Respekt Här Frieden

Nom Här Krecké (bei dem Skandal em d’Softwarepatentéirung, bei där onse léiwe Wirtschaftsminister dofir gekämpft huet déi europäesch Économie an de Ruin ze dreiwen) sidd Dir dann elo den zweete Politiker, deen vum renomméierten däitschen heise Verlag – absolut berechtegt – staark an d’Kritik geréit. An engem Abschnitt zesummen mat den aktuellen Haaptmänner vun der europäescher Inkompetenz genannt ze ginn, an dat emmerhin just als Minister vun engem klenge Ländchen, ass schon eng Leeschtung op déi een als Verfechter vun enger Diktatur – ganz genau dat ass d’Kontroll vum Staat iwwer d’Privatsphär vu senge Bierger nämlech – dierf stolz sinn.

Schäuble fordert das schon lange. Und sein luxemburgischer Amtskollege Luc Frieden verlangte in Lissabon ausdrücklich, dass die Polizei mehr Zugriff auf “Datenbanken im Bereich der Immigration” bekommt. Der Ratsvorsitzende Pereira nennt illegale Einwanderung, Menschenhandel und Terrorismus ebenfalls in einem Atemzug, wenn er für ein integriertes Grenzmanagement wirbt.

Villäicht hudd Der ausser ärem Mangel un demokrateschem Verständnis awer och einfach nemmen een Probleem mat den Oueren. Well während Dir sou iwwerflësseg Rechter verlaangt, schwätzt den Direkter vun Europol sech de Mond fussleg, dass d’Police déi Rechter guer net brauch.

Selbst der Direktor der europäischen Polizeibehörde Europol, Max-Peter Ratzel, bleibt bei Datenbanken mit Fingerabdrücken und anderen biometrischen Daten vorsichtig. Zu ihrer Nutzung seien Schutzklauseln nötig, warnte Ratzel in Lissabon: “Dann muss man abwägen zwischen dem Zugewinn an Sicherheit und dem Schutz der Privatsphäre.” Meist sei ein direkter Zugriff der Fahnder auf alle Daten gar nicht nötig, eine zentrale Anfragestelle reiche.

Mee sot emol Här Frieden, a wéi behaalt der se dann dono am Prisong? Sou Terroristen kréien dach bestemmt alleguerten eng Ausbildung am Héichsprong…

De ganzen Artikel gett et op heise.de.

4 thoughts on “Respekt Här Frieden”

  1. Ass et wierklech néideg zu all Dommheet, déi deen Idiot verzapt e Kommentar ze schreiwen? Et läit zwar un eis ze verhënneren, dass e jemols eise Premier gëtt, mee leider checken dat di eeler Mënschen dach net a wielen de Vull awer, och wann s de hei su berechtegt wéi et och si muech den Artikel op heise.de zitéiers.

    Eenzeg Léisung: am beschten net séng Partei wielen. Mee vu dass du, genee su wi ech am falsche Beziirk wunnen, sinn eis Stëmmen bal scho rem iwwerflësseg an deem Sënn.

  2. Wéi, all Dommheet? Sou oft wéi ech kéinnt (an bei deem kéinnt ee permanent) schreiwen ech dach guer net iwwer en??
    Jo, déi eeler Leit checken dat net. Dass déi net hei matliesen ass mer och bewosst. Ech wees awer, dass hei Leit matliesen déi een net ganz onwichtegen politeschen Afloss hunn, an och wann déi sech wuel zum gréissten Deel souwisou bewosst sinn dass onse Justizminister een Hornochs ass, fannen ech kann een sech awer zu Wuert mellen an weisen dass net dat ganzt Vollék verkennt ass. ;) Ausserdeem muss e bessen Opreegen heiansdo dach sinn. ;)
    An ech wetten, et liesen leit hei mat déi woussten dat heiten nach net. Déi mannsten Leit woussten nämlech och deemols eppes vun der Softwarepatentéirung. Den RTL Journal léisst gréissen. :)

    Och net ganz iwwerflësseg. Bei de Landeswaalen brauch d’Partei jo am Beschten vun iwwerall Stemmen. ;)

  3. Ech fannen et wichteg dass een sech zu solchen Themen äussert. An der letzt ass et mer nämlech schon baal esou fiirkomm wei wann een mat den Bierger maachen kann waat een wéilt well déi jo souwisou mussen dermadd liewen.

    Et muss een weisen dass et och Leid gin, deenen net wierklech egal ass waat am Staat lass ass. An och wann elo keng wichteg Persoun elo matliesst, sou brengt et awer evtl. Massen zum Noodenken an et huet een d’Chance, aaner Perspektiven zu engem Thema kennenzeléieren.

  4. Mir gefällt dat Wuert “Massen”. Dat kléngt wéi wann ech 100’000e vu Lieser hätt. :D

    Ech sinn awer soss absolut mat der averstanen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *