So sind wir, die primitivste aller Tierarten.

»Mein Sohn wurde stranguliert und mit aufgeschlitzter Kehle auf der Straße nach Antigua gefunden«, berichtet Julio Vásquez, der Autoersatzteile verkauft und seinen wahren Namen nicht in der Zeitung sehen will. Er wohnt in Villa Nueva, einem Vorort außerhalb von Guatemala-Stadt. Kein Polizist, kein Ermittlungsbeamter, niemand sei bei ihm aufgekreuzt, um Fragen zu stellen. Er selbst habe nicht Anzeige erstattet. »Mir bleiben nur noch zwei Söhne«, sagt der 40-Jährige, »die will ich nicht auch noch verlieren.« Dass Polizisten die Täter waren, steht für ihn außer Frage. Die Todesschwadronen der »sozialen Säuberung« haben ihre Methoden: Sie entführen die Opfer, foltern sie und lassen sie weitab von ihrem Wohnort zur Abschreckung liegen.

Beim Lesen dieses Artikels wird man sofort zum Misanthropen.

9 thoughts on “So sind wir, die primitivste aller Tierarten.”

  1. Et ass oft onfassbar, zu wat verschidden Läit fäheg sinn an wéi komplett dégénéréiert déi bannen dran mussen sinn.

  2. Ech fannen et bal genausou schlemm, dass déi international Politik dat komplett ignoréiert. Mir hunn dat Blut dach alleguerten och un den Hänn. Mee déi westlesch Welt geet léiwer e puer Iraqi ermorden.
    Ech well elo net erem mat den Amerikaner kommen, mee: Besonnesch schlemm fannen ech, dass dat doten alt nees ee soziale Misère ass, dee (mat) vun den Amerikaner provozéiert gouf…

  3. Also déi international Politik schwätzt momentan net driwwer, well déi meescht Länner selwer genug Problemer hun, am UK den Mord vun Kanner un Kanner, an Däitschland nach emmer d’Aarbeschsloosegkeet an d’Verscholdung, Frankräich geet et och net esou besonneg, Nordkorea huet sech elo virun kuerzen erréicht e bësschen “fräi gemach”, d’Russen sinn roosen doriwwer, dass d’Amis sech als déi eenzeg grouss Weltmuecht duerstellen, … an Lëtzebuerg brengt et emol net fäerdeg secher Büroen fir hier Police zehun (Gell, Häerr Minister Frieden). An donierwt gett momentan net méi vum Irak-Krieg geschwaat, mee vun eben deem kaalen Konflikt teschend den USA an eisen russeschen Nooperen. E kaalen Krieg, ewéi mer jo schons een haaten, wär grad elo schlecht, well d’EU selwer och grouss Problemer huet.
    Ech well elo och net d’Russen hei beschellegen, dass sie erem oprüsten. Esou eng Meenung ass FALSCH! Well schliesslech hun d’USA AN d’Europäer d’Russen elo schons e puer Joëren laang provozéiert an en Oprüsten vun den Russen (waat hiert t’gudd Recht ass!!) waar jo schons méi laang ofzegesinn.

    Mee deen Problem deen an deem (ganz gudden) Artikel, do ugeschwaat gett, wäert ewuel ewéi den Problem am Darfur, ewuel an den Käpp vun den Léit bléiwen, mee soss wäerten d’Léit sech net dofir interesséieren. Wann et iwwerhaapt esou wäit an d’Käpp vun den Léit geloos gett. Ech kann mer jidderfalls net virstellen, dass esou een Artikel an den USA veröffentlecht giff ginn. Well esou Szenen, ewéi uewen beschriwwen, gehéiern jo och dohannen scho baal zum batteren Alldag (wann och an enger net esou staarker Versioun, momentan)! :/

  4. “an Lëtzebuerg brengt et emol net fäerdeg secher Büroen fir hier Police zehun (Gell, Häerr Minister Frieden)”

    Ech verteidegen Friedens hiere Luc jo net gäer, mee an däer Hisiicht huet sech den Häer Bettel dach selwer an d’Bee geschoss. De Rescht vun déngem Kommentar lossen ech awer onkommentéiert, well ech kee Sënn dra gesinn o na mäi Pefferkär dozou ze ginn.

  5. @ Chris
    Firwaat soll sech den Häer Bettel domatter selwer an d’Bee geschoss hun??? Dass et meiglech ass sech mat engem Auto, ewou zum Beispill eng Bomm dran ka sinn, sech direkt ennert en Police Büro zestellen ass KATASTROPHAL!!!!! An deen Problem ass och keen deen d’Gemeng Lëtzebuerg kann léisen, dat léit NEMMEN beim Häerr Minister Frieden! Dofir huet hien dann jo och KENG ENG vun deenen parlamentareschen Froen vum Häerr Bettel beäntwert! E wäert sech villäicht erem eng Geschichten ausdenken ewéi déi mam Nuka Kujtim! *kapp resselen* Deen Secherheetsbericht, op deen sech den DP-Députéierten Xavier Bettel stéipt, ass jo awer schliesslech vum Häerr Frieden ugefroot ginn an dofir och eng Fro vum Häerr Bettel un den Häerr Minister Frieden “Waat hien dann elo well maachen fir d’Secherheet erem hierzestellen?”, mee et schéngt ewéi wann den Häerr Frieden jo léiwer Suen fir Expertenmeenungen ausgett an dann… gett ewéi esou oft näischt gemaach an gett sech geduercht bei der CSV “Hoffentlech hun d’Léit dat, ewéi alleguerten déi aaner Dommeheeten, déi mer maachen, erem bis déi nächst Waalen vergiess. Wann net komme erem mat esou Sprëch ewéi “Jonker wielen Juncker” an mir giffen eppes fir déi Jonk maachen! Dat haat jo schon eng Kéier geklappt!)

    Allerdengs muss ech der Rescht ginn wann se de sees, dass déi Féierläscher, déi net em néisten Stand waaren, ennert d’Saach vun der Gemeng Lëtzebuerg fällt! ;) Mee ech si mer 100 prozenteg sëcher, dass d’Gemeng Lëtzebuerg op deen séiersten Wee wäert maachen!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *