Fernsehen bildet.

Am Pubquiz den Owend: Pisa was mostly built during the life of which famous Italian man? Dat wousste mer dommerweis net. Dunn koum een Hiweis: Anyone watching Prison Break? His name appears on that show.
Do ginn et just zwee italienesch Nimm: Abbruzzi an… Fibonacci! Ech war ni sou frou, Prison Break ze kucken.

Mir goufen trotzdeem déi Lescht (wéinst der Sportsronn, do ware mer katastrofal…). Mee sou dégeulasse waren déi Shots emol net. An si ware souguer ganz fein, well si hunn een extra Shot gemaach fir de Veganer an eisem Grupp.

4 thoughts on “Fernsehen bildet.”

  1. Däerf ech gewuer ginn, wéi eng Besetzung a wéi een Numm däin Team dës Kéier hat? Ech hunn de Pubquiz un deem ech deelgeholl hat a gudder Erënnerung a wier net ofgeneigt déi Experienz ze widderhuelen, mä dëse Méindeg war ech jo anerwäerts beschäftegt. ;)

  2. “Pinnie the Woohs”… Ma mir dräi vu Crumble, also de Joël, d’Anne an ech, an dann nach den Änder, ee Kolleeg vum Joël an Anne.
    Majo ech sinn zumindest just nemmen nach nächste Méindeg dobäi, déi Woch drop sin de Joël an d’Anne fort an ech fléien dann Dennschdes moies och schon um 6.25 Auer op Amsterdam fir op Cardiff, do well ech net onbedengt nach bis Mëtternuecht am Café hänken. ;)
    Also wanns de nächste Méindeg Zäit hues kanns de wéinst menger gäre matkommen, en ass dann erem am Pyg. :)

  3. Schued! Dann muss de dech un de Joël halen, well ech sinn just nach e Méindeg um Pubquiz an dann kommen ech eréischt de 15. Dezember erem op Lëtzebuerg zeréck. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *