Javies

Well ech hiere Sänger an engem anere Liewen emol eng Kéier kannt hunn, an ech duerch den RTL elo drop opmierksam gi sinn, dass et déi Band gett, hunn ech mer geduecht ech géing mer hier Musék emol eng Kéier eranzéien. ‘t ass net menges, mee iwwer sou Saachen léisst sech jo bekanntlech net streiden. Hier Lyrics hunn et allerdengs an sech:

I’ll stay with my fear
Alone with my only friend
who’s name is teddybear

Si erklären dat mat

Not evey song has to be a complexe poetical masterpiece, sometimes there has to be space for nonsense and confusion. We want our music be authentic, not illusiory.

Domatter sin ech zwar averstanen, den Héichpunkt vun engem Lidd allerdengs op ee Kuscheldéier ze baséire fannen ech géing dann awer besser bei eng Comedytrupp passen (dofir feelt et dem Recht vum Lidd awer u Witz), wéi eng Muséksgrupp (méi lächerlech wéi witzeg). Nonsens, jo. Mee firwat ee ganzt Lidd mat engem Wuert um Schluss an de Sand setzen? Wirr, jo. Mee dofir ass de Recht vum Lidd awer ze serieux. Hallefgebak schmaacht net.

Soit, hier Säit fennt ee jiddefalls ennert Javies.lu. Oder bei MySpace.

An nee, ech hun “illusiory” och net an engem Dictionnaire fonnt (iwwerhaapt ass hiert Englesch relativ holpreg). Wann een en “to” zevill huet an ee grousst Härz kann en hinnen vläit ee schenken, si hunn ee batter néideg wéi et ausgesäit.

[Jojo, ech wees. Opreegen an sou. Mee dat huet lo missen sinn. :P]

9 thoughts on “Javies”

  1. nodems ech den eischten deel vum eischte satz gelies haat (“Well ech hiere Sänger an engem anere Liewen emol eng Kéier kannt hunn…”), wousst ech dass do naischt guddes keint rauskommen :D

  2. Hihi. Ech si jo awer nach fein. Géint hier Musék un sech soen ech jo näischt. Et gett definitiv schlemmers. MIKA, zum Beispill, deen einfallslosen Idiot dee muss bei klassesch Komponisten ofschreiwen goen. :-)

    War meng SMS ukomm?
    Nevermind, hu grad de Kommentar gesin. :)

  3. Well ech graad drun denken: Ech hun si eng keier interviewt, fir den Emergenza deemols. Ech mengen daat waar relativ peinlech. Kann mech awer net méi genee erenneren…

  4. lol ech hu jo näischt géint Javies. :)

    Do haten se nach eng Sängerin, dat huet awer anscheinend nom Emergenza opgehaalen fir sech op d’Schoul ze konzentréiren (woubäi se mat där Sängerin awer relativ gudd Kritiken op Fanhead.lu kruten, déi jo net grad mat Luew em sech schmäissen). Eigentlech kennen ech just hiere neie Sänger vu fréier, de Recht vun hinnen hunn ech nach ni gesin, kann also och net soen wéi déi sou dropp sin (woubäi ech et beim Sänger och net wees, hun dee scho joërelaang net méi begéint). Talking about BFF, haha.

  5. Hey jüngsle, ass deck relax vun senger band ze liesen an sou!:)
    also daat lidd hunj geschriww…awer text nemmen eischt stroph an jo den ben eisen saenger huet dann deen scheiss mat dem teddybear dran bruecht…waat ech guer net verstann hun, well dlidd mier perseinleech eps mei bedeit huet…mee daat mam teddy ass wierklech dekadent scheiss…huet awer nach eng aaner insider bedeitung…an jo! mee all dei scheiss musek dei mier bis elo gemaach hun ass ganz aaneschtes waat mer lo maachen…also kennt ierch lo mat eisem album, deen demnaechst waert rauskommen selwer iwwerzeegen…tschausen!

  6. boah ei jhun grad gemierkt daat ech mega oft scheiss gesot hun…sry, mee kommen mam letz hei an der schweiz och aus der übung!:)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *