Onbeschreiwlech schlecht

Kann Westlife eigentlech soss nach eppes wéi d’Leit mat onwahrscheinlech grauenhafte Coverversiounen vun absolut gäile Lidder quälen? Do traus de dech jo mol net méi de Radio unzemaachen. An ech hat gemengt hiere Cover vu Mandy wier schlecht.

[Fir déi Leit déi et nach net héiren hunn: hier neiste Single heescht “Home” an ass e Verbriechen un der Originalversioun vum Michael Bublé. Domatter géing ech emol net mäi Noper quälen, an deen hätt Grausames verdéngt.]

8 thoughts on “Onbeschreiwlech schlecht”

  1. Nee dat kann een dach net maachen!!!!! Mee ech sinn sowisou zanter der Affaire “You Raise Me Up” dofir dass déi näischt méi dierften ob den Marché brengen! Esou eppes misst och gewielt ginn ;) :D

  2. Bei “You raise me up” ass deng léiwste Versioun awer och nemmen ee Cover wou d’Hallschent vum Lidd feelt. :P
    Ech sinn awer och dofir dass iwwer sou eppes ofgestemmt ginn vu Leit déi eppes vu Musék kennen ier sou eppes op de Marché geschmass gett. Si hunn et jo och gottseidank net op d’Nummer 1 geschafft.

  3. Keng Ahnung. Wann et eppes gett wou ech näischt matkréien, ass et d’Mandy. ;)

    Claude du Glécklechen!

  4. Ech fannen de Michael Bublé op kee Fall besser wéi Westlife. An ech hunn déi zwee Lidder na nie héiren, a muss et o net.

    Dëse Kommentar gëtt iech presentéiert vum Snob am Chris.

  5. @ Thierry
    Déi Diskussioun haate mir jo schons hei am Blog (am Februar mengen ech) dofir loosen ech dat elo mol hei sinn! ;)

    @ Claude

    Meng Félicitatiounen! Du bass ewuel nach een vun deenen wéinegen deen dat kann behaapten! :) Ech kann et leider och net méi soen :(

  6. Ass daat sou eppes wei Jongfralechkeet?
    – “Bass du nach Westlife Jongfra?”
    – “Nee”
    – “Wou ass et dann geschitt?”
    – “Op enger Privat Party”

    :D

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *