Lächerlech

An der Chamber hunn se gëschter driwwer ofgestemmt, op se sollen ofstemmen (si hunn um Enn 38/20 dofir gestemmt, net ofzestemmen). Vläit sollte mer d’Kierch an de Staat net trennen. An der Kierch kennen onméiglech och souvill Idioten setzen (seet lo mol einfach den Optimist a mer), an e bessen Intelligenz muss uewen an der Hierarchie jo awer sinn. Firwat den Alex Bodry op eemol näischt méi vun senger eegener Résolutioun wollt wessen, bleiwt wuel op éiweg ee Rätsel. ‘t ass vläit wéi den Gast Gibéryen sot, d’CSV ass gudd an der Gehierwäsch.

Wou sinn mer dann?!

De Reportage um RTL ass, an ech gleewen et kaum, absolut sehenswert. Mat sou engem richteg herrlechen bëssegen Tounfall. Muss een sech eranzéien!

11 thoughts on “Lächerlech”

  1. Relioun as eng privat affaïr déi doheem gehéirt, et huet keng plaz an der Schoul an scho guer nët an der Chamber. Wann ennerschreiwen se eigentlech d’Concordata?

  2. Prinzipiell schon, momentan gehéiert se allerdéngs insoufern an d’Chamber well do jo muss d’Décisioun falen d’Kierch an de Staat ze trennen.

    D’Kierch huet jo längst schon een Afloss op d’Edukatioun, gett vum Staat finanzéiert, funktionéiert zu engem gewesse Grad ausserhalb vun der normaler Hierarchie, … Vill méi Rechter kéinnten se sech mat engem Konkordat jo kaum nach besuergen. :)

  3. Waat d’Politiker net bedenken: Wann d’Kiirch an Staat getrennt gin, dann bleiwen theoretesch na ongeféier 2 Feierdeeg – 1. Mee an Nationalfeierdaach.
    An ween sin dann déi éischt, déi sech duerno dann doriwwer opregen? ;)

  4. Ech denke net, dass dat een Hindernis ass. Et kann een d’Feierdeeg bestoe loossen. Et kann een aanerer wielen. Et kéint een se a Congé verwandelen, etc. Wann et dorunner scheitere sollt, dann ass eis awer wierklech net méi ze hellefen.

  5. Et gett awer näischt méi einfaches wéi nei Feierdeeg erschaafen. Wéi wier et zum Beispill mam 9. Mee, den Europadag? Chrëschtdag mengen ech kanns de einfach sinn loossen, dat huet sech sou fest als sozialt Évenemnt établéiert, dass de dat souwisou kengem méi ausgedriwwe kriiss. Ouschteren. Wien brauch Ouschteren? Maach een Dag Congé draus. Päischten? Nach sou eppes iwwerflësseges. Allehellgen kanns de sinn loossen, en Dag fir deenen Doudegen ze gedenken huet jo eigentlech näischt reliéses un sech, nenns et eben einfach em.

    Wéi den Tchup seet, wann et dorunner scheitert, ass kengem méi ze hellefen. Dann kennen mer och direkt de Franck (oder wéi heescht de Bëschof???) als Staatsministr aféiren. :)

  6. Thierry,

    vun wou kommen déi fräi Sonndeger dann erbäi?

    du hues deemno 52 Sonndeger am Joer vergiess, déi fréih oder spéider och ewech faalen, wann d’Kierch a Staat getrennt ginn sollen, well iergendwann kënnt deen aarmen Mëttelstand a seet: Wann schon eng Trennung vu Kierch a Staat do ass, dann brauche mer och keen freie Sonndeg méi…

    An dann fénke mer unn ze wéimeren, wat waren dat nach Zäiten :-)

  7. Samdes ass op deene meeschte Plaazen och fräi. Dofir gett et an der (kathoulescher) Kierch kee Grond. Firwat et net einfach als Weekend bäibehalen, de Sonndeg huet souwisou schon joërzéngtelaang keng reliéis Konnotatioun méi (wéivill Leit denken haut bei Sonndes nach un d’Sonndesmass(en)?).

    Och wann mer elo d’Kierch an de Staat trennen, d’Kierch hat nunmol joërdausendelaang (!) een Afloss drop wéi sech eis Kultur entwéckelt huet. Ech fannen, déi Saachen déi net méi explizit reliéis sinn, kann een roueg bäibehalen.

    Als kleng Illustratioun, dass Sonndes wierklech net méi vill mat der kathoulescher Kierch ze dinn huet: Dee wéivillten Dag vun der Woch ass Sonndes der jüdesch-chreschtlecher Opfaassung no? Deen éischten. Dee wéivillten ass et fir eis haut? Dee siewenten.

    Wéi sech an der Industrialiséirung déi éischt Gewerkschafte geformt hunn, hunn se ee fräien Dag gefuerdert. Dass dat Sonndes war, well se deemols eben nach all gleeweg war ass kloër, mee de Sënn vum fräien Dag un sech war awer net primär fir kennen an d’Kierch ze goen, mee fir een Dag Rou ze hunn. :)

    Sonndes huet also wuel eng reliéis Konnotatioun (déi wéi gesot emmer manner wichteg gett), mee ass awer och sozial vu grousser Bedeitung. Dofir gleewen ech kaum, dass een et just opgrond vun sengen deelweis chrëschtlechen Urspréng op eemol géing ofschafen. Dat eenzegt wat ech mer kéinnt firstellen wier, dass een, souwäit et méiglech ass, de Leit d’Alternativ gett tëscht Freides (Islam), Samsdes (Judentum) a Sonndes (Chrëschtentum). Hätt dann och de Virdeel, dass Sonndes vläit awer Geschäfter op wieren, well dat fir ee gudden Deel vun der Bevölkerung jo guer kee “Feierdag” ass.

  8. mach, dass den OGBL- oder / an den LCGB-President dat do net liesen vun den verkaafsopene Sonndeger…
    *lol*

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *