Nei an der Blogroll

De b352 ass jo mettlerweil scho méi laang net méi ennert eis, an och dem Änder säin alldeegleche Wahnsinn feelt zanter dem August op der Lëscht vun intressante lëtzebuergesche Bloggen. Dem Änder seng Domain ass geläscht, mee de Leit mat Amnesie sierf gesot, dass et sech heibäi em geetetnach.eu gehandelt huet. :) Well sech awer am Universum am Endeffekt emmer alles an engem Gläichgewicht befennt, hunn mer an de leschten zwou Wochen zwee nei intressant Bloggen dobäi kritt, déi ech op dëser Plaz kuerz well firstellen.

Den éischte Blog deen ech op deser Plaz well presentéiren ass comes the dawn in athens. Hei ginn et Texter vum rezentesten Member vun les jeunes mélancoliques, dem Sara. Eréischt e puer Deeg online ass de Blog verständlecherweis nach e bessen eidel, bidd awer schon eng Rei kreativ an ennerhalend Texter. Vun duerch Lidder inspiréierte Gedichter

Wither blister, burn and peel. I shook you off my shoulders.
And even so the world won´t listen,
We will never be the same.

bis hin zu Anekdoten vun der Uni, déi jiddfereen zum Schmunzelen dierfte bréngen, deen schon jemols eng Kéier an engem Auditoire mat nervege Matstudente souz.

Als E. dann das Ende der Veranstaltung bekanntgab, stieß mein Hintermann ein lautstarkes und nachdrückliches Stöhnen aus, das denen aus schlechten Pornofilmen glich und hämmerte hemmungslos übertrieben auf seinem Tisch rum, was eine groteske Verzerrung des üblichen Beifalls darstellen sollte.

Méi vum Sara gett et hei. Sierf nach erwähnt, dass d’Sara och wert den 20.12. mam Joël, Leti, a menger Wéinegkeet am D:qliq liesen.

Schon e puer Deeg méi laang dann ass de Claude ee Member vun eiser klenger mee schéiner Blogbuerg. Zwar manner kreativ ewéi d’Sara, zumindest bis elo, muss een och allerdéngs festhalen, dass de Blog, obwuel en op omg.lu leeft, méi ass wéi eng Oplëschtung vun de witzegsten YouTube Videoen (därer ee keng beim Claude fennt). Besonneg intressant fannen ech bis elo d’Serie Piece of Art, wou de Claude senge Lieser Konschtwierker vu jonke Kënschtler presentéiert, déi him besonnesch gefalen.

Fannen kann een de Claude ennert desem Link.

Wellkomm dir zwee! :)

3 thoughts on “Nei an der Blogroll”

  1. Wow, ech fillen mech geeiert ernimmt ze gin. :)
    Eng eegen Domain ass och schon uviseiert, an daat huet (genausou wei ech), dann nix mei matt omg.lu mei ze dinn. (Ech sinn seit puer Deeg net mei am “Team” vertrueden). Get nach masseg un mengem Blog ze schaffen (eegent Design, Saachen beifuegen, etc.), mee daat kreien ech nach op d’Rei.
    Kreativ Saachen hun ech schon hei leien, mee dei sinn all deelweis recht privat, an ech sinn nach net um Punkt ukomm wou ech einfach sou driwwer bloggen kann. ;)

    Op jidden Fall merci fier dei Begreissung, ech freen mech och. :)
    *dem sara sein blog bookmark*

  2. Ma dann mol en heerzlechen wellkomm un ierch zwee :)

    (an ech hoffen dass ech den 20ten schon am land sin -.- mais dat ass leider na net secher)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *