spaass dobäi ze hun, resp. souguer eppes bäizeléiren (hätt dir gewosst, wat deen eenzegen amerikanesche Staat mat enger Silb ass, wéi dat zweet Buch aus der Bibel heescht, oder wéi den Auto aus Dukes of Hazard heescht?).

Wien net wees, wat ee Pubquiz ass: et mellt een sech als Team ennert iergendengem Numm un. Et bezillt een e puer Euro (leschte Kéier waren et 4€). Et gett een eng Joker Kategorie un (all Fro déi een herno an där Kategorie richteg beenwert, gett duebel Punkten). Éischt Ronn: Froen an e puer Kategorien, z.B. Geo, Naturwëssenschaft, Film, Literatur. D’Enwerten schreiwt een op ee Blaat a gett dat dann of. Paus, richteg Enwerten, Zwëschestand wou déi eenzel Teams stin. Zweet Ronn. Nei Froen, aner Kategorien. Wien um Enn gewennt kritt d’Geld dat am Ufank gesammelt gouf. Wien verléiert, “dierf” ekelhaft Shots drénken.

Wien kennt mat?

Lo awer

Ech hat dommerweis vergiess eng Tabell vum Spam Karma 2 an d’Datebank ze kopéiren, woufir d’Kommentarfunktioun leider nach net funktionéiert huet. (Sin et emmer déi Saachen déi ee net test wou ee Feeler dran ass?) Et misst awer elo klappen.

Merci Charel a Joël fir den Hiweis!

Tada!

Gleewt et roueg. Et steet nämlech elo hei. Schwaarz op wäiss. Ech! Si! Rem! Do! (Dat kléngt elo vill méi narzistesch, wéi et gemengt ass.)

Ech hat mech scho bal dru gewinnt net ze bloggen. Et funktionéiert awer elo endlech erem alles. Woubäi, “erem” ass dat falscht Wuert. Et funktionéiert iwwerhaapt. Well ech si lo bei engem aneren Provider. Also alles, ausser (in cauda venenum wéi d’Réimer soten)… dass bei méi aale Posts d’Ëmlauter all nemmen nach Fragezeichen sin. Verstin ech net, well ech d’Datebank awer als UTF-8 gespäichert, an och esou erem op deen neien Server eropgelueden hun. Wann ech iergendwann eng Kéier wierklech absolut guer keng ze din hun, verbesseren ech dat vläit alles manuell no. Lo fir de Moment emol just déi lescht ronn 15 Säiten, fir dass et wéinstens e bessen propper ausgesäit. D’Spëtzt vum Äisbierg souzesoen, an drënner gett et déidlech. Mee wien geet och scho sou wäit zeréck liesen.