Mol einfach sou an d’Ronn gefrot

Den David Tennant (“Doctor Who”, “Harry Potter and the Goblet of Fire”) spillt d’Summervakanz 2008 iwwer mat der Royal Shakespeare Company den Hamlet zu Stratford-upon-Avon (Gebuerts- an Doudesstad vum Shakespeare). Wien kennt mat?

EDIT: Wahnsinn. Ech liesen grad den Patrick Stewart spillt anscheinend och mat. Wien spéitstens elo net matkennt ass selwer Schold. :)

13 thoughts on “Mol einfach sou an d’Ronn gefrot”

  1. Stratford-upon-Avon? Do war ech dach iergendwann eng Kéier. Ech weess awer net méi während wéi enger vu mengen 2 Vakanzen op der Insel. Ass scho laang hier.

  2. “Bis”, heescht dat August nach mat oder net méi? D’Stéck gett awer op alle Fall vu Juli bis November opgefouert. :)

  3. hum :) ech wëll lo net direkt blären “ech wëll maaahaat”
    1tens géings de et net heiren (haha)
    2tens sin ech mer net secher wéi et mam Schaffen steht während der Summervakanz emol ;)
    3tens gin ech vlait an d’Vakanz resp. Aberdeen

    Looss mech wessen weinis de wëlles hues ze goen ;)

  4. Cool. :) Ma ech huelen mer muer bessen Zäit an dann schécken ech emol eng Email ronderem. :)

    Datum misst een kucken wéini dass jiddfereen Zäit hätt, mee et ass jo scho mol op August an September begrenzt. :) An souuu laang wieren mer jo och emol net fort, ech géing mat dräi Deeg rechnen. Vu Lëtzebuerg aus mengen ech geet keen direkte Flug op Birmingham also wier een do schon relativ laang ennerwee mat emsteigen an sou (plus déi 40km bis op Stratford-upon-Avon dann eben nach). Also een Dag dohinn, een Dag dohannen kann een sech mettes Staat bëssen ukucken, Owes Hamlet, Dag drop erem häm. Hänkt natirlech dann och vun de Finanzen vun de Leit of, wéinst menger kéinnt een och nach een Dag drun hänken oder sou fir manner Stress. Bon. Wéi gesot, et kennt eng Email muer am Laaf vum Dag. :)

    Wier awer cool wanns de matkéims. :)

  5. Hoho cool, och kommen! Wann alles klappt muss ech mer am Summer sws eng wunneng zu London sichen, a wann eee schons do iwer as… Hoffen vergiessen dat just net!

  6. Mir haaten jo d’Plakat fir dat Steck zu London gesinn. (Also ech haat et emol jidderfalls, mengen ech, gesinn. :S) Ech wäer och gäeren mat dobäi, mee ech mengen do misst sech mäin Portemonnaie nach e besschen fellen, schliesslech ass jo scho mol eng Vakanz d’nächst Joër secher…
    (Wéi déier ass Stockholm?) :)

  7. Ech kann mech jiddefalls net erenneren, dass ech gesinn hätt.

    Entrée ass 45€, Flug iwwer Amsterdam ass 357€, Hotelzemmer (Duebel mat Eenzelbett) ass 275€ fir 3 Nuechten pro Persoun (Bed&Breakfast). 8. September wier d’Stéck. 7. dohinner, 10. erem zeréck. Dann kann een och nach e bessen Tourismus maachen. ;) Dat kéinnt sech awer nach alles änneren.

    Ech hunn Stockholm nach net ausgerechent. Ech maachen dat am Laaf vum Weekend emol nach.

    Et wier awer cool, wanns de matkéims. An wann et just wéinst dem Geld wier, do kéinnt een och nach eng Léisung fannen. Ech hätt jiddefalls kee Probleem der eppes firzestrecken. Ech wees jo wous de wunns, ech kann d’Suen also andreiwen. ;)

  8. Stockholm? Do fleien ech am Mee schon. Mee bezuelen muss ech naischt. (Schoulprojets sinn genial). Wivill mescht daat am Total Thierry? Sinn einfach ze faul.. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *