“Die EU in der Form, in der wir sie vorfinden, muss zerschlagen werden.”

Wann d’Vollék eendeiteg dogéint ass, dann froen mer halt net méi. Sou funktionéiert déi europäesch Diktatur Demokratie. Well bei der éischter Kéier zevill Leit géint de Verfassungsvertrag waren, gett elo einfach kee Referendum méi gemaach an d’Regierungen maachen dat ennert sech aus.

Mee dass d’EU keng Demokratie ass an et och net sou mam Respektéiren vun tatsächlech demokrateschen Verfassungen huet, ass jo des Woch schon eemol bewisen ginn.

Island soll schéin sinn… An déi sinn och schon ee gudd Stéck méi wäit wat Emweltschutz ugeet. Stroumerzeugung ass zu 100% erneierbar.

Ech hunn es definitiv genuch mat der EU.

12 thoughts on ““Die EU in der Form, in der wir sie vorfinden, muss zerschlagen werden.””

  1. Fro mol, ob en Gruppenticketen kritt fir an Island. Ech kommen direkt mat. Do ass och Mier.

    (Ausserdem ass Island WIRKLECH déi eelsten Demokratie vun der Welt. Mee et gin och do Pläng fir an d’EU)

  2. :) Si hunn och verdammt gudd Musék. An ‘t ass iwwerhaapt ee vun deene kulturell räichsten Länner op der Welt. Eenzegen Nodeel ass d’Sprooch, ech hunn mer vun enger islännescher Frendin soen gelooss, et wier verdammt schwéier déi ze léiren. Mee dat krite mer och nach hinn, mir hunn et emmerhin och duerch d’Franséischt gepackt. ;))

    Nemmen net. :( Dann schaaft d’EU bestemmt och direkt hier Regierungsbeoptraagt fir Feen an aner magesch Wiesen of, well dat net kann sinn an enger “moderner Demokratie”. :( An hier Konstitutioun passt der EU bestemmt och net…

    Eng Regierung déi géint d’Interessien vun senge Bierger schafft muss ofgesat ginn, an duerch Waalen duerch eng nei ersat ginn. Ass et net esoulues endlech souwäit?

  3. Et gi bestëmmt nach méi Leit déi es sat mat der EU hunn, mir passt och villes net. Allerdengs ass d’Iddi dohannert jo guer net sou schlecht, si ass mëttlerweil just schlecht (wëll soen: net méi am Interessi vum Bierger, mä just vu Lobbys) ëmgesat. Allerdéngs ass deen Apparat sou schwéierfälleg, dass och hypothetesch Neiwalen europawäit wahrscheinlech guer net sou vill ännere géife momentan. :(

  4. Ech gesinn als eenzeg Léisung eng komplett Emstrukturéirung vum ganze System. Momentan setzt d’EU tëscht zwee Still, si wellen net zeréck (verständlech), an si wellen net no fir (bescheuert, awer verständlech wann een sech ukuckt wéi d’EU enstaanen ass – als ekonomescht a net als politescht Bündnis), also wurschtelen se op der Plaz ronderem an maachen déi gudd Sachen déi et ginn, futti (z.B., ginn eng ganz Rei EU Direktiven, déi esouwäit vun der Réalitéit ewech sinn, dass se europäesch Betriber enorm schueden amplaz se ze ennerstetzen). Déi Leit déi eppes ze soen hunn, hunn absolut guer keng Ahnung wéi d’Welt ausserhalb vun hierem Monsterbüro ausgesäit.

    Ech sinn dofir, dass mer een EU Parlament aféiren. An zwar net dee Chaos dee mer elo hunn, mee radikal eng eegen Regierung. Et gett europwäit just eng Lëscht mat Kandidaten, dann wieren mer och endlech déi Idiotie lass dass all Députéierten souwisou nemmen dono kuckt fir sengem Land Virdeeler ze verschaafen (well wann en dat dann géing maachen, géing e net eremgewielt ginn).
    Ausserdeem wier eng Plaz am Parlament dann och méi prestigiéis, an géing net einfach un déi senil Politiker verschenkt ginn, déi ee well aus der nationaler Regierung eraushunn.
    Et géing och ee richtegen EU President ginn (per Direktwal am beschten). Endlech een, deen tatsächlech eppes ze soen huet, an net all 6 Méint een aneren Pseudo-President dee keng Ahnung huet wat e soll maachen.
    Ech sinn och fir eng europäesch Arméi. Ech haassen zwar Militär, mee sou d’Welt am Moment ausgesäit brauche mer geschwenn eng grouss Arméi, well mir stinn tëscht der russesch-amerikanescher Front.

    Ach… dir Menschen sidd dach alleguerten sou onauspriechlech primitiv.

  5. Ah, Demokratie! E grousst Wuert!

    Demokratie ass souwiesou nie 100% demokratesch resp. garantéiert net, dass den gesonden Menschenverstand resp. dat Gudd ‘gewënnt’.

    Wen geht oft gewielt? Deen, deen am haartsten jäitzt oder deen emmer e Patt um Duerffest gët. Die meescht Läit wellen sech dach guer net richteg mat der Politik beschäftegen resp. verstinn se net (ech benotzen wirklech dat Wuert resp. oft hei …).

    Duerfir sinn ech och dogéint, dass d’Bevölkerung bei eppes wéi der Konstitutioun gefrot gët. Ass vill ze vill komplizéiert an duerfir hunn mer jo Läit gewielt, déi sech em déi Saachen këmmeren sollen. Dir könnt der net vum Otto Normalbierger verlaangen, dass deen d’Konstitutioun sëlwer liest an dann eegenstänneg bewerten kann, op dat gudd oder schlecht ass!

    Dat ass naiv.

  6. Et därf een och net vergiessen, dass mer dann Europa schon laang keen Krich méi haten an et eis generell besser geht wéi fréier! An vive den Euro!

  7. Firwat soll sech ee Bierger dann mat der Politik beschäftegen, du kanns ukräizen wien ‘s de wells, d’Resultat ass emmer dat selwecht. Éierlech gesot verstinn ech d’Politik och net. Déi ass dach ursprünlech emol erschaaf ginn fir duerch intellektuell Diskussiounen ee bessere Staat ze schafen. Haut geet et, wéi ‘s du sees, just nach drem wéivill Béier een ausgett – a nach nemmen kuerz virun de Walen, de Recht vun der Zäit weist sech keen.

    “Kuck! Ech sinn och nach hei! Du hues net vill vu mer héiren déi lescht Joëren ausser, dass ech um Kannergeld gewurschtelt hunn an et elo sou ausgesäit wéi wann’s de méi kriiss mee eigentlech de Staat méi Geld erakritt. Kenns de mech nach? *grins* Kräiz mech unn. Hei hues de ee Bic mat mengem Numm drop. Wells de och ee Sticker? Ech muss elo leider fort. An d’Altersheim. Déi senil aal Säck gleewe mer alles wann ech hinnen ee Bic schenken.”
    Ass dat Politik?!

    Déi Astellung, d’Vollék net ze froen, well et ze domm ass et ze verstoen, ass fatal. Maacht dach wat der wellt, huelt mer meng Rechter, haalt fest dass déi europäesch Relioun d’Chrëschtentum ass an gidd mer Direktiven, déi mäi Betrieb futti maachen. D’Vollék ass net domm. Et gett just fir domm verkaaf. A well kee méi agesäit firwat en sech soll mellen, well en dach ignoréiert gett, funktionéiert dat.

    Et muss jo net jiddfereen d’Konstitutioun liesen (sou Texter sinn verdammt drëchen…). Mee et kann een jo dofir op Informatiounsversammlungen goen an sech informéiren ob dat wat een an de Medien firgeschwärmt kritt och tatsächlech stemmt. (Den Ötzi war e bessen zevill begeeschtert dovunner, dass d’Regierungen elo kee Referendum méi ofhalen, hunn ech fonnt).

    Ech sot ni d’EU wier vu firan schlecht gewiecht. Jo, et gouf eng Zäit vum Opschwong mee elo wou et ufänkt zu engem politeschen Bündnis ze ginn, wat déi national Regierungen mat allem Effort wellen stoppen well si doduerger Muecht verléiren, fänkt dat ganzt un ferm ze bröckelen. A wann mer d’Türkei eran huelen, war et dat och mam Fridden. Dann hunn mer net nemmen nach méi intern Konflikter (emmerhin leugnen se nach emmer de Genozid a mat Zypern ass och sou eng Saach), mee och nach de Nohen Osten als Nopeschlänner (ech wees net wéi et dem Recht geet, mee ech well déi net un der europäescher Grenz, och wann de Quaseljhang schéi naiv dohinner geet a Fridden fuerdert).

    Vum Euro hunn ech nach net vill gesinn, ausser dass ech elo och zu Tréier beim Fischer kann mat de selwechte Mënz wéi an der Stad beim Fischer bezuelen. Emtauschen muss ech trotzdem permanent. Obwuel ech emmer innerhalb vun der EU sinn. Et gett einfach näischt kjonsequent duerchgesat an deem Wurschtelbetrieb…

  8. D’EU huet wéi alles am Liewen hier gudd an hier schlecht Säiten, hier Avantagen an hier Désavantagen. An et ginn och eng Rëtsch Saachen, déi do lafen, déi ech moralesch gesinn skandaléis fannen. Mee 1) betreffen se mech net sëlwer also stéigeren ech mech do net just aus Prinzip an eppes dran, 2) kéint ech souwiesou näischt änneren well deen ganzen Apparat einfach ze gigantesch ass an 3) geht et mer jo un sech gudd, firwat also opreegen?

    Dat ass lo villäicht net ganz moralesch, ethesch oder politesch korrekt, mee d’Welt ze retten steht net op menger Prioritéitenlëscht, ech sinn net de Sysiphus. Wann anerer dat awer maachen wëllen, sou hunn se mäin ganzen moralesch, an à la limite och nach finanziellen, Support. Ech outsourcen mäin Protest an main Weltverbesserungsdrang souzesoen aus Zäit- an Prioritéitsgrënn ;) An éiers de mer dat lo virgehäiss, well ech just drop verweisen, dass du jo och den Nohen Osten net wells als Nooper hunn … Firwat net? Keng Loscht, déi och ze reforméieren an ze hellefen dass et deenen besser geht an se méi édukéiert ginn sou dass se manner Grënn hunn sech an d’Luucht ze sprengen?

    Wat d’Dommheet vum Vollek ugeht, sou ass et gréisstendeels éischter Beschränktheet an Désintéresse. Nemmen die mannsten sinn sou aktiv wéis du oder ähnlech gesënnter. Ech sinn der Meenung, dass mir Politiker wielen fir eis ze vertrieden, also sollen déi och d’Arbecht man, an net mir. An Informatiounsowender sinn och seelen wirklech objektiv … respektiv d’Saachen seelen nemmen schwaarz oder nemmen wäiss.

    Op dat mat der Tiirkei sou schlecht wier, weess ech net. Emmerhin huet een sou en Drockmëttel an der Hand, dass sie Reformen maachen mussen.

    Den Euro ass eng fäin Saach an et nervt mëcht, wann ech an England oder Dänemark ginn, muss Suen wiesselen.

    An natiirlech ass d’EU en Wurschtelbetrieb. Et därf jo jideren matschwätzen!! ;) Siehe Polen …

  9. Thierry, deng Iddi mat der Ëmstrukturéierung vun der EU gefält mer, dat géif bestëmmt dee witzegste Walkampf vun allen Zäite ginn, nach besser wéi déi aner Säit vum Atlantik.

    Mä Spaass bäisäit, ech verstinn deng Argumentatioun, ech fannen et wier de Versuch wäert ugesiichts der Verfuerenheet (“Wurschtelbetrib”) vun der aktueller Situatioun, mä ech halen deen Szenario fir onrealistesch. Dofir ass Europa (= Kontinent mat villen Natiounen déi sech souwuel kulturell, wéi sproochlech, wéi och ökonomesch ënnerscheeden) politesch einfach net prett. Vläicht eng Kéier wann e Komet dran ageschloe wier an et géifen nach Iwwerliewender, mä wuel kaum vu sech aus, dofir sinn di eng dach vill zevill dem Wuelstand verschriwwen, an di aner, déi en net hunn, déi striewen en un.

    Die Geister, die ich rief…

  10. @Thierry: Hei (http://www.newropeans.eu/) huet sech jo e groupement forméiert deen mat neien ambitiounen un d’EU wellt runtrieden, ouni national intressien, a mam Ziel am Juni 2009 an alle 27 Länner Leschten ze presentéieren. Wann dat déi zukünfteg Evolutioun ass, fannen ech dat begréissenswert.
    Kierzlech gelies dass d’letzebuerger Fraktioun sech giff forméiren, ech hun awer net matkritt waat do konkret geschitt ass.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *