Exklusiv: d’lëtzebuerger Regierung 2009

Voilà, schon annerhallewt Joer firun de Walen gett et op dëser Plaz exklusiv déi zukünfteg Regierung. Zesummegestallt vum Tom a menger Wéinegkeet. Am Viraus schon Gratulatioun un déi nei Ministeren!

Claude Meisch: Premierminister a Staatsminister
François Bausch: Vizepremierminister, Aussenminister an Minister fir Aussenhandel
Charel Goerens: Innenminister, Budgetsminister a Minister fir Landwirtschaft
Philippe Schockweiler: Minister fir Integratioun an Immigratioun
Anne Brasseur: Héichschoulministesch, Sportministesch a Ministesch fir Fuerschung
Félix Braz: Minister fir Landesplanung, Bauteminister an Transportminister
Xavier Bettel: Justizminister, Minister fir Chancegläichheet a Sozialminister
Viviane Loschetter: Emweltministesch, Finanzministesch a Ministesch fir Wunnengsbau
Camille Gira: Arméisminister a Verdeedegungsminister
Alexandre Krieps: Gesondheetsminister, Minister fir öffentlech Verwaltung a Verwaltungsreform
Claude Lamberty: Arbeschtsminister, Bildungsminister a Minister fir de Mettelstand
Claude Adam: Kulturminister, Kommunikatiounsminister a Minister fir Tourismus
Lydie Polfer: Ministesch fir humanitär Hellef a Kooperatiounsministesch

George Gudenburg: Datenschutzbeoptragten
Carlo Wagner: Chamberpresident
Nicolas Schmit: Ombudsmann
Colette Flesch: Staatssekretärin

29 thoughts on “Exklusiv: d’lëtzebuerger Regierung 2009”

  1. Interessant Opstellung. Wier mol opmanst eng Ofwiesselung an dann kéinten déi all wéisen op sie et wirklech besser können. Oder op et just an kompletten Chaos giff enden.

    ps. Därf een als Chamberspräsident emmer eng Fläsch Wäin um Dësch stoen hunn?

  2. schued, dass de Grand-Duc net gewielt get.
    hätt gaere gewosst, wiem dass een do hätt kënnen gratuléieren…

  3. Dee kennt keen, dee gett net gewielt. ;P

    Alles wou keng CSV oder LSAP dobäi ass, kann nemmen besser sinn. :) Ech bezweiflen, dass Alkohol an der Chamber sou gudd ukéim. Vläit bei de Politiker an dem President, mee d’Land stéing awer bestemmt Kapp. :)

    Mir hätt der kennen gratuléiren. ;D

  4. Naja, naja :-) Ech fannen dat doten zwar net su flott (dir wesst scho firwat :-) ). Opmanst as jo een LSAP-Mann an der Ekipp (och wann dat kabes as well den omnbudsmann jo vun der chamber gewielt gett an eigentlech net vill mat der regierung ze din huet), also kann bei mir an der partei och net alles schlech sin ^^…

    Mee Spass bei seit, fannen et besse belleg ze soen dass bei der CSV an der LSAP alles scheiss as… Gett an all Partei (och bei der LSAP, si, si) aspekter dei net gudd sin, an iwwerall aspekter dei gudd sin (och bei der DP, dach, dach)… D’as en dei eng oder dei aner gaeren huet as en ideologeschen choix (och wann dat wuert ideologie haut net gudd ugesin as), an demno wei en denkt an weiee gesellschaftsmodell en well, gefaalen engem dei eng oder dei aner partei a leit besser. Naja, hat eigentlech geduecht dese blog haett mei niveau wei belleg comptoirssteipertegespreicher :-) Gudd dass en et nach waalen gin… Vive dei next waalen…

  5. Régis dee Saatz war pur Provokatioun. ;) Ech sinn souwisou fir keng Partei, vun dohier halen ech eigentlech och net vill vun den Demokraten an de Gréngen, mee ech fannen trotz allem géing ee Wiessel emol gudd doen. Also de Schocky kriit eng Stëmm. :D
    Se sinn mer all (als Politiker) onsympathesch (wann verschiddener och méi wéi anerer).

    Joël: Nee, de Lamberty ass Bildungsminister. ;)

  6. Edukatioun as fir de Claude Lamberty (presi JDL – iwwregens e ganz feine mensch)…

    Anti-Haltung? Komm mir alles futti an wessen dono net mei wat opbauen? VIVE L’ANARCHIE :-)
    Et as alles net su einfach…

  7. Anarchie ass gudd. Just net esou wéi dee gréissten Deel vun de Mneschen et gesäit (eben als Zerstéirung etc.). Mir werten awer ni eng hunn, dofir ass des Spezies einfach ze primitiv.

  8. Thierry, muss du zur gleicher Zeit schreiwen wei ech? :-D Lo sin dei Posts hei sou en duerchenaner :-) Majo, ech gin jo op d’provokatioun an :-). Eng eierlech diskussioun schued nie :-).

    Stei zu dengen Iddien Thierry… Du bass fir eng Aart öko-liberalismus (wat sech guer net mat der haltung vun anarchie deckt deis de heiansdo anhells, ausser vleit dass anarchie eng exaspereiert form vum liberalen individualismus as, wanns de dem de ganzen revolutionaere karakter ewechhells). An dat as och gudd sou, dass en eng haltung huet :-). Fannen dat just bessen irrealistesch mee bon. Anarchie geng egal wei emmer op su eng saach zreckfaalen wei dem Hobbes sein Naturzoustand, an naja, fannen dat vill mei bestialesch wei en geurdnet sozialt Liewen wat sech weiderentweckelt. Fannen dat as irgendwei manner primitiv ;-). Naja, ech sin eischter e fan vun Locke, Montesquieu an verschiddenen aspekter vum Hobbes. Du eischter Rousseau wei et schengt ;-)

  9. Et gett och Ökoanarchismus, wou ech mech éischter zu den Technopositiven géing zielen. Ökoliberalismus gett mer schon vill zevill pervertéiert, wéi déi Kampagn vun Diesel Jeaans Ufank des Joërs (eis Jeans sinn emweltfrendlech, etc.) – mettlerweil gett d’Emweltbewosstsäin vun de Leit fir kommerziellen Interesse ausgenotzt, dat kann net de richtege Wee sinn.

    Ech sot jo och net, eng Anarchie wier realistesch. Dat verhennert awer net, dass ech mer wënschen mir wieren eng. ;) Mee et ginn duerchaus funktionéirend Modeller, wéi Christiania an Dänemark. Dass déi ganz Mënschheet awer jemols esouwäit entwéckelt wier, dass se keng Regierung méi bräicht mee selwer all Individuum wéisst, dass seng Fräiheet do ophällt wou deem anere seng ufänkt, bezweiflen ech awer och. An dat ass iergendwéi traureg, well et heescht, dass mer guer net déi héichentwéckelt Zivilisatioun sinn, fir déi mer eis allzegären halen.

  10. Grommel:
    Eng Anarchie gesinn ech als eng Gesellschaftsform un, an där et keng Regierung oder sonsteg Hierarchie gett, well all Mënsch agesinn huet, dass en seng Matmënschen muss respektéiren an eng Verantwortung vis-à-vis vun der Gesellschaft huet, an och eng Verantwortung vis-à-vis vun der Natur huet an en déi muss erhalen (well et eben ouni gesond Natur keng friddvoll Gesellschaft ka gin). Dat heescht, et huet näischt mat Gewalt ze dinn oder Revolutioun, mee au contraire sämtlech Absence dovunner, well et net méi néideg ass.

  11. Okay, dir wësst wéi ongäer ech iwwer Politik diskutéiren. Et ass dach sou e leedegt Thema, mee em puer Punkten muss ech awer rem uschwätzen, well méng sourend Séil dono verlaangt mat iech ze motzen. Sorry.

    1. Thierry, du behaapts, du wiers fir keng Partei. Dat gleewen ech dir op kee Fall. Du bass duerch an duerch blo, wann een déng fréier Luewrieden op d’Häre Bettel a Meisch zum Beispill erunzitt. ;)

    2. Du bréngs d’Beispill vu Christiania. Bon, dat si Leit déi aus fräie Stécker wielen fir an deem System ze liewen. Dat kanns de dach net als Beispill ziele lossen, dofir ass et ze simplistesch. Verstinn ech dat richteg, dass de undeits, dass de dat selwer agesäis?

    3. An ass däin “dee kennt keen, dee gëtt net gewielt” op den Henri Kox
    bezunn?

    PS: zu der Opstellung u sech. Ech gleewe kaum, dass falls mer jemols eng DP-Déi Gréng Koalitioun hätten (wat ech mer net virstelle kann), dass dann en DP-Mann Premier géif ginn…

  12. Wiesou sollten net och méi Leit wiehlen kennen, an engem anarchisteschem System ze liewen? Wann bei denen nächsten Wahlen 60% fir d’KP wiehlen (waat onrealistesch ass, well d’KP net iwerall Leschten huet, mee soit), dann hun mir erem eng Form vum Kommunismus. An genausou wéi Kommunismus net zwangsleefeg “Diktatur” muss heeschen, muss Anarchie och net “Chaos” heeschen. Am Geigendeel, an denen meeschten Anarchien gin et Regelen.
    Waat lo simplistesch un Christina ass, wees ech net. Ech hun mech selwer schon op d’Experiment “Anarchie/Basisdemokratie ouni Herscher” angeloss an wees, wéi komplizeiert et och nemmen fir 2 Wochen mat 60 Leit ass – mee do waaren och Leit dobai, déi keng Erfahrung domadder haaten an sech daat anescht virgestallt haaten. Natirlech ass daat net ze verglaichen mat engem “Staat”, mee ass daat dann d’Ziel vun der Anarchie?

    Momentan bestinn se virun allem an klengen Gemeinschaften, well déi meescht Leit sws net wessen, waat Anarchie ass an vill Anarchisten wahrscheinlech och keng Loscht hun, hier “Politik” am Senn vun enger Partei no baussen ze droen. Menger Meenung geif déi souwiesou verbueden an als Terrorpartei verhaft gin, well se sech jo zum Ziel setzten geif, de Staat opzeleisen. Trotzdem kéint ech mer – uptopie! – verschidden Iwergangsphasen bis hin zur endgülteger Opleisung vum Staat bzw. d’Iwerfeierung an en komplett anarchistesch gefeihert Gebidd virstellen. Ugefaangen mat basisdemokrateschen Entscheedungsgruppen am Quartier, an Interessegruppen, waat dann ausgewait ged op d’Staadt, de Kanton, d’Regioun, d’Land.

    Wou ass also de Problem, fir anarchivistesch (daat Wuert hun ech lo graad erfonnt) Politik ze maachen, wou “herscherlos” Projeen an Entscheedungsprozesser op d’Been gesaat gin?
    Wann ech (an wahrscheinlech och den Thierry) soen, daat d’Politiker/d’Parteien stenken, dann ass daat jo en Armutzeugniss net nemmen vun der Partei oder dem Politiker, mee och um ganze “demokrateschen” System, wou ech eng Partei bzw. en Gesiicht wiehlen an net en Themengebidd oder eng Richtung an engem bestemmen Themengebidd. Ech well vlaischt eng ökologesch ausgeriichte Politik, mee awer keen Europa vun den multinationale Konzerner, oder keng Wandmillen. Mee fir esou differzeiert Wensch ass op mengem Wiehlziedel awer keng Plaatz.

    An daat ass de Fehler – well een naischt wirklech bestemmen kann, ged en politikverdrossen an leisst “déi do uwen” mol schaffen. Wann ech heiren, daat Leit sech opreeegen, well se beim Referenduum lo “d’Arbescht vun de Politiker” mussen maachen, dann verleiren ech wirklech all Glaawen un d’Demokratie, wéi se haut leeft. (An deem Senn deet och dem Chris seng “Politikverdrossenheit” wéih!) An fir daat ze änneren, muss en d’Leit responsabiliséiren.

  13. thierry:

    Deng Anarchie kann just an engem klengen Kader funktionnéieren, wann iwwerhaapt.

    An deng Anarchie ass jo wuel kaum, wat die üblech, net grad immens intelligent, Radau-Anarchisten am Kapp hunn. Wann d’Gesellschaft giff goen, wéi déi et gären hätten, dann giff mol keen Béier méi produzéiert ginn mat deenen sie sech volllafen können … Béierfläschen wuessen anscheinend NET einfach sou um Baam, mee sinn en Resultat vun Erfindung, Organisatioun an Arbecht. Alles Saachen wou die üblech Anarchisten net immens stark schengen ze sinn ;)

  14. @ Fireball:
    Du schreiws “Trotzdem kéint ech mer – uptopie! – verschidden Iwergangsphasen bis hin zur endgülteger Opleisung vum Staat bzw. d’Iwerfeierung an en komplett anarchistesch gefeihert Gebidd virstellen. Ugefaangen mat basisdemokrateschen Entscheedungsgruppen am Quartier, an Interessegruppen, waat dann ausgewait ged op d’Staadt, de Kanton, d’Regioun, d’Land.” Dat heescht fir mech dass de also rem strukture schaffs dei entscheeden an also noutgedrongen rem dezisiounen geint d’meenung vun engem deel vun der grupp huelen. Wat also op lang sicht rem zu engem “Staat” oder enger staatlecher Struktur feiert. Am Gronn brengs de dono just eng aner Form vun Demokratie zu staanen (an iwwert d’Form vun der representativer Demokratie wei et se am moment gett kann en effektiv diskuteieren well dei as verbesserungsfaeheg). Du schwetz vun Parteien dei stenken, dat as bessen dat wat ech virdrunner a mengem post scho geschriwwen hat vum idividualismus… An enger representativer demokratie (wat bis lo, mengen ech, deen eenzegen system as deen bewissen huet dass en mei oder weineger gudd funktionneiert an den am mannsten leit onrecht mecht – den ennertoun weist jo dass ech och mengen dass et net perfekt as), an enger representativer demokratie also, as et sou dass de nie kanns als eenzelen all deng iddien am detail an engem programm remfannen. Fir zu majoriteiten ze kommen geet et jo drems e kompromiss auszeschaffen mat dem all mensch liewe kann. An do muss all mensch waaser a sein schedden. Bessen effektiv nom kanteschen kategoreschen imperativ den hei vill ziteiert gett…
    Leit responsabiliseieren heescht fir mech och dass en an der Schoul dei grondprinzipien do misst mei leieren… Iwwregens hun ech schon oefters d’erfahrung gemaach dass wann en mat leit dei extrem kritesch zu enger saach sin schwetzt dei hier positioun oft maessegen wann se all d’parameteren kenne dei zur dezisioun gefouert hun (dei een effektiv als otto-normal bierger net all ka kennen, soss gengs de jo an dengem liewen naischt mei anescht maachen wei zeitungen ze liesen an politikexperten geintenaner ofzeweien). An do sin eis Politiker gefuedert: mei transparenz!

  15. Joël, du hues mech falsch verstan.

    Net Christiania ass simplistesch (op kee Fall), mee d’Beispill u sech, well et net ausdeenbar ass. A gleef mer, ech weess ganz genee wat Anarchie/Anarchismus an deene verschiddenste Formen, wou een et fanne kann, ass. De Jang, deen s du jo anscheinend och kenns, huet mer dat alles erkläert, deemols op 4e. ;)

    An ech sinn och net politikverdrossen, am Géigendeel ech sinn extrem drun interesséiert. Ech diskutéire just net gäer a Kommentarfunktiounen driwwer.

  16. Chris: OK, haat daat mat der Politik an Christiana falsch verstaanen, sorry. Ech schätzen de Jang net immens kompetent an sou Saachen an, mee vlaischt ieren ech mech och einfach. Ech wollt och net klugscheisseresch riwerkommen.
    An am Geigendeel fannen ech awer, daat Christiana wuehl ausdehnbar ass. Schaaft 2,3,4 Christaniaen, an du hues deng Anarchie!

    Régis: Bei dengem leschten Abschnitt gin ech der Recht – aanersaits kennen och “gudd Erklärungen” oft verblenden, well se eben “eensaiteg” sin. Well heeschen: Et muss och emmer d’Meiglechkeet fir engt zweet Meenung do sin, waat leider oft net de Fall ass (cf. Regierungspropaganda zum Europäeschen Verfassungsvertag)

    Waat ass dann en Plenum eppes aaneschteres wéi en Entscheedungsorgan, an waat ass dann Konsens an engem Plenum aaneschteres wéi en politeschen Kompromess? Douduerch, dass de déi verschiddenen Ebenen hues, hues de awer d’meiglechkeet, entscheedungen vun engem “heicheren” Niveau duerch déi méi niedreg Ebene validéiren ze lossen, bzw. du dreis de Konsens vun ennen emmer weider no uwen. Mee daat heescht, daat deng “Abgeordnete” emmer extrem Thema-kompetent mussen sin (an net emmer déi selwescht!) an eben net “dem seng nues geht mer besser wéi déi aaner”.
    An jo, et ass kloer, daats de net en grousst Gebidd mat “totaler Anarchie” kanns managen, mee do lait et dann un de Leit fir en Modell auszeschaffen, wéi se et wellen maachen. An do gin d’Meiglechkeeten dann vun enger pan-europäescher Anarchie bis hin zu autonomen Klengstgebitter.

    Grommel: Wiesou? Ech hun d’Gefill, daat kreativ Prozesser an Forscherdrang duerch en Herscher eischter gestoppt gin wéi daat se gefördert gin.
    Et muss en ganz kloer ennerscheeden zweschen dem Anarchist an dem Punk oder och nach dem “mir maachen lo alles futti”-autonomen.
    An wiesou an enger anarchistescher Gesellschaft keen Béier méi produzeiert geif gin, muss de mer och nach erklären? (Ech gin ganz kloer vun enger extrem uptesch-optimistescher Menschensiicht aus!) Wann Leit sech responabiliséiren an eng Brauerréi opmaachen, kennen se daat och ouni Chef/Jean-Claude/Grand-Duc iwert hinnen.

  17. Fireball:

    Et deet mer leed, mee eng Gesellschaft ouni Hierarchie iwwerliewt net laang an kënt net wirklech virun. Iwwer kuerz oder laang wärt sech egal wéi eng Hierarchie herausbilden well net all Mënschen gläich sinn. A wann et nemmen d’Motivatioun ass fir Saachen ze man oder ze organiséieren.

    Probéier mol eng Firma mat e puer Tausend Läit ouni Hierarchie opzebauen … ;)

    Deng optimistesch Utopie an allen Eieren, mee sie ass eppes wéi den Kommunismus: theoretesch gudd, mee net emsetzbar.

  18. Intressant, mee wéi komm der grat op Blo-Gréng? Elo mol dovun ofgesinn, dass dat rechneresch zimmlech onrealistesch ass :)

  19. Awer net mat der CSV. Ech si vir eng Ampel. Nom Face a Face vu geschter hätt ech am Fong näischt géint de Meisch als Premier :) Dat war top, virun allem de Schluss.

  20. Woumat dann endlech dat gesot ass, wat néideg wier, fir dass iwwerhaapt +/- nennenswäert Ännerungen zu Lëtzebuerg méiglech sinn: egal wéi eng Faarf den zukünftege Premier stellt, d’CSV muss an d’Oppositioun. Et wier héchstwahrscheinlech och gutt fir si selwer.

  21. @ all
    Also ech well mech dann awer och hei emol äusseren iwwert dësen Post. Ech fannen et éierlech gesoot e besschen Schued, dass verschidden Léit dësen Post an daat sougenannten “falscht Lach” kritt hun. Dat Ganzt ass aus enger Diskussioun am MSN eraus erstaanen an ass och esou ze verstoen. Déi “Ministeren” an aanner Léit vun däer Legislatiounsperiode sinn awer, an dat well ech och hei soen, “meng” Léit. Wann ech déi Lescht kucken, hoffen ech ganz staark, dass déi an zwee Joër an eisen nationalen Daageszeitungen steet. Rechneresch ass et dran a realistesch ass et och! Mir sinn, an dorober sinn ech Stolz, en demokratesch d’Land, ewou den Wieler entscheed, wou hien säin Land gäeren well an e puer Joër gesinn an wéi eng Léit dat solle maachen.
    Jo, den demokrateschen System ass deen bis ewell eenzegen deen sech konnt duerchsetzen. Op elo en anarchisteschen besser ass, wees ech net. Ech perséinlech glewen et net, och wann déi Aart vun Politik och seng Virdeeler huet. Ech, als gudden Demokrat, akzeptéieren awer zu 100 Prozent, all aaner Denkweis an Iwwerleeung. Dofir hoffen ech dann och, dass meng Aussoe zu dësem Thema genee esou akzeptéiert gett ewéi ech äer Meenungen zu dësem secherlech ganz energiegeluedenem Thema akzeptéieren. Et ass och, an daat muss ech awer hei och soen, immens flott, wann een gesäit, dass sech d’Léit trotzdem fir Politik interesséieren an dass se driwwer diskutéieren. A mengen Aan, ass et nemmen esou ewéi mer eist schéint Ländchen awer och Europa an hoffenentlech och d’Welt “besser” maachen. A waat geet et méi Schéines fir no esou engem Debat, deem aaneren d’Hand zeginn an zesummen an dëser Welt weider wellen zeliewen. (a villäischt den sougenannten “Patt” zesummen zedrecken)

    @ Tchup

    Genee! Zumols de Schluss waar top, mee den Häerr Meisch huet awer och “nemmen” Saachen opgezielt, déi kloër gestemmt hun! Fir all déi genannten Saachen haat d’CSV KEEN Mandat vun den Wieler an sie hun et trotzdem gemaach (oder sinn domatter am Gaangen)!

    @ bloGescht

    D’CSV muss an d’Oppositioun, well et net ka sinn, dass an engem demokrateschen Land eng Minorität iwwert eng Majorität herscht. Stechwuert: méi Rechter fir homosexuell Koppel’en , do haat et d’CSV nach just fäerdeg bruecht fir den Koalitiounspartner drun ze erenneren, dass sie géint déi Rechter sinn. D’LSAP war do op enger Linn mat der DP an deenen Grengen! Also eng kloër Majorität, déi vun enger Minorität gestoppt gouf. Dat kann et net ginn!
    Desweideren mierkt een jo momentan ganz gudd, dass d’CSV selwer intern vill Saachen ze klären huet a villäicht e Redémarrage muss maachen. An daat geet am beschten eben wann een sech emol een, zwee Joër “zereckzitt”.

  22. Den Här Meisch huet dat effektiv gudd opgedeckt, wat do ofleeft. Koalitioun hinn oder hier, et kann effektiv net sinn, dass eng Partei alles blockéieren kann, obwuel déi aaner Parteien all dofir sinn. Déi Affär mam “Mandat” ass do secherlech den Teppelchen um “i”. Et kann ee sech jo och d’Fro stellen, op d’LSAP géint d’Konventioun mam Islam stellt, just well se kee Mandat dofir huet (Trennung vu Kierch a Stat steet jo an hierem Programm). Oder op mer bei all Renten-Thema oofwarden bis den ADR en “Mandat” huet, fir eng Decisioun ze treffen. Dat ass jo de Gipfel vun der Lächerlechkeet.

    D’Fro ass just, passéiert elo eppes, nodeems mer dat registréiert hunn? Kennt vun deenen aaneren 4 Parteien eppes no, oder schlécken se der CSV hiert Muechtwuert? Et därf ee jo net vergiessen, dass d’LSAP trotzallem wahrscheinlech dozou tendéiert d’Koalitioun weiderzeféieren, well et jo net just gesellschaftspolitesch Themen ginn. Dobäi kennt, dass sech ‘DP an d’LSAP messtrauen, well se sech géigensäiteg stänneg ennerstellen, at any costs mat der CSV an d’Bett ze hopsen. Lo wou et och mat Schwaarz-Gréng rechneresch duergeet, get dee Probleem wuel net méi einfach.

  23. tchup: ech hunn et opgeholl an nach net gekuckt, man dat mengen ech muer. sinn gespaant. de meisch ass net schlecht, de biltgen par conter eng piisch.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *