Google Ads

Ech hu bis elo emmer geduecht, mat Lëtzebuergesch wier een am Internet nach relativ onverständlech ennerwee. Ech louch ganz offensichtlech falsch, Google erkennt lëtzebuergesch a werft dann och dementspriechend Reklammen eraus (wann och ouni “e” bei “spueren”). Fannen ech erschreckend. Zumols well d’Reklamm vun enger däitscher Websäit ass. Ech wiesselen dann demnächst komplett op Māori (bei Yahoo! sin ech jo schon Neuseelänner). :D

5 thoughts on “Google Ads”

  1. Dat ass mer desläscht och schon bei aaneren Sichwiërder opgefall. U sëch zwar net schlecht, datt d’Geschäfter och mol lëtzebuergesch Reklammen online asetzen. Dat weist, datt Lëtzebuerg ëmmer mi e wichtegen Maart gëtt.

  2. Bei Myspace hun ech emmer Google-Ads aus Letztebuerg. Déi sin zwar alleguerten op frz. (an et ass och emmer d’China Connection dobai) mee trotzdem. Also, et kann och duerchaus sin, daat net mol d’Sichwierder mee einfach d’Herkunft vun denger IP gekuckt ged.

  3. ech mengen zwar de joel lait mei richteg. och wann laut rfc letzebuergesch eng sprooch ass, geing ech tippen dat dee ganzen geotargeting eischter ob IP leeft

  4. Tjo, Google hannerléisst eben seng Spuren, souguer am Ländchen. ;)

    Ech hunn och vläicht schonn där Ads um Schierm gehat, mä iergendwéi hunn ech d’Ugewunnecht, guer net drop ze kucken respektiv net probéieren ze liese wat do steet. Wat dann och d’Erklärung wier, firwat mir sou eppes nach ni opgefall ass. Ech mengen och behaapten ze kënnen, dass all déi Ads bei mir nach ni zu iergendengem Kaf gefouert hunn. Wann ech online eppes kafe wëll, da geschitt dat am Prinzip ëmmer geziilt. Vun dohier géif ech guer näischt vermëssen, wann een déi ätzend Ads’en einfach ausschalte kinnt, wéi z.B. op wirres.net.

  5. Hun ech och schon an fraier Wëldbunn gesinn. Grad réicht hun ech eng gesinn déi Job’s an der Compta’s Branche ugebueden huet.

    Villmols Merci fier d’Äntweren op meng Fro’en. Hat net geduecht dass een sech géing d’Méi maan, GROUSSE + dofier :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *